Search

You may also like

money
ArcelorMittal hält d‘Stolproduktioun un
Neiegkeeten

ArcelorMittal hält d‘Stolproduktioun un

Säit gëschter huet den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal seng Produktioun lues

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner
Neiegkeeten

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Fir eppes méi wéi 90 Minutte ware Millioune vun Amerikaner

An der nächster Saison trainéiert de Marco Rose Dortmund
Neiegkeeten

An der nächster Saison trainéiert de Marco Rose Dortmund

Dës Informatioun houng wochelaang an der Loft, elo gouf et

Haut kréie mir en neit Covid19-Gesetz

Ouverture vun de Restauranten a Bistroe bis 22 Auer, Spärstonn eréischt ab 23 Auer a méi Leit um selwechten Dësch… an awer ass d‘Oppositioun onzefridden

Haut kréie mir en neit Covid19-Gesetz

An der Chamber bereeden sech déi Deputéiert op ee „vegetareschen Debat“ an, well egal aus wéi engem Bléckwénkel een et ugeet, de Gesetzprojet 7820 ass weder Fësch nach Schwéngefleesch. Schonn aus dem Avis vun der Staatsbeamtekummer vum leschte Méindeg, war dat genee esou ze enthuelen. D‘CSV-Fraktioun huet hirersäits d‘Zoustëmmung un d‘Akzeptanz vun enger Motioun gebonnen… wärend den ADR engem däitsche Mediekonzern schonn den „Nee“ verséchert huet.

Als Invité vum privat-ëffentlechrechtleche Radio, huet de Roy Reding och dës x-te Versioun vum Covid19-Gesetz an gewinnter Form zerrappt. Op der Internetsäit säit vun der Partei heescht et:

„Déi aktuell Covid19-Politik vun der Regierung ass en Total-Versoen, chaotesch an ouni Logik. Esou huet den Deputéierte Roy Reding, dat neit Covid19-Gesetz haut um Radio kommentéiert. Fir d’Schnelltester nëmmen am Horeca-Beräich anzesetzen ass Quatsch, dofir hätt d’ADR déi Test-Flicht ganz ewechgelooss. Schaarf Kritik och un der Ausgangsspär an och am Sport wieren déi nei Reegelen net koherent. Firwat eng Limite vun 150 Leit? Dat misst einfach proportionell zur Surface gekuckt ginn. An der Affär vum EX-Vizepremier Felix Braz, seet de Roy Reding, datt hei e Kranken aus der Regierung erausgehäit ginn ass, dat wier moralesch alles anescht wéi an der Rei.“

Mee och bei déi lénk an de Piraten, dierft een nees Problemer hunn, engem Gesetz dat weiderhin esou voller Widderspréch, Inkohärenzen a juristesch fräi interpretéierbare Passagen ass, haut hei zouzestëmmen. Dobäi huet et awer eng ganz Rëtsch u vermeintleche Verbesserungen, wéi et op der Internetsäit vun der Chamber am beschte franséisch erkläert gëtt. Trotzdeem dierft de Rapporter, Mars Di Bartolomeo (LSAP) sech net vum Wee ofbrénge loossen, an d‘Koalitioun ass jo derfir…

Illustratioun: © Simon Caban / unsplash

Related topics Bistro, Covid19-Gesetz, Oppositioun, Privatsphär, Restaurant, Spärstonn
Next post Previous post