Search

You may also like

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel
Kultur Stories

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel

Den Naturpark Our deelt mat, datt den Erliefnispad beim Fliedermaustunnel

Zesummenaarbecht vu Police an ACL fir eng „sécher“ Vakanz
Kultur Stories

Zesummenaarbecht vu Police an ACL fir eng „sécher“ Vakanz

D‘Vakanze kommen ëmmer méi no, a vill vun eis wäerten

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod
Kultur Stories

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod

déi lénk huet bei de Chamberwahle vu leschte Sonndeg liicht

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend

En neie Mount, dat heescht och: Neie Stoff op Netflix. Mir hunn eis ugekuckt, wéini wéi eng Serien am Oktober eraus kommen. Wéi ëmmer: Mir sinn op d’Informatioune vun Netflix selwer hei limitéiert, et kann also sinn, datt sech nach eppes ännert.

Suburra

De Krimi-Thriller Suburra kritt elo seng eege Serie. Si spillt sech a Roum of a wéisst, wéi d’Kierch, de Staat, d’organiséiert Verbriechen an de Wunnéngsmarché zesummen hänken. Start: 6. Oktober.

Dinasty

Dinasty, eng vun deene bekannteste Soaps, kritt e Reboot spendéiert. Ausserhalb vun den USA leeft d’Serie op Netflix ab dem 12. Oktober.

Riverdale

Ween éischter op Teen-Drama steet, kann sech déi zweet Staffel vu Riverdale ukucken. Déi start och den 12. Oktober.

Mindhunter

Mat Mindhunter geet dann och eng nei, historesch Krimiserie den 13. Oktober un de Start. Si spillt am Joer 1979 a weist, wéi sech den FBI mat Seriekillere beschäftegt huet, fir se besser fänken ze kënnen.

Stranger Things

Stranger Things geet endlech weider! Passend zu Halloween kënnt déi zweet Staffel a féiert déi fantastesch Retro-Serie weider. Si spillt e Joer no der éischter Staffel a wäert bestëmmt vill oppe Froe beäntwerten… an neier stellen!

Related topics Kultur, Netflix
Next post Previous post