Search

You may also like

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!
Kultur Neiegkeeten

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!

Fräi nom Motto „Direkt handelen!“ fuerderen déi jonk Piraten d’Regierung

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen
Kultur Neiegkeeten

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen

Virun net ganzer dräi Méint hat et zu Senneng am

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
Kultur Neiegkeeten

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

Neistart Lëtzebuerg – Kultur: Iwwer 220 Institutioune, Kënschtler a Projeten goufen ënnerstëtzt

Neistart Lëtzebuerg – Kultur: Iwwer 220 Institutioune, Kënschtler a Projeten goufen ënnerstëtzt

Gëschter huet d’Kulturministesch Sam Tanson déi nei Hëllefen zur Ënnerstëtzung vun neie Kreatioune vum Kulturministère virgestallt. Als éischt gouf awer emol de Bilan vum Programm “Neistart Lëtzebuerg – Kultur“, deen zur Ënnerstëtzung vum Kultursecteur duerch COVID-19-Pandemie am Joer 2020 agefouert gouf, presentéiert.

Dobäi huet d’Ministesch ënnerstrach, datt d’Pandemie d’Vulnerabilitéit vum Kultursecteur verschäerft huet. „Duerch de Programm Neistart konnte mir eng nohalteg Ënnerstëtzung aféieren, déi d’Bedierfnesser vum Secteur kuerzfristeg deckt an gläichzäiteg Perspektive fir d’Zukunft bitt.“

De Programm gouf mat 5 Milliounen Euro dotéiert. Nodeems en den 27. Mee 2020 lancéiert gouf, hunn seng 12 Moossname méi wéi 220 institutionell a privat Beneficiairë begënschtegt.

Neistart Lëtzebuerg Kultur
Bilan vum Kulturministère

Subventiounen zur Ënnerstëtzung vu Kreatiounen, der Entwécklung a Weiderbildung

Agefouert duerch dat geännert Gesetz am Joer 2014, wat sech virun allem op d’Fërderung vu Kreatioune bezitt, ënnerleie Subventiounen zur Fërderung vu Kreatiounen, Entwécklung a Weiderbildung enger Aktualiséierung. Elo passe si sech méi un. De Wee zu enger Reform vum Subventiounssystem gouf fräigemaach, nodeems am leschte Joer, den 2. Juni 2020 fir en neie Gesetzesentworf gestëmmt gouf.

Déi nei Ziler heibäi sinn d’Recherchéieren, d’Kreatioun an d’Entwécklung ze fërderen andeems Auteuren a Kënschtler déi noutwenneg Ressourcë fir d’Schafung vu Kreatioune kréien. Dës sollen och d’Duerchféierung vun Aktivitéiten an Zesummenhang mat hirem kënschtleresche Prozess wärend hirer Karriär erméiglechen.

Auteuren a Kënschtler sollen och d’Méiglechkeet hunn, duerch d’Erfuerschung vun ënnerschiddlechen Ressourcen an Technologien zur Entwécklung vun hirem Fachgebitt bäizedroen. Dës weidere solle kreativ Aktivitéiten erméiglecht ginn, déi zur Produktioun an dem Verkaf féieren.

Zur selwechter Zäit ginn administrativ Demarchë vereinfacht – an Zukunft sinn dës elektronesch. Dobäi ginn déi verlaangten Akte vun den Demandeuren reduzéiert, d’Ufroe sinn op zwou pro Kalennerjoer limitéiert a mussen am Aklang mat op d’mannst enge vun den dräi Soumissiounsfristen agefouert ginn. Dës ginn jäerlech vum Kulturministère verëffentlecht.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jo Kox, Kulturministère; Sam Tanson, Kulturministesch © MCULT

Related topics Beneficiairen, Finanziell Ënnerstëtzung, Konscht, Kultur, Musek, Neistart Lëtzebuerg, Pandemie, Sam Tanson, Subventioun
Next post Previous post