Search

You may also like

D’Virbereedunge fir de Lëtzebuerger Danz- an Theaterpräis lafen!
International Neiegkeeten

D’Virbereedunge fir de Lëtzebuerger Danz- an Theaterpräis lafen!

De 17. September 2021 ass et souwäit: Fir eng éischte

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

Den T-Rex appelléiert un d’Lëtzebuerger Parlament
International Neiegkeeten

Den T-Rex appelléiert un d’Lëtzebuerger Parlament

En 2,5 Meter héijen Tyrannosaurus Rex huet d’Deputéiert um Wee

Et gëtt Saachen dat gleefs de net

Weltwirtschaftsforum Davos: Schwäizer Konzern „Nestlé“ ass fir Klimaschutz ausgezeechent ginn

Et gëtt Saachen dat gleefs de net

Kléngt wéi e Witz an a gewësser Form muss een dat wuel och esou gesinn, woubäi déi Non-Profit Organisatioun „CDP“ dat scho ganz eescht hëlt. Si huet weltwäit iwwer 8.000 Entreprise analyséiert an dovunner géifen 179 Entreprisë bei den agesate Klimaschutzmoossnamen d‘Nout A kréien.

Dat heescht 2% vun den vu CDP gepréiften Entreprisen, hunn et op dës „A-Lëscht“ gepackt, an nieft dem Schwäizer Konzern Nestlé, sinn dann och esou virbildlech Entreprise wéi Bayer (déi bekanntlech Monsanto opkaf hunn a mat Glyphosat Milliarde Profitter generéieren) opgelëscht.

D‘Organisatioun „Carbon Disclosure Project“ behaapt sech bei hirer Analys drop, datt déi vun hir „notéiert Entreprisen“ en duerchgräifend Bewosstsinn fir Klimarisike weisen. Si géifen op erneierbar Energien an CO²-aarm Produktinnovatioune setzen. Wéi och hir Liwwerante ermonteren hir Zäregasemissiounen ze reduzéieren. Kléngt nach ëmmer ganz seriéis oder?

Notéiere mir nach, datt d‘CDP eemol am Joer d‘Daten (op fräiwëlleger Basis) erhieft an unhand dësen Informatiounen zu CO²-Emissiounen a Klimarisike, ëmmer Méindes virum Start vum Weltwirtschaftsforum (WEF) zu Davos verëffentlecht. Dat ass net ze ënnerschätzen.

D‘Organisatioun ass 2000 zu London gegrënnt ginn an huet zum Zweck, datt Entreprisen a Gemengen hir Ëmweltdate verëffentlechen. CDP Global ass wéi gesot eng „Non-Profit“ Organisatioun vum „CDP Worldwide Group“ an „CDP North America Inc“.

Si ginn iwwert Done vun esou respektabele Finanzentreprise wéi JPMorgan Chase, Merryl Lynch oder och Goldman Sachs – fir nëmmen déi ze ernimmen – finanzéiert. Datt et do méiglech Interessekonflikter kéint ginn, wier awer ausgeschloss. De Géigendeel léist sech och net beweisen.

Richteg ass dann awer, datt CDP sech net mat moraleschen oder ethesche Froe beschäftegt, an eenzeg den „operationelle“ Beräich vun den „Notéierten“ Entreprise unhand där hiren Zuele préift. Wie gutt ofschneit, konnt sech zumindest zu Davos de grénge Mäntelchen ëmhänken…

mat indymedia/brn/ber

Illustratioun: inma lesielle /unsplash

Related topics CDP, Davos, Klimaschutz, Nestlé, Weltwirtschaftsforum
Next post Previous post