Search

You may also like

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober
Neiegkeeten

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober

Den EuroBirdwatch Day (Internationalen Dag vum Vullenzuch) gëtt zënter 26

Editorial: Zäit fir nei Erausfuerderungen
Neiegkeeten

Editorial: Zäit fir nei Erausfuerderungen

No engem Véierelsjoerhonnert wiesselt d‘Journalistin Ines Kurschat d‘Säiten. 25 Joer

London gesäit en amerikaneschen Enthusiasmus fir e Fräihandelsaccord
Neiegkeeten

London gesäit en amerikaneschen Enthusiasmus fir e Fräihandelsaccord

Wann een dem neie briteschen Ausseminister Jeremy Hunt gutt nogelauschtert

COPAS rose mam neie Covid19-Gesetz

COPAS rose mam neie Covid19-Gesetz

Déi der kathoulescher Kierch nostoend Organisatioun COPAS, ass deels och esou eppes wéi de Beruffsverband vun den Alters- a Fleegeheemer, firwat si en Avis zu Gesetzer kann ofginn. Dat betrëfft dann esou och de Gesetzprojet 7836, zur Erneierung vum Covid19-Gesetz.

A sengem Avis beklot dem Marc Fischbach seng Organisatioun, datt d‘Déngschtleeschter mam Text wäerte Problemer kréien. Dat betrëfft aus hirer Siicht esouwuel d‘Testflicht fir d‘Personal, déi sech vun därer vum externe Personal an de Visiteure géif ënnerscheeden. Si geséichen et léiwer, wa fir jiddereen déi selwecht Konditioune gëlle géifen.

Och bezunn op de Schutz vun der Privatsphär vum Personal, huet et anscheinend Suergen. Esou gëtt reklaméiert, datt d‘Mataarbechter gezwonge wieren dem Employeur de Zertifikat vun der Impfung virzeleeën, wa se géife refuséieren den Test ze maachen. Mécht de Salarié béides net da kann de Patron hie vu senger Tâche entbannen.

Dogéint huet bei der COPAS keen en direkten Awand, mee wëll esou eppes mat finanzielle Käschte verbonnen ass, wëll ee jo dës Persoun – zumindest temporär – misst ersetzen. Hei gëtt gefuerdert, datt de Staat da sollt fir dës Ausgaben (de Fall gesat et fënnt een Ersatz) opkommen. Eng interessant Fuerderung fir ee konventionéierte Secteur.

Illustratioun: © Oziel Gomez / unsplash

Related topics Avis, Copas, Gesetzprojet 7836, kathoulesch Kierch, Marc Fischbach
Next post Previous post