Search

You may also like

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
Kultur Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
Kultur Neiegkeeten

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika
Kultur Neiegkeeten

Algerien wiert sech géint e fënneft Mandat vum President Bouteflika

Datt sech den 82 järegen Abdelaziz Bouteflika, deen zanter engem

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?

Et ass ëmmer eppes Guddes drop

Si mer eis mol éierlech: Et gëtt ni ze vill Serien oder Filmer op Netflix. Vill ze schnell huet een sech duerch villes gekuckt. Mee keng Angscht, am August bréngt Netflix erëm vill neie Stoff op de Service. Dovunner si munch Saachen och selwer produzéiert an exklusiv! Mir ginn e klengen Iwwerbléck.

Wet Hot American Summer – Season 2

Nodeems déi éischt Staffel e Prequel zum Film vun 2001 war, hunn sech d’Maacheren décidéiert, elo en Sequel ze lancéieren. Een, deen zéng Joer nom Film spillt an domadder am Ufank vun de glorräichen 90er Joren.

Déi zweet Staffel vu Wet Hot American Summer leeft de 4. August un

Naked

De Rob Anderson wëll op seng Hochzäit kommen. Dommerweis gëtt e mueres plakeg wakrech a muss et sou iegendwéi packen, vir dohinner ze kommen. Wann en dat net hikritt, fänkt den Dag erëm vu vir un, Groundhog Day-Style.

Naked ass ab dem 11. August ze gesinn.

Marvel’s The Defenders

D’Marvel Netflix-Serie fannen hei hiren Héichpunkt. D’Handlungen vu béide Staffele vun Daredevil, Jessica Jones, Iron Fist a Luke Cage hunn d’Basis vir des Serie geschaf, wou d’Helden zesumme fannen, fir ee gemeinsame Géigner ze bekämpfen. Dee gëtt dann hei vum Sigourney Weaver gespillt, wat am Netz fir vill positiv Reaktioune gesuergt huet.

Marvel’s The defenders ass ab dem 18. August ze gesinn.

Death Note

Et gëtt kaum eng Manga-Serie déi an de vergaangene zwee Joerséngten esou interessant war, wéi Death Note. Net nëmmen gouf et scho virdrun e puer Verfilmungen am asiatesche Raum, mee d’Serie huet och vill international Fans. Elo hëlt sech Netflix der Saach un a setzt de Stoff och nach eng Kéier ëm. D’Reaktiounen aus der Community waren allerdéngs duerchwuess.

Death Note leeft de 25. August un.

 

Related topics Death Note, Marvel, Marvel's Defenders, Naked, Netflix, Wet Hot American Summer
Next post Previous post