Search

You may also like

money
D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer
Neiegkeeten

D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer

Ob et schonn eng „Revolutioun“ ass sief dohigestallt, mee de

Vill Froen am Stater Gemengerot
Neiegkeeten

Vill Froen am Stater Gemengerot

D‘Sëtzung vum Stater Gemengerot huet sech an groussen Zich emol

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

D‘Piratepartei net iwwerrascht awer weiderhi skeptesch

D‘Piratepartei net iwwerrascht awer weiderhi skeptesch

No den Ausféierunge vum Premierminister an der Gesondheetsministesch um Méindegnomëtten, sinn Iwwerraschungen ausbliwwen, mä d‘Pirate kënnen och weiderhin, mat dëser Aart a Weis vu Politik wéineg ufänken. Hei gëtt bedauert, datt d‘Regierung no 9 Méint Covid19-Pandemie nach ëmmer op Siicht fiert a reagéiert, statt sech enger koherenter a verständlecher Politik unzehuelen.

Esou stellen d‘Deputéiert vun der politescher Sensibilitéit fest, dat och bei dëser xter Presentatioun d‘Strategie onverännert schlecht an oniwwerluecht ass. Esou gouf zwar kee Lockdown verhaangen, well d‘Zuele besser ginn, mee d‘Spärstonn gëtt ëm zwou Stonne virverluecht, d‘Geschäfter mussen zoumaachen an d‘Schoulvakanz gëtt verlängert. Dat alles awer muss wirtschaftsverdréiglech sinn.

Fir d‘Pirate sinn déi am Gesetzprojet 7738 agepaakte Mesuren esouwuel onverhältnesméisseg wéi inkoherent – woubäi Leschtes scho verdächteg als Markenzeeche vun dëser Regierung ka gesi ginn – a wa schonn, déi dann och virun iwwert engem Mount hätte misse beschloss ginn. Mee gutt, si wollte Chrëschtdag retten, net d‘Stëmmung iwwert d‘Feierdeeg. An dat ass hinne jo wuel gelongen.

Wéi legitim et awer ass, aus renge wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus de „schwaarze Freideg“ an de „Chrëschtdag-Shopping“ ze erméiglechen, dat kann ee schonn hannerfroen. „Wéi een d‘Mesuren hätt missen ergräifen a Restriktiounen imposéieren, gouf gezögert. Do wou sech op Proportionalitéit hätt misse bezu ginn, ass exzessiv reagéiert ginn“, esou de Sven Clement.

Den Zesummenhalt vermëttelen

D‘Pirate weisen nach emol andrénglech drop hin, datt et an esou ongewëssen Zäiten, kloer an och koherent Mesure brauch. Mesuren iwwregens, déi sech op Zuelen a Statistike baséieren an net wéi bis ewell no engem „Bauchgefill“ geholl ginn. Et géif jo och drëms goen, datt ee Previsioune ka maachen, datt ee plange kann. Et wier jo wichteg d‘Leit zum Matmaachen ze mobiliséieren.

Esou eppes léisst sech nëmmen am positive Sënn bewierkstellegen, wann een d‘Leit net stänneg géint de Kapp schléit a Mesuren ergräift déi juristesch problematesch sinn. Mee, verständlech a proportionell Gesetzer féieren zu Akzeptanz a verantwortlechem Handelen. D‘Piraten hätten et virgezu wann een d‘Moossnamen un der Belaaschtung vu Gesondheetssecteur festgemaach hätt.

Begréisst gëtt awer, datt d‘Regierung eng laang Fuerderung vun de Pirate behäerzegt, an nees op „Schoul doheem“ setzt, dat no der Chrëschtvakanz. D‘Pirate riichten dann nach emol en Appell un d‘Regierung, sech de Propose vun der Oppositioun net aus Iwwerhieflechkeet ze verweigeren, an d‘Previsibilitéit fir d‘Acteuren um Terrain ze erméiglechen. Et ass net Zäit fir Selbstduerstellung.

D‘Pirate weisen nach drop hin, datt bei aller noutwenneger Kritik a méiglecherweis berechtegter Roserei, mir alleguerten hei am Land sollten d‘Mesure respektéieren a virun allem anhalen. Et wier net einfach, mee ouni de kollektiven Effort an eppes Solidaritéit géif et just weider Problemer ginn an dat ganzt nach eppes méi onerdréiglech maachen. An eng aner Regierung ass nach net fir muer…

Illustratioun: © Amin Moshrefi / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Piratepartei, Proportionalitéit, Restriktiounen, Spärstonn, Verhältnesméissegkeet
Next post Previous post