Wann d’Konscht Beweegungen an Impulser afänkt
Ab dem Zäitpunkt, wou abstrakt Konscht hir Plaz fonnt huet,
Dir sidd begeeschtert vu rhythmescher Musek, experimentéierfreedege Käpp an afalsräicher
Fir d‘Fondatioun IDEA, den Think Tank vun der Handelskummer, befënnt
Sécher et gëtt ee Grappvoll Ausnamen, wéi aus dem offizielle Reegelwierk ze enthuelen ass. EU-Bierger déi ee Wunnsëtz op der Insel hunn, solle wuel och weiderhin, engem Auswäis dierfen an d‘Land areesen, woubäi ee sech dierf sécher sinn, datt gëtt op der Grenz komplizéiert. Firwat? Ma den Noweis iwwert d‘Openthaltsrecht léist sech bekanntlech nëmmen iwwert dat digitaalt Portal vum Britteschen Inneministère. Dat ass dee sougenannten „settled“ oder „pre-settled“ Statut.
Vill Biergerrechtsorganisatioune fuerderen am Kontext vum Brexit schonn zanter laangem, datt et nees muss méiglech sinn ee physeschen Noweis vum Openthaltsrecht auszestellen. Ob als Auswäis, oder Zertifikat, wier egal. D‘ONG „The3Million“ hält masseg Informatioune bereet, och hire Video betreffend de „Statut“ ass gutt gemaach a liicht verständlech. Brauch en elo nees ee Visa? Nee dat ass den Ament nach net virgesinn, et sief et géif ee länger wéi 90 Deeg op der Insel bleiwe wëllen.
mat indymedia/dov
Illustratioun: Wien den Ament net op d‘Insel muss, dierft gutt berode sinn et ze loossen. Aus Grënn leeft aktuell op der Insel een éischter onerwënschte Programm: Penurie op den Tankstellen an an de Geschäfter, Kaméidi wéinst Fëschereilizenzen mat Frankräich, avm… © Nick Page / unsplash