Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: Wann de Bam d’Läpper hänke léisst
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Wann de Bam d’Läpper hänke léisst

E Käschtebam beim nationale Sproocheninstitut (INL) an der Stad Lëtzebuerg

Vereedegung vu véier Ënneroffizéier
International Neiegkeeten

Vereedegung vu véier Ënneroffizéier

Gëschter huet de Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Militärzentrum, véier

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir
International Neiegkeeten

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir

Kaum datt e gewielt ass, scho gëtt de britesche Premierminister

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den eemolege Gebrauch geduecht ze verbidden. Si wëlle seech esou der Ëmweltverschmotzung – duerch Plastik – erwieren. Eng Moossnam déi gläichermoosse begréisst wéi kritiséiert gëtt.

„Et ass Zäit ginn. De Plastik an Neikaledonien ass eng Plo, et fënnt een es an de Baachen, de Mangroven, de Bëscher, esouguer an der Lagun ass es fonnt ginn“, seet eis d‘Cécilia Royer, Member vun der ekologescher Associatioun „Mocamana“, déi Akafskierf aus Jute hierstellt.

En Donneschdeg huet de Kongress vu Neikaledonien de Text ugeholl. Dee gouf ënnerstëtzt vun den Deputéierte vun „Caledonie Ensemble“ (moderat riets) an den Independantisten. Déi zwou Formatiounen déi dem LR (Les Republicains) zougerechent ginn, hu sech beim Vott enthalen.

E strammen Zäitplang

Vum 1. Juli 2019 un, dierfen un de Keese vun de Geschäfter keng Akafstute méi verdeelt ginn, déi net „biologesch“ sinn. Dat selwecht gëllt fir Akafskierf aus Plastik, och wann déi weiderbenotzt kënne ginn.

Ab dem 1. September sinn et dann d‘Becheren, Glieser, Taassen, Telleren, Stréihallem oder Ouerestäbercher aus Plastik, déi verbuede ginn. Ab dem 1. Mee 2020 ginn dann och all déi Verpackungsmëttel (Barquetten an Ähnleches) fir den Emballage vu Liewensmëttel verbannt.

Neikaledonien

Neikaledonien, e Paradäis datt vum Plastik an all senge Forme verschandelt gëtt. Deem huet déi lokal Regierung elo mat engem Gesetz de krich erkläert.

„Zéng Joer nodeems eis Lagun an de Patrimoine vun der UNESCO agedroe ginn ass (…) war et héich Zäit ginn, eppes géint déi Plo ze ënnerhuelen, déi de Plastik fir d‘Ëmwelt duerstellt“, heescht et am Communiqué vu „Calédonie Ensemble“.

Den Offall an Zuelen

Laut den Zuelen déi während der Seance virgeluecht goufen, benotzen d‘Awunner (an d‘Touristen) all Joer 60 Millioune Plastikstuten, 40 Millioune Barquetten a 5 Tonne Stréihällem. Neikaledonien läit am Südpazifik, 1.500 Kilometer ëstlech vun Australien. A gëtt als wichtege Standuert vun der weltwäiter Biodiversitéit bezeechent.

D‘Oppositioun (de Rassemblement LR an „les Républicains Calédoniens“) hunn e Gesetz kritiséiert datt an Hetz redigéiert gi wier. Et hätt ee mat dësem Gesetz net berécksiichtegt, datt sech Industrie an Handel op esou Moossname virbereede mussen.

Hir Kritik ass den Echo op den Avis, deen déi lokal Autoritéit fir d‘Konkurrenz am Oktober virgeluecht hat, an de Virschlag enthale war, déi protektionistesch Moossnamen aus dësem Gesetzestext ze sträichen. Dat wier eng „ongerecht, onugepassten an disproportionéiert Entscheedung, déi de fräie Wettbewerb behënnert.

Tatsächlech enthält dëst „anti-Verschmotzung“ Gesetz e Passus, mat deem et e generellt Verbuet gëtt, fir den Import vun Akafstuten déi sech den aktuelle Säck aus Plastik géife substituéieren. D‘Produktioun vun den Akafstute gëtt der lokaler Industrie virbehalen.

mat AFP

Related topics Ëmweltschutz, Gesetz, Neikaledonien, Pastikofall, Plastik
Next post Previous post