Et gi Saachen déi sinn net hinzehuelen

Um Sonndegmueren, huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng) zesumme mam Direkter vun der Police, Philippe Schrantz, an dem Chef vun den Operatiounen, Thierry Fehr zu den Exactioune bei der Covid19-Demonstratioun um Samschdeg an der Stad éischt Analyse bereet gehalen. Och iwwert d‘Folgen déi dat mat sech bréngt gouf geschwat.

De Minister stellt richteg fest, datt gëschter „Grenzen iwwerschratt“ goufen, inakzeptabel Aktioune vun enger Minoritéit derzou gefouert hunn, datt Mënschen an Angscht versat goufen an onnéidege Vandalismus stattfonnt huet. En wier eng Radikaliséierung déi esou net tolerabel ass. Nach gëtt vun den zoustännege Servicer bei der Police mat Héichdrock u méi prezisen Analyse geschafft.

Et sollt awer ersiichtlech sinn, datt eist Land allgemeng an d‘Stad Lëtzebuerg am besonneschen, kee rechtsfräie Raum ass. Doriwwer eraus geet de Schutz vun de Bierger vir an de Minister schätzt sech glécklech, datt bei den Aktioune vun e Samschdeg keen zu Schued komm ass. Och de Fait datt sech Klatzkäpp bei de Wunnenge vun de Minister Bettel a Cahen (DP) opgestallt a „sech goe gelooss“ hunn, kann een net hinhuelen. Allebéid waren awer net doheem, esou dat keng Gefor bestanen huet.

Covid19
Einfach eppes iwwerhuelen, ouni ze iwwerpréiwen, datt ass net nëmmen domm mee och nach brandgeféierlech. Et hätt ee besser seng Energie opzewannen fir d‘Fakten ze checken, statt sech blannemännerches de Manipulateuren unzeschléissen, déi net am Sënn hunn d‘Matleefer fir hir „Bereetschaft“ ze belounen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Den Direkter vun der Police huet confirméiert, datt ee wuel am Virfeld déi sozial Netzwierker am A behalen huet, an sech der Situatioun entspriechend konnt opstellen. De Philippe Schrantz bestätegt allerdéngs och, datt d‘Police keen Uspriechpartner bei dësem aus „villen ënnerschiddleche Kräfte“ bestoende „Mouvement“ huet, et also net méiglech ass geuerdent Verhältnisser ze schafen.

Gewosst ass elo allerdéngs och, datt eis Police sech den neien Erausfuerderunge muss unhuelen an den operative Fonctionnement muss upassen. Et hat vill Demonstratioune wärend de leschten 18 Méint, all waren ugemellt a waren ouni Gedeessems a Vandalismus méiglech. D‘Recht op seng Meenung an Demonstréieren ass garantéiert, a soll net a Fro gestallt ginn, mee et wäert ee sech elo mussen op eng Rei Changementer – déi kloer erausgefuerdert goufen – astellen. Et geet also wäit.

Dernières nouvelles