Search

You may also like

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“
Kultur

Schueberfouer 2019: „Bis elo ass alles perfekt!“

Um vergaangene Freideg ass eist gréisst Volleksfest nees an eng

Skoda Tour vu Luxembourg – Traficinfo
Kultur

Skoda Tour vu Luxembourg – Traficinfo

Vum 14. bis den 18 September 2021 fënnt de Skoda

Ee Schluechtpass fir d‘Zuuchtvéi ?
Kultur

Ee Schluechtpass fir d‘Zuuchtvéi ?

Dem Luc Emering (Jongbaueren) seng Petitioun „Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren

Wat leeft am November op Netflix?

En neie Mount bréngt nei Saachen op Netflix. Hei presentéiere mer e puer vun de Netflix-produzéierten Serien, déi am Laf vum Mount ulafen. Dobäi schwätze mir net vun de sëlleche Filmer, Dokumentarfilmer- a Serien souwéi Anime a Stand-Up Comedians, déi an deem Mount um Service nei ze fanne sinn.

3. November: Alias Grace

Fotoen: Sabrina Lantos/Netflix

Dës Serie beliicht Geschicht vum Alias Grace, enger jonker, irescher Immigrantin an Nord-Kanada vum 19. Johrhonnert. Si gëtt am Kader vum Mord un hiren Aarbechtsgeberen zu enger liewenslaanger Prisongsstrof veruertdeelt. D’Serie ass eng Adaptéierung vun engem Buch vum Margaret Atwood.

8. November: The many faces of Ito

An dëser japanescher Serie geet et ëm eng Regiebuchschreiwerin, déi sech op romantesch Komödien spezialiséiert a véier Fraen beaarbecht, fir nei Iddien ze kréien.

14. November Marvel’s The Punisher

Mat The Punisher kritt des an der zweeter Season vun Daredevil virgestallte Figur seng eege Serie. Et ass och déi éischt Marvel Serie säit The Defenders, déi op Netflix uleeft.

Fotoen: Nicole Rivelli /Netflix

22. November: Godless

Fotoen: James Minchin/Netflix

An dësem Western trëfft eng Band vu Verbriecher op en Duerf, wat haaptsächlech vu Frae geféiert gëtt.

Related topics Kultur, Netflix, Streaming
Next post Previous post