Search

You may also like

#VakanzDoheem – De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher
Neiegkeeten

#VakanzDoheem – De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

Wien tropesch Hëtzt gären huet, fillt sech am Päiperleksgaart zu

Wien dierf nach a Lëtzebuerg areesen?
Neiegkeeten

Wien dierf nach a Lëtzebuerg areesen?

De Baussen- an Europaministère informéiert, datt et Upassunge bei de

dislike
Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien
Neiegkeeten

Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien

Solidaritéit mat Katalounien, dat ass keen Dossier fir d’Regierung. Et

Norden: Toperten hunn néng Beem ofgeseet

Norden: Toperten hunn néng Beem ofgeseet

Wat verschidde Leit esou duerch de Kapp geet, ass oftmools net nozevollzéien, firwat d‘Police um Sonndeg huet missen eng Enquête opmaachen.

An der Nuecht vum Freideg op e Samschdeg, huet, esou den Avis vun der Police, een oder méi Individuen, op de Stroossen: Bilschdref-Ënsber a Rued-Rammerech, néng Beem ofgeseet.

D‘Police riicht en Appell un all Mënsch deen eppes op der Plaz kéint gesinn hunn, oder soss iwwert Informatioune verfüügt, déi zur Ermëttlung vun dem oder den Täter féiere kann.

Wien eppes weess oder zu Opklärung ka bäidroen, ass gebueden sech mat der Police ënnert der Nummer 24 49 25 00 an Kontakt ze setzen.

Et ass bedauernswäerter weis net déi éischte Kéier, datt sech d‘Police mat dëser Form vu Vandalismus muss ausenanersetzen. Den oder déi Täter ze ermëttelen ass dann och net einfach.

Related topics Beem, Enquête, Police, Vandalismus, Zeienopruff
Next post Previous post