Search

You may also like

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert
Neiegkeeten

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert

Schoulvakanz an Zäite vum Coronavirus Covid19, dierft den Eltere komesch

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren
Neiegkeeten

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren

Um Mëttwoch sinn d‘Personaldelegatioune vun de Luxguard Standuerter Diddeleng a

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?
Neiegkeeten

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?

Gëschter huet d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

Um Samschdeg huet de Poopst Franziskus déi „dramatesch Sterilitéit“ vun enger EU bedauert, déi wéineg Kanner mécht a senger Jugend net genuch Unhaltspunkte gëtt. Géintiwwer den Idealer déi gréisst vun Europa ausgemaach hunn „huet een der Traditioun de Verrot virgezunn“, insistéiert den argentinesche Pontifex an enger neier Lektioun fir d’EU virun de Participante vun engem Kongress iwwert de chrëschtleche Beitrag zur Zukunft vum europäesche Projet.

„Mat der Ofleenung vun deem wat vun de Pappe koum ass esou d’Zäit vun enger dramatescher Sterilitéit opkomm. Net nëmme well een an Europa net genuch Kanner mécht – an et sinn der ze vill deenen een d’Recht geholl huet op d’Welt ze kommen – mee och well Europa net Amstand war der Jugend déi néideg materiell a kulturell Instrumenter ze iwwerdroen, déi hinnen et géif erlaben d’Zukunft unzegoen“, betount de Poopst Franziskus.

Virun enger Rei vun europäesche Responsabelen, huet de Poopst d’Verantwortung vun de Chrëschten an engem Europa opgeworf, déi aus engem „gewësse laizistesche Viruerteel“ d’Relioun zu enger renger privater a sentimentaler „Saach“ gemaach hätt. Fir de Poopst sinn d’Chrëschten „opgeruff Europa nees eng Séil ze ginn, säi Gewëssen ze erwächen. Net fir de Raum ze besetze, mee d’Prozesser ze encouragéieren déi eng nei Dynamik generéieren“.

D’Chrëschte missten esou d’EU drun erënneren, datt „si net nëmmen en Zesummeschloss vun Zuelen oder Institutiounen ass, mee datt si aus Mënsche gemaach ass. Leider muss ee feststellen, datt ganz oft all Debat sech op eng Diskussioun vun Zuele reduzéiert. Et gëtt keng Bierger, et gëtt Suffragen. Et gëtt keng Migranten, et gëtt Quoten. Et gëtt keng Aarbechter, et gëtt ekonomesch Bilanen. Et gëtt keng Aarm, et gëtt Aarmutsgrenzen“.

Chrëschtlech Wäerter

„De konkrete Charakter vum Mënsch gëtt esou op en abstrakten, méi kamoude Prinzip reduzéiert“, erkläert de Poopst Franziskus. Hien huet dann och säin Appell zum Accueil vun de Migrante widderholl, ouni d’Noutwennegkeet vun enger virsiichteger Gestioun auszeklammeren, déi wuel „en oppent Häerz“ brauch, mee och „d’Méiglechkeete muss schafen déi wou ukomme voll ze integréieren“.

An déi hätten dann och d’Flicht „d’Kultur an d’Traditioune vun der Natioun déi se opgeholl huet, kennen ze léieren, se ze respektéieren an ze assimiléieren“, betount de Pontifex. Hien huet dann och nach d’Chrëschten opgeruff Kreativitéit ze beweisen, fir datt Europa d’Friddensverspriechen vu senger Grënner kann aléisen.

De Poopst Franziskus huet dann och drun erënnert, datt Italien dëser Deeg den 100. Joresdag vun der Schluecht vu Caporetto gefeiert huet. Eng vun de gréissten italieneschen Néierlage während dem éischte Weltkrich. Et wier eng vun deene Katastrophen déi beweist, „datt wann ee sech hannert den eegene Positioune verschanzt, een zu gudder Lescht ënnergeet. Et ass also net de Moment Grief auszehiewen“.

Foto: Säit de Jorge Bergoglio 2013 zum Poopst Franziskus gewielt ginn ass, den éischten net europäesche Pontifex, huet hien sech als exigente Partisan vun der europäescher Unioun gewisen. Eng EU déi hien zu Stroossbuerg am November 2014 mat enger Groussmamm verglach huet, déi schwéier midd wier. © Andrew Medichini/pool/AFP

Related topics Europa, Franziskus, Kanner, Poopst
Next post Previous post