Search

You may also like

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?
International Neiegkeeten

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?

Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz

Start fräi fir den Tresterkompostéirungsprojet CO2MPOSiTiv
International Neiegkeeten

Start fräi fir den Tresterkompostéirungsprojet CO2MPOSiTiv

D‘Bio-Wënzer aus Schengen an den ëmleiende Gemengen, starten zesumme mat

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
International Neiegkeeten

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

Neikaledonien bleift franséischen Territoire

Och beim zweete Referendum hunn sech d‘Neikaledonier fir déi franséisch Nationalitéit entscheet

Neikaledonien bleift franséischen Territoire

D‘Separatisten hunn sech no 2018 och 2020 net duerchgesat kritt. Déi stëmmberechtegt Bierger vun dësem 24.000 Quadratkilometer groussen Archipel am Koralle-Mier (Südpazifik) hunn sech mat 53,3% fir d‘Zougehéieregkeet zu Frankräich entscheet. Dat ass bei wäitem net méi esou däitlech wéi nach virun 2 Joer. 86% vun de g 180.000 Wahlberechtegten hunn um Referendum Deelgeholl.

Neikaledonien

Den Archipel ass 16.500 Kilometer wäit vu Paräis ewech, war 1853 vu Frankräich „iwwerholl“ ginn a gouf deemools als Stroflager genotzt. Haut liewen an Neikaledonien virun allem Nofuere vun de Kolonialisten a vill Zouwanderer aus den anere Pazifikstaaten. D‘Urawunner sinn d‘Kanaken a si maache ronn 40% vun der Gesamtbevëlkerung aus. Si streide säit Dezenie fir d‘Onofhängegkeet.

Hir Hoffnunge mussen d‘Kanaken (dat heescht „Mënsch“ op lëtzebuergesch NvdR) awer elo net begruewen. Entspriechend den Accorde mat Paräis, wier et hinne méiglech 2022 nach emol esou ee Referendum ofzehalen. Mee fir den Ament bleiwen d‘Kanake Fransousen an Neikaledonien een Territoire „Outre Mer“. Am Elysée war een dann och gëschter Owend éischter gutt gelaunt.

Neikaledonien

Den Emmanuel Macron huet erfreet festgestallt: „Et ass en Zeeche vum Vertrauen an d‘Republik“. Hien hat awer och ee frëndlecht Wuert fir d‘Separatisten, déi hien opgeruff huet, sech oppen un der Zukunft vun Neikaledonien ze bedeelegen. Net manner Erfreet iwwert de Verbleif vum Archipel an der Republik: déi rietspopulistesch Cheffin vum Rassemblement National, Marine Le Pen.

Ob een elo 53,3% (géinteniwwer de 57% vun 2018) als eng kloer oder eng knapp Majoritéit wëll gesinn, dierft wuel vum Standpunkt ofhänken. Géintiwwer 2018 awer weist et eis, datt dës kéier wesentlech besser mobiliséiert konnt ginn. 2018 haten nach 80% vun de Wahlberechtegten um Referendum deel geholl, dës kéier waren et 86%, an datt koum de Separatiste wuel eppes entgéint.

Neikaledonien

Si konnte vill Stëmmen a Gemenge gewannen, déi nach virun zwee Joer majoritär „pro Paräis“ gestëmmt haten. D‘Kanake betruechten d‘Fransousen nach ëmmer als Kolonialmuecht a wëllen net méi gegängelt ginn. Dobäi huet déi franséisch Regierung an de leschten drësseg Joer vill vun de Kompetenzen un déi regional Autoritéiten ofginn, esou bei de Steieren an dem Aarbechtsrecht.

Mee de Wonsch no Onofhängegkeet ass a gewësser Mooss och eng sozial Fro. Esou ass et net vun der Hand ze weisen, datt d‘Kanaken, déi an de Norde vum Archipel verdrängt goufen, bis haut nach net wierklech vu Gläichberechtegung schwätze kënnen. Si sinn déi „aarm Bevëlkerung“ a ginn och sozial kloer benodeelegt. Dat mat: „Liberté, Egalité, Fraternité“ schéngt net fir si gemënzt ze sinn.

mat indymedia/num/par

Foto: Et war schonn den zweete Referendum fir d‘Onofhängegkeet vun Neikaledonien an och dës Kéier ass et sech net opgaangen. 2022 soll et en drëtten Ulaf ginn. Fir de Moment jiddefalls bleift den Archipel franséisch. © Support International Kanaky

Related topics Frankräich, Kanaken, Kanaky, Neikaledonien, Referendum
Next post Previous post