10 Joer Ettelbrécker Bibliothéik
Fir hiert zéngjäregt Bestoen ze feieren, organiséiert d’Ettelbrécker Bibliothéik eng
Fir hiert zéngjäregt Bestoen ze feieren, organiséiert d’Ettelbrécker Bibliothéik eng
Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit
Ob „We are the Champions“, „We will rock you“ oder
Dem Pelé seng trei Unhänger wäerte scho laang drop gewaart hunn. Well am Géigesaz zu enger anerer Legend, wéi dem Diego Maradona, dee well a ville Filmer a Fernsehserië geéiert gouf, gouf et keng Legioun vu Produktiounen, déi sech haaptsächlech mam Edson Arantes do Nascimento, genannt Pelé beschäftegt hunn.
Hien gouf den 23. Oktober 1940 zu Três Coracoes a Brasilien gebuer. Duerch de Film, deen onbekannten Aspekter aus sengem Liewe beliicht, léiere mir de Pelé besser kennen. Well wann de moderne Fussballfan hien nach net gesinn huet spillen – de Pelé ass en Synonym fir de perfekte Goalkeeper an Dribbeler. A wärend seng Plaz als beschte Spiller aller Zäiten diskutéiert gëtt, kréinen seng Goaler (an deem Mooss, wéi e spillt) hien zu engem echte Mythos.
D’Legend huet hiren Ufank 1958 mat der Weltmeeschterschaft fonnt – de Brasilianer huet se mat nëmme 17 Joer gewonnen. Déi an dësem Dokumentarfilm befroten Zeien, hunn sech all mam Pelé d’Schëller geriwwen, sief dat seng eemoleg Teamkolleege Rivelino, Paulo César, Jaïrzinho oder de Mario Zagallo, den eenzege Gewënner, deen nach nieft dem Kinnek lieft.
D’Auriverde Perséinlechkeete bréngen och hir Temoignagë, wéi de fréiere President, oder de Museker Gilberto Gil, den Apostel vum Tropismus.
Als Botschafter vun engem Land, wat 1960 nach an de Kannerschong gestach huet, huet de Pelé de gréissten Deel vu senger Karriär a sengem Heemechtsland verbruecht, ier et hien an d’USA gezunn huet.
Hie war e Symbol vun engem Fussball, deen net méi existéiert. Verschiddener hunn de Pelé kritiséiert – vun Rio de Janeiro bis op Brasilia, well hien déi riets Militärdiktatur, déi säi Land vun 1964 bis 1985 regéiert huet, ni veruerteelt huet. Eréischt dono koum d’Demokratie erëm un d’Muecht. Den Dokumentarfilm, deen zënter dem Dënschdeg online ass, bléckt och op e schwéieren Iwwergang vun engem an Aarmut liewenden Teenager zum Status vum Superstar, deen näischt refuséiert kritt huet, zeréck.
Tëscht 1958 a 1970 – a wärend der Dauer vun 1 Stonn an 46 Minutte, bléckt de Pelé op déi gréisste Momenter a senger Karriär als Fussballspiller zeréck an hëlt de Schleier iwwert d’Liewe vun engem Mann, deen als zerbriechlech bezeechent gëtt an dem Drock vun engem ganze Vollek ausgesat ass.
En Text vum Thibaut Goetz / mental.lu
Opmaacherbild: © Jon Tyson / Unsplash