Search

You may also like

Nei Plattforme fir de Wäissstorch – elo ka gebréit ginn!
International Kultur

Nei Plattforme fir de Wäissstorch – elo ka gebréit ginn!

Dëse Méindeg huet natur&ëmwelt Beetebuerg-Monnerech-Réiserbann mam Accord vum Centre Ornithologique

D‘Biergerinitiativ Wäisswampech gëtt keng Rou
International Kultur

D‘Biergerinitiativ Wäisswampech gëtt keng Rou

D‘Asbl Biergerinitiativ Gemeng Wäisswampech wëll sech net domadder zefridde ginn,

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?
International Kultur

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

Während d‘Majoritéit vun den Observateuren déi oppositionell „Pheu Thai“ Partei

Wann den Neil Young den US-President op d‘Schëpp hëlt

Wann den Neil Young den US-President op d‘Schëpp hëlt

D‘Joer verginn, mee d‘Flam selwer geet ni aus. Ee vun de ganz groussen aus der Folk-Rock Zeen, de Kanadier Neil Young, huet um Freideg d‘Ukënnegung vun der Sortie vu sengem neien Album, mat engem klenge Message un den Donald Trump verfeinert: „Amerika huet et net néideg datt een him seng Gréisst zréck gëtt“.

De Neil Young ass dann och mat sengen 71 Joer alles anescht ewéi al an erfreet sech, wéi sollt et och anescht sinn, nach ëmmer u gudder Musek. Mat der Grupp „Promise of the Real“ bréngt de Folk-Rocker dësen 1. Dezember säin 39. Album „The Visitor“ an d‘Museksregaler. E gelongent Wierk, dat ee vläicht besonnesch eppes méi jonke sollt dierfen zoumudden.

An den éischten Titel „Already Great“ dierf een dann och als politesche Statement verstoen. Eng kloer Äntwert op dem Donald Trump säin: „Make America Great Again“. Eng rau Gittar, am Hannergrond e Piano… de Neil Young: „Iwwerhaapt, ech si Kanadier an hunn Amerika gären“. Eng Zeil mat där hien déi Fräiheet, déi hien an den USA fonnt hat, éiert.

„Dier sidd scho grouss; dir sidd dat versprachend Land; dir sidd déi ausgestreckten Hand“, esou de Neil Young weider am Text, fir mat engem Chouer ofzeschléissen dat do schwätzt „Wiem seng Stroossen? Eis Stroossen“. E Slogan deen oft ze héiere war, bei de Manifestatioune vum Mouvement „Black Lives Matter“, déi d‘Policegewalt géint déi Schwaarz veruerteelt.

Politesch passionéiert

D‘Politik an de Neil Young, dat ass d‘Geschicht vun enger laanger Passioun. Seng Hymn „Rockin‘ in the Free World“ aus dem Joer 1989, huet d‘Politik vum George W. Bush veruerteelt. Eng Hymn déi an Osteuropa beim Zesummefall vum Kommunismus iwwerholl gi war, a ville Leit direkt aus dem Häerz geschwat huet.

Och den aktuelle Locataire aus dem Wäissen Haus hat sech de „Song“ während senger Campagne fir d‘Amt vum US-President zu eege gemaach. Keng wierklech gutt Iddi, well de Neil Young, grad ewéi eng ganz Rei u progressistesche Museker ware richteg „ugepisst“ datt ee rietspopulistesche Kandidat sech hire Wierker ermächtegt huet.

Schwéier beaflosst vum Neil Young, gëtt „Promise of the Real“ vum Gittarist a Sänger Lukas Nelson (dat ass de Fils vun der epescher Figur vun der Country Musek Willie Nelson NvdR) geleet. De Lukas an de Neil hate schonn 2015 um Album „The Monsanto Years“ zesummegeschafft. Den iwwerzeegten Ekologist hat domatter de Gigant vun der agrochemescher Industrie virgefouert.

D‘Enn 2017 ass awer dann och generell ee produktive Liewensofschnëtt fir de Neil Young. Deen hat eréischt am September säin 1976 enregistréierten Album „Hitchhiker“ virgestallt. Eent vun de Wierker dat ni wierklech offiziell virgestallt gi war, och wann sech dat eent oder anert Lidd op aneren Alben dem Public ugebueden huet.

Foto: De Neil Young (hei bei enger Konferenz de 16. September, beim „Farm Aid“ Event zu Burgettstown, Pennsylvania) huet sech mat senger Lidder scho mat Monsanto ugeluecht. Mat „The Visitor“ zitt hien sech den Donald Trump op d‘Long. © Matt Kincaid/Getty Images/AFP

Related topics Donald Trump, Hitchhiker, Lukas Nelson, Monsanto, Neil Young, Promise of the Real, The Visitor
Next post Previous post