Search

You may also like

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!
Kultur Neiegkeeten

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!

No der Presentatioun vum Budget, dëse 5. Mäerz, muss festgestallt

T’ass Europäesch Sportswoch!
Kultur Neiegkeeten

T’ass Europäesch Sportswoch!

Gëschter huet de Sportminister Dan Kersch de Programm vun der

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C
Kultur Neiegkeeten

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C

Gëschter ass zu Steesel een neien offizielle Rekord vun der

Expo „New Age Landscape“ am Casino Display

Expo „New Age Landscape“ am Casino Display

Dem Andrea Mancini seng organiséiert Kënschtlerresidenz am Casino Display (Beim Engel 1, rue de la Loge) ass eriwwer. A genee dofir luet den Artist Iech an, d’Resultat vu sechs Méint Aarbecht kennenzeléieren. A senger Ausstellung mam Numm „New Age Landscape“ weist hien ënnerschiddlech Klang- a Bildexperimenter a Form vu multidisziplinären Installatiounen.

Den Andrea Mancini huet wärend engem elektronesche Museksprojet zu Cleveland ugefaange mat den ënnerschiddlechsten Téin ze spillen, se ze kombinéieren an ze erfuerschen. Spannend dorunner ass, datt d’Visiteuren esou a verschiddene Raim andauchen, an dat net nëmme materiell, mee och onsiichtbar.

Andrea Mancini
Den Artist Andrea Mancini

Et geet ëm Videoen, 3D, Zeenographie, Toun- a Grafikdesign. Domat weist d’Ausstellung nawell vill Facetten, ob déi ee gespaant ka sinn. Dëst soll fir e bessert Versteesdemech fir d’Kënschtlerkarriär stoen, déi jo awer essentiell ass.

Den Andrea Mancini ass 1989 zu Lëtzebