Search

You may also like

Chantier um Echangeur Hamm op der A1
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Hamm op der A1

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vu Freideg den Owend 20 Auer

Junior Project Awards 2021 – Kreativ, solidaresch an nohalteg Iddie gi belount
Neiegkeeten

Junior Project Awards 2021 – Kreativ, solidaresch an nohalteg Iddie gi belount

En Dënschdeg, de 6. Juli sinn d’Junior Project Awards vun

D‘Wirtschaft erhëlt sech
Neiegkeeten

D‘Wirtschaft erhëlt sech

Datt d‘Pandemiejoer 2020 ee wirtschaftlecht Desaster war, och wann et

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn

Et soll ee Joer vun de Perspektive ginn

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn

Den 8. Januar huet de Schëfflenger Gemengerot zur traditioneller Neijoerschreceptioun fir all seng Mataarbechter agelueden. Eng Geleeënheet fir zréckzeblécken, op dat wat een zesummen erreecht huet, an wat engem alles esou un Erausfuerderungen am neie Joer entgéint komme wäert.

Fir de Buergermeeschter Paul Weimerskirch (CSV) war 2018 e „gutt“ Joer. Villes wier un d‘Rulle komm, an d‘Zuel vun den Awunner geet weider an d‘Luucht. Hien ass sech bewosst, datt och wa Schëffleng un Attraktivitéit gewënnt, et och där Saache ginn huet, déi net esou „ronn“ gelaf sinn wéi een sech dat erhofft huet. Dat ass éierlech, a schmählert déi gutt Bilanz vun allen net.

Dat kuerz festgestallt, konnt de Paul Weimerskirch de Bléck an d‘Zukunft riichten. Déi huet schonn ugefaangen, an d‘Perspektiven si villverspriechend. Och oder grad, well sech de Buergermeeschter op eng engagéiert Equipp verloosse kann. 2019 bréngt dann och eng Rei Changementer mat sech: de Gemengenatelier an ee puer Servicer solle reorganiséiert ginn. Klengt gutt, ass et och.

Während déi nei „Receptioun“ lues awer sécher Fahrt ophëlt, soll et de „Service fir d‘Bierger an d‘Kommunikatioun“ ginn. E gutt Iddi, wann ee bedenkt datt Schëffleng an tëscht 11.188 Awunner aus iwwer 150 Natiounen zielt. Déi stinn dann och zu hirer Stad, an ëmmer méi friemlännesch Awunner sinn un der Lëtzebuerger Nationalitéit interesséiert. Dat ass remarkabel a luewenswäert.

Schëffleng

© Martine de Lagardère/moien.lu

Schëffleng, eng oppe Gesellschaft, wou den Zesummenhalt grouss geschriwwe gëtt an déi sozial Kohäsioun e wichtege Kritär ass. Méiglech maachen dat nieft de Gemengenaarbechter a -Beamten och d‘Veräiner. Zu Schëffleng ass een ëmmer an der Mëtt vun der Gesellschaft, an dat gëllt wéi et sech gehéiert, och fir déi 30 Flüchtlingen déi d‘Gemeng opgeholl huet an déi si sech këmmert.

Fir Langweil ass keng Zäit: Schëffleng ass de „Centre de Promesses“ vum Télévie, an heizou gëtt et eng helle Wull u Projeten, Aktiounen an esouguer en Theaterstéck. Déi bestoend Jumelage sollen ausgebaut ginn, de Boulodrom erneiert, den Accès zum Zentrum verbessert an och déi erseente Vëlospist, déi laanscht de Tracé vun der Eisebunn verleeft, soll endlech fäerdeggestallt ginn.

Mam „Leuchtturmprojet“ soll d‘Bildung verbessert ginn, d‘Schoule mussen sech veränneren, an och eng besser Kannerbetreiung soll zu Schëffleng séchergestallt ginn. De Kanner d‘Prioritéit ginn ass kee Luxus. Datt d‘Chantieren den Ament nach „ustrengend“ sinn, ass gewosst, mee si suergen, eng Kéier ofgeschloss fir méi Liewensqualitéit. Et geet an der Saach jo ëm d‘Wuel vun de Leit.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Bildung, Integratioun, Paul Weimerskirch, Schëffleng, Wuesstem, Zukunftsperspektiven
Next post Previous post