Search

You may also like

money
Wirtschaftsminister sicht Kreativ Käpp
International Neiegkeeten

Wirtschaftsminister sicht Kreativ Käpp

Elo wou gekläert ass, datt d‘Start-up Entreprisen déi Hëllef sollen

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn
International Neiegkeeten

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn

Biergerrechter, Pressefräiheet, sexuell Ausriichtung… an natierlech d‘Noutstandsgesetz, datt dem Viktor

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!
International Neiegkeeten

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

De klengste Wal, och Schwéngswal oder Vaquita genannt, steet mat

Neit Konfliktpotential a Libyen

Nordafrika: De Generol, säi Pëtrol an den Usproch op d‘Muecht

Neit Konfliktpotential a Libyen

Déi international Gemeinschaft hat sengerzäit eng wichteg Entscheedung getraff, a Libyen an de Chaos gebommt. Déi selwecht Gemeinschaft fäert, datt elo wou e Generol op Tripolis marschéiert, an hir Marionette vun der „Regierung vun der Eenheet“ bedreet, et nees zum Konflikt kënnt.

An esou wäert et wuel sinn, well de Generol Chalifa Haftar, dat ass keen där gemitterlecher een, wéi een un der „Eruewerung“ vun enger Rei Uelegquelle konnt feststellen. Hien deen de „Chef“ vun der „libescher Nationalarméi“ am Oste vum Land ass, soll – esou zumindest suggeréiert et eng am Internet verëffentlecht Tounopnam – seng Männer den Uerder ginn hunn Tripolis anzehuelen.

Hei ass da rieds vun engem victoriéise Marsch vun den Zaldoten, déi den Optrag erhalen hunn „de Buedem ënnert de Féiss vun den onrechtméissege Massen ze rippen“. Elo geet et net duer wéi blöd ronderëm sech ze schéisse fir d‘Kontroll iwwert d‘Iwwerreschter vun de libescher Haaptstad ze erhalen, et muss ee mëttelfristeg denken, an d‘Vollek vun de gudden Absichten iwwerzeegen.

An dësem Sënn huet de Generol senge Männer den uerder ginn „friddlech“ – awer natierlech bis op d‘Zänn bewaffent – friddlech an Tripolis anzemarschéieren. „Et sollen nëmmen déi erschoss ginn, déi d‘Ongerechtegkeet sichen, et op d‘Konfrontatioun ukomme loossen an de Kampf fuerderen“, esou de Generol, deen nach betount datt jiddereen deen de wäisse Fändel eraushänkt sécher ass.

Seng Zaldote sollen zudeem net op „Ziviliste“ schéissen. Bei der „Eruewerung“ vun der 50 Km vun der Haaptstad ofgeleeëner Stad Gharjan schéngt dat scho gutt Resultater bruecht ze hunn. Hei war de Widderstand séier gebrach. Wann dat an dësem Rhythmus esou weider geet, sollt Tripolis nach an den nächsten Deeg, entweder dem Generol gehéieren, oder Libyen huet nees e Biergerkrich.

Dat eegent Hiem ass engem ëmmer am nächsten

De Chalifa Belqasim Haftar war ënnert dem Muammar al-Qaddafi de féierenden Offizéier am Konflikt tëscht Libyen an dem Tschad (80er) an eigentlech ee vun de „Vertraute“ vum Beduin. Woubäi dat an dëse Kulturkreesser net dierf iwwerbewäert ginn. 2011 huet hien de Changement gesi kommen, an sech ouni ze zécken um Stuerz vum „gehaassten Diktator“ aktiv bedeelegt.

