Search

You may also like

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)
Business Money Neiegkeeten

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)

An engem „oppene Bréif“ – dee vun allen Oppositiounsparteie gemeinsam

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
Business Money Neiegkeeten

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Romain Schneider,

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen
Business Money Neiegkeeten

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen

D‘Awanderungsgesetzer an den USA sinn ëm déi 30 Joer al

money

Impftourismus: „Net mat der Luxair!“

Impftourismus: „Net mat der Luxair!“

Et gëtt bekanntlech zu Lëtzebuerg Tour-Operateuren déi de Leit ee sougenannten „Impf-Trip“ ubidden, wat duerchaus an de sozialen Netzwierker opgegraff ginn ass. D‘Luxair a Luxair-Tours haten ee Freideg ee Communiqué hisiichtlech der Summersaison – mat den üblechen Hiweiser op d‘Vakanzendestinatiounen – erausginn. Dat interessantst war awer dee leschte Paragraph.

„Finalement il échet de préciser que Luxair ne soutient pas d’initiatives d’organisation de voyages pour des personnes souhaitant se faire vacciner à l’étranger. La compagnie aérienne se distancie formellement de ce type de voyages, discutables sur un plan éthique. Luxair salue les avancées dans la compagne de vaccination et fait un appel à tous de profiter de cette vaccination pour accélérer le retour à la normale au plus vite.“

Impftourismus

An de Säite vum Tageblatt hat sech de Generaldirekter vun der Luxair, Gilles Feith, iwwert de Plang vun der Sales-Lentz Grupp geiergert, déi laut Reporter.lu, hire Clienten eng Rees inklusiv Impfung ubidde wéilt. Géintiwwer Reporter.lu soll de Marc Sales d‘Länner Bulgarien a Serbien als Destinatioun, an och Israel an Dubai als méiglech Ziler genannt hunn. Och Präisser soll et ginn…

Wann elo d‘Destinatioune Bulgarien a Serbien nach plausibel sinn, esou kann Israel ausgeschloss ginn. De israeleschen Ambassadeur Emmanuel Nahshon, huet d‘Informatioun zu engem méiglechen Impftourismus als falsch erkläert an nach emol ënnerstrach, datt nëmmen Touristen, déi scho geimpft sinn och an d‘Land areesen dierfen. D‘Autoritéiten zu Dubai hunn eis Nofro net verstanen.

Wat ass dann un der Geschicht drun?

Bei Sales-Lentz wollt eis bis ewell nach keen eppes zu den Allegatioune soen, mee Quatsch ass et dann awer och keen. Bei eisen däitschen Noperen, gëtt et tatsächlech eng ganz Rei kleng Operateuren, déi Impfreesen a Russland (Sputnik V) plangen a mat den Autoritéiten a Kontakt stinn, fir d‘Detailer ze klären. Et sollt kënne lass goen, wann nees Fluchreesen tëscht Däitschland an der russescher Federatioun méiglech sinn.

Am Weltspiegel vum 11. Abrëll gouf dëse Sujet och opgegraff. Hei war Rieds vu Serbien, wou all Mënsch egal wou en hir ass, geimpft gëtt. Et brauch ee just eng „Invitatioun“. Stellt dann nach d‘Fro vun der Ethik. Ass et da wierklech ethesch verwerflech, wann am eegene Land d‘Campagne net vun der Plaz kënnt, oder gutt gemengten Aktiounen um digitale Knowhow scheiteren?

Impftourismus

Engersäits verlaangt d‘Regierung eng gréisser Impfbereetschaft vun de Leit, weess datt een zäitlech op d‘Liwwerunge vun den Impfstoffer ugewisen ass an et sollt een net vergiessen, datt eis Bus-Entreprisen den Ament zolidd finanziell sollicitéiert sinn. Datt de Luxair-Chef dat net gutt fënnt ass säi gutt Recht, datt Entrepreneuren – déi selwer eppes an Nout sinn – enger Demande elo eng Offer entgéintstellen, eigentlech eng gutt Saach.

Illustratioun: Wann d‘Leit wou „elo“ wëlle geimpft ginn, awer nach net eligibel sinn, oder eventuell dem engen oder anere Präparat net vertrauen, wëssen datt een anzwousch kritt wat ee gären hätt, da wäerten si wuel versichen dohinner ze kommen. Eng Busrees wier praktesch, et ass een net eleng an och Präislech dierft et sech opgoen. Fuere keng Busser, huelen d‘Leit den Auto… © Tim Trad / unsplash

Related topics Bulgarien, Impfen, Impftourismus, Luxair, Luxair-Tours, Sales Lentz, Serbien, Tour-Operateur
Next post Previous post