Search

You may also like

Groussbritannien: Den Dout schwätzt Russesch
International Neiegkeeten

Groussbritannien: Den Dout schwätzt Russesch

Um Freideg huet déi britesch Police eng weider Enquête wéinst

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen
International Neiegkeeten

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen

„Bis haut ginn d‘Landwirt, d‘Wënzer an d‘Gäertner vun der Regierung

Net einfach d‘Séinoutrettung am Mëttelmier

Italienesch Regierung verbitt eegener Küstewaach Zougang zum Hafe vu Lampedusa

Net einfach d‘Séinoutrettung am Mëttelmier

D‘Schëff „Bruno Gregoretti“ vun der italienescher Küstewaach, mat 141 Migrante u Bord – déi deels och vun italienesche Fëscher aus dem Mier opgegraff goufen – dierf net an den Hafe vu Lampedusa alafen. Esou zumindest déi (virleefeg) Entscheedung vum Inneminister Matteo Salvini.

An de Nuecht vum Donneschdeg op de Freideg, hatt d‘Crew vun der Gregoretti d‘Migranten am Mëttelmier opgeholl a sech a Richtung Lampedusa dirigéiert, wéi den italieneschen Inneminister d‘Uerder erausginn huet, d‘Schëff vun der Küstewaach net zu Lampedusa alafen ze loossen. Déi italienesch Regierung huet awer Bréissel ugeruff. Do soll elo gekuckt ginn, wien d‘Migrante wëll.

MëttelmierEsou kuerz nodeems et virun der libescher Küst zu enger Tragedie komm war, kann dem Matteo Salvini seng Entscheedung nëmme politesch motivéiert sinn, op mënschlechem Niveau ass a bleift esou eppes inakzeptabel, och wann hie fir esou Aktioune vu ville Leit gelueft gëtt. Dobäi fuerdere grad d‘UNHCR an d‘OIM vun Europa, sech nees aktiv u Rettungsmissiounen ze bedeelegen.

MëttelmierD‘Schëff vun der italienescher Küstewaach hat 50 Migrante vun engem italienesch Fëscherboot iwwerholl, nodeems si schonn 91 Migranten aus engem Schlauchboot – déi vun tunesesche Fëscher gerett gi waren – u Bord vun der Gregoretti opgeholl haten. D‘Migrante sollen nëmmen dann u Land gelooss ginn, wann et eng schrëftlech Zouso fir d‘Opdeelung an der Unioun gëtt.

mat indymedia/rom

Foto: D‘Bruno Gregoretti vun der italienescher Küstewaach huet 141 Migranten u Bord an dierf elo net méi zu Lampedusa an den Hafen alafen. Esou d‘Entscheedung vum italieneschen Inneminister Matteo Salvini. © Joseph Meo (CC0)

Related topics Bruno Gregoretti, EU-Migratiounspolitik, Küstewaach, Lampedusa, Matteo Salvini, Mëttelmier, Migratioun
Next post Previous post