2014 hat de Generol schonn e Versuch ënnerholl d‘Land ënner seng Kontroll ze bréngen. Am mee vun dësem Joer haten seng Zaldoten d‘Parlamentsgebai besat an deen – no westlecher Zäitrechnung – 2. Biergerkrich ausgeléist. Libyen als Ganzes war him do nach net versprach, an zanter 2017 huet hien sech den Oste vum Land geséchert. D‘Ergräife vun Uelegquelle séchert d‘Finanzéierung…

Libyen

Datt et esouwäit komme konnt, huet mat der Militärinterventioun vun der NATO ze dinn – dëser Militärallianz déi grad hire 70 Jubiläum feiert – déi wuel vu Washington initiéiert ginn ass, am Februar 2011 awer Libyen an den absolute Chaos gestierzt a gebommt huet. Et natierlech nëmmen ëm den Erhalt vun de Mënscherechter an dem Opbau vun Demokratie no US-Muster gaangen.

D‘NATO, oder zumindest d‘Strëppenzéier, hunn sech hir Marionett an der Persoun vum Fayez al-Sarraj ausgewielt, dësen eng Regierung vun der Eenheet bilde gelooss, dat ganzt finanzéiert a vun der internationaler Gemeinschaft unerkenne gedoen. Hei war vun Ufank un kloer ze erkennen, datt déi Regierung Libyen net géif op de Wee vum friddlechen zesummeliewe féieren.

A wat maachen se op der UNO? Se „bedaueren“, wéi ëmmer…

Elo huet de Generol och esou seng Alliéiert an Ënnerstëtzer: Egypten (dat ass den direkten Noper an Kairo ka kee Konflikt u senger Grenz gebrauchen); déi Vereenegt Emirater (UAE) an, wéinst dem Afloss vun der NATO op d‘Marionette-Regierung, natierlech och Russland. Et war esou gesinn dann och einfach, bannent e puer Méint d‘Kontroll bis un déi algeresch Grenz auszebauen.

Natierlech muss een d‘Awänn vun der internationaler Gemeinschaft verstoen, nodeems sech nach am Februar, de Generol Chalifa Haftar an d‘Marionett Fayez al-Sarraj, zu Abu Dhabi zu „fräie“ Wahle bekannt haten. Dozou wäert elo wuel net méi kommen, och dann net, wann sech d‘NATO nach eng Kéier zu engem Agräife géif entscheeden. Bomme brénge keng Demokratie ervir…

An et ass interessant dierfen ze gesinn, wéi et grad déi Länner a politesch Dirigente sinn, déi alles gemaach hunn fir genee dës Situatioun erbäizeféieren, elo jéimeren a besuergte Gesiichter maachen. Washington a seng Kniecht hu virun enger Eskalatioun gewarnt a mat Konsequenze gedreet. Dat ass däitlech, a sollt net den Antonio Guterres beonrouegen, mee an éischter Linn d‘Bierger vun Tripolis.

Dem UN-Generalsekretär bleift awer nëmmen Twitter: „Nëmmen en inlänneschen Dialog kann déi libesch Problemer (déi d‘NATO geschafen huet) léisen“. Hien huet awer och d‘Konfliktparteien zur Rou gemahnt. „Ënnert dësen Ëmstänn kann et keng national Friddenskonferenz ginn“, esou den Antonio Guterres. Zu Washington hunn d‘Auteure vum libesche Chaos och eppes ze soe gehat.

An enger gemeinsamer Erklärung hunn D‘USA, Frankräich, Groussbritannien, Italien an d‘UAE matgedeelt: „Ons Regierunge sinn géint all militäresch Aktioun a Libyen a wäerten all Fraktioun zur Rechenschaft zéien, déi e weidere Konflikt ervirrifft“. Dat ass sécherlech net den Toun deen dëse Grupp beim Generol sollt uwennen, mee de Grupp huet och finanziell Interessen um Konflikt.

mat indymedia/was/bru/cag

Foto: De Chalifa Belqasim Haftar, Generol a fréiere Vertraute vum Muammar al-Qaddafi, well sech Libyen ënnert de Nol rappen. Russland fënnt dat gutt, d‘USA dreeë mat Konsequenzen, am Europa léisst d‘Fransouse fir sech schwätzen… © APA

Related topics Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Libyen, NATO, UNO
Next post Previous post