CovidCheck: Et géif net genuch kontrolléiert

Well net iwwerall de CovidCheck esou virgeholl gëtt wéi sech d Regierung wënscht, an et zuweilen och Individue gëtt, déi mat gefälschten Zertifikater hauséiere ginn, ass et wuel ubruecht deem ganze System eppes op d‘Spréng ze hëllefen.

Am Kontext vun den Zanter dem 1. November a Kraaft getruede Reegelen, betreffend den Accès zu gewëssen Etablissementer an Evenementer, huet d‘Police elo annoncéiert, datt et zu verstäerkte Kontrolle wäert kommen. Erschreckt also net, wann e Beamten a Zivil iech säin Auswäis virun Aen hält an ären Impfzertifikat iwwerpréiwe wëll. Et ginn hei Beamten an Zivil an den Asaz geschéckt.

Loosst eis dann nach emol drop hiweisen, datt ee gefälschte CovidCheck/Impfzertifikat näischt ass woumat de Geck gemaach gëtt. Déi lescht Woch si méi dëser „Fälschungen“ opgefall an hei dreet zolidd Ongemaach. Esou eppes fänkt mat engem Protokoll vun 300 Euro un, kann awer, wann do nach nogewise gëtt datt een d‘Identitéit usurpéiert huet, ganz desagreabel Niewewierkungen hunn.

Nach gëtt jo keen – wéi dat ab Februar 2022 an Éisträich ugestrieft gëtt – zur Impfung gezwongen. Nach huet een de Choix, wann ee bereet ass eppes Aschränkungen a kaf ze huelen, sech vun enger Impfung ewechzehalen. Datt d‘Regierung iwwert den Ëmwee vu Mesure versicht verständlech ze maachen dat nëmmen de Choix vun der Impfung dee richtegen ass, ass diskutabel an awer Fakt.

Dernières nouvelles