Covid19-Test soll nëmmen nach 24 Stonne gülteg sinn

Am Kontext vum Pressebriefing gëschter am Biergerzenter, ass et nieft de villen Aktualitéiten och nees ëm de Covid19 gaangen. Hei méi Prezis ëm d‘Tester, déi jo vun den Ongeimpfte benéidegt ginn, fir beispillsweis iwwerhaapt dierfe schaffen ze goen.

Zu Zäite vu de Chrëschtmäert mat CovidCheck-Regimm an enger Reprise vun der sanitärer Kris, dierft d‘Politik an éischter Linn hir Efforten op d‘Verhënnerung vu wäitreechende Mesure konzentréieren. Wa gewosst ass, datt iwwert den éischte Weekend eleng um Stater Chrëschtmaart 117.000 Mënsche gezielt goufen, sollt ee Versteesdemech fir d‘Suerge vun der Buergermeeschtesch hunn. Datt also besonnesch dës Veranstaltung ënner Observatioun steet, kann een novollzéien.

D‘Lydie Polfer huet dann och notéiert, datt bei den „Noperen“ méi strikt Moossnamen a Kraaft sinn an d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt dat bei eis net muss ugewannt ginn. An et ass richteg, datt eis däitsch Frënn scho verschiddentlech de Chrëschtmaart zougemaach kruten. Et ass also net fir d‘Ae viru gewësse Realitéiten ze verschléissen, besonnesch jo och echt falsch Zertifikater an der Géigend hiert Onwiesen dreiwen. Mee an der Stad sinn se fir bal al Eventualitéit gerëscht.

Elo ass de Stater Chrëschtmaart op véier Plaze verdeelt, wat natierlech en Afloss op d‘Kontroll huet. Laang Schlaangen hu sech de Weekend iwwer op dëse Gebilt. Fir dem eppes entgéint ze kommen, gëtt um Knuedler ee weidere Kontrollpunkt opgestallt, wou d‘Leit sech hire Bracelet siche kënne kommen. Erënner mir nach kuerz drun, dat scho leschte Freideg, d‘Paulette Lenert appelléiert huet, bei groussem Opkomme vu Mënschen dach w.e.g. nees d‘Mask unzedoen.

Wat sech bewäert soll erhale bleiwen

An dësem Kontext wier nach ze betounen, datt d‘Stad Lëtzebuerg un de bëllegen Tester festhält. Si hat jo Bongen erausginn, mat deenen den Test 5 Euro, statt därer 15 ouni Bong, kascht. Dës Bonge sinn nach bis Dezember gülteg an un dëser Agenda soll net gefréckelt ginn. Gläichzäiteg ass jo och direkt nieft dem Test-Zenter (70 Groussgaass) eng Popup-Impfstatioun opgaangen, déi och gutt besicht gëtt, wéi eis nach emol konnt confirméiert ginn. Eigentlech ass alles a beschter Uerdnung…

Wéi „eigentlech“? Ma et huet do Rumeuren, datt sech den Tarif vun den Tester kuerzfristeg eppes kéint erhéijen. Rieds ass vun enger méiglecher Verdueblung béi gläichzäiteger Halbéierung vun der Gëltegkeetsdauer op 24, statt de bis ewell applizéierten 48 Stonnen. Dat fënnt d‘Lydie Polfer net gutt, well dës Tester sinn aktuell dat eenzegt wat et erméiglecht keen auszeschléissen. Mir géifen nach ee Schratt méi wäit goen a behaapten datt den duebelen Tarif, als éischt déi „Kleng“ trëfft.

Mee gutt, déit liberal Politik ass keng Politik fir Mënsche mat klengem Akommes. An alt nees stellt ee sech d‘Fro: „Firwat loossen de Leit de Choix, wann se eigentlech en Impftaux vun 100% erreeche wëllen?“. Zudeem schéngt déi Popup-Impfstatioun an der Groussgaass Succès ze hunn, an zwar därer een, dee bewierkt datt d‘Schlangen onendlech laang ginn. Et muss een elo entweder eng gréisser Plaz fannen, oder ee weideren „Impf-Store“ opmaachen. Dozou méi an den nächsten Deeg.

Dernières nouvelles