Search

You may also like

Paräisser Eenzelhandel an Nout
Meenung Neiegkeeten

Paräisser Eenzelhandel an Nout

Zanter gëschter dierfe bei eisen Noperen och déi kleng Geschäfter,

Opgepasst d‘Schoul fänkt nees un!
Meenung Neiegkeeten

Opgepasst d‘Schoul fänkt nees un!

D‘Schoulvakanz geet op en Enn an et muss een wéi

Nei bei Hydre Editions: Fake Fiction vum Filip Markiewicz
Meenung Neiegkeeten

Nei bei Hydre Editions: Fake Fiction vum Filip Markiewicz

Ee bildende Kënschtler geet an den Theater: Ee Joer laang

Nestlé wëll méi Ëmsaz zu Lëtzebuerg maachen (Carte Blanche)

Nestlé wëll méi Ëmsaz zu Lëtzebuerg maachen (Carte Blanche)

Erratum

Entgéint der Behaaptung hei am Artikel huet déi zu Käerjeng usässeg Brasserie Nationale keng kommerziell Liene mat Nestlé Waters Benelux, a mir bedaueren zudéifst, datt dat falsch duergestallt ginn ass. Richteg ass, datt Nestlé zu Lëtzebuerg den Ofsaz nees wëll verbesseren, mee Lodyss ass fest a Lëtzebuerger Hand an dat bleift och esou. Dat gouf eis och ganz offiziell esou bestätegt.

De Schwäizer Konzern, dee sech op der Welt wou e kann „Waasserrechter“ zu laaschte vun den Awunner a Communautéite séchert, an net d‘Renommée huet d‘Mënscherechter oder d‘Natur ze respektéieren, géif nawell gären säin Ëmsaz hei am Land eppes steigeren. „Nestlé Waters“, déi Entitéit am Konzern déi dës Missioun erfëlle soll, versicht et mat enger grénger Offensiv.

Zu Lëtzebuerg mécht Nestlé Waters ronn 15 Milliounen Euro Ëmsaz, dat virun allem mat esou Marke wéi Vittel a San Pelegrino. D‘Venten awer wiere Réckleefeg, an datt et eventuell kéint domadder zesummenhänken, datt si eng fir vill Lëtzebuerger schänterlech Virgoensweis a ville Länner vun der Welt, och a besonnesch an Afrika, un den Dag leeën, ass hei kengem bewosst.

Fir den drolege BEO (Business Executive Officer) Philippe Fardel, dee fir de Verkaf am Benelux zoustänneg ass, muss d‘Mark awer just méi „gréng“ ginn. Gutt 50% vum Waasser zu Lëtzebuerg gëtt a gliese Fläsche verkaf. Glas awer ass deier firwat Nestlé Waters elo op recycléierte Plastik setzt, esou wéi dat scho bei hirer Mark „Valvert“ de Fall wier. Kléngt „interessant“ …

Mee Nestlé Waters vermaart och d‘Mark Lodyss, déi et nëmmen an der gliese Fläsch gëtt, iwwert d‘Nationalbrauerei a wëll esouguer en drëtte Vendeur astellen, fir nees méi vun hirem 30.000 Joer ale Waasser ënnert d‘Leit ze bréngen, an dat méiglechst mat maximalem Profit. Elo huet et de Konsument an der Hand, op hie mat all Fläsch d‘Politik vun Nestlé ënnerstëtze wëll.

Dat eist Krunnewaasser eigentlech gutt genuch ass, an een et sech aus ethesche Grënn zweemol sollt iwwerleeën, iert een zu enger vun der villen Nestlé Marke gräift, misst een eigentlech net méi besonnesch betoune mussen. Zudeem, de Fall gesat et huet ee gutt Grënn Waasser an der Fläsch ze kafen, dierf drop higewise ginn, datt et de Rousperter och a ville Variante gëtt.

Illustratioun: D‘Krunnewaasser zu Lëtzebuerg ass vu beschter Qualitéit, gëtt stänneg kontrolléiert a kascht nëmmen e Brochdeel vun deem wat engem via Marketing deier verkaaft gëtt. Zudeem mécht Krunnewaasser keen Dreck an et muss een et net emol bis heem schleefen. Dofir loosst iech net fir domm verkafen an agéiert vernënfteg. © Jacek Dylag / unsplash

Related topics Brasserie Nationale, Krunnewaasser, Lodyss, Nestlé, Nestlé Waters, Waaser
Next post Previous post