Search

You may also like

Luxair lancéiert en Appell un déi lëtzebuergesch Autoritéiten
International Kultur

Luxair lancéiert en Appell un déi lëtzebuergesch Autoritéiten

Well déi sanitär Gesondheetssituatioun sech lues awer sécher verbessert, lackeren

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll
International Kultur

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?
International Kultur

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?

Um internationalen Dag vun der Aarmut, deen op dëse 17.

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op

De legendäre „Folk-Rocker“ aus Kanada, den Neil Young huet seng gesamt Archiven online gestallt. Iwwert en halleft Joerhonnert gesammelt Material ass elo der ganzer Welt zougänglech. En eenzegaartege Geste fir e Kaliber a sengem Genre.

Net ze vergiessen, datt säin neien Album, deen elo erauskomm ass an den US-President „liicht“ op den Aarm hëlt, ënnersträicht datt de Museker nach Loscht op méi huet.

Mat 72 Joer also, huet den Neil Young dësen 1.Dezember all seng Alben online gestallt, déi do am Streaming kënne gelauschtert ginn. Se gi begleet vu Videoen, Gespréicher, Informatiounen zu sengen Tournéeën an och bibliographesche Referenzen. Natierlech gëtt et och nach ee ganze Batz Weideres ze entdecken. Un fir sech ass de Site eng grouss „Wullkëscht“ an dat ass och e bësschen Absicht.

De Fan misst awer hei säi Gléck fannen a fir deem eng Chance ze ginn, sech am „Gewulls“ erëmzefannen, huet de „Rocker“ en 10minutege Video bäigeprafft, an deem erkläert gëtt, wéi een duerch d‘Archive surft.

Fir den „Event“ ze markéieren huet den Neil Young dann e Freideg nach e Solo-Concert ginn. Dee war Live am Internet ze gesinn an ass aus engem klenge Sall (225 Plazen – Ausverkaf) vun Omemee, eng ländlech Stad am Ontario, wou de Museker en deel vu senger Jugend verbruecht huet.

Gratis bis Juni 2018

De Kanadier gesäit säin Internetsite als echten „Fonds Neil Young“, eng High-Tech-Versioun vun den Archiven déi Museker oder aner Artisten enger Universitéit oder engem Musée zur Verfügung gestallt hunn. Den Neil Young huet dann och versprach de Site aktualiséiert ze halen, nodeems hie Jore gebraucht huet deen esou hinzekréien.

Geld ass net alles, mee ouni geet et néirewou. Wéi och ëmmer, den Zougang zum Internetsite ass a bleift gratis bis zum 30. Juni 2018. Den Neil Young huet allerdéngs verséchert, datt et duerno ee ganz „soziale“ Bäitrag kascht, fir sech d‘Archiven unzekucken a Stonne vu Musek ze lauschteren.

De „Folk-Rocker“ deen eng Obsessioun huet: d‘technesch Perfektioun; huet ma OraStream vu Singapur zesummegeschafft, fir déi beschtméiglech Tounqualitéit ze entwéckelen. Dat erkläert dann och firwat d‘Fichieren 20 mol esou „déck“ sinn wéi de Standard „mp3“.

mam Shaun Tandon/AFP

Archivfoto: © Angela Weiss/Getty Images/AFP

Related topics Kultur, Musék, Neil Young
Next post Previous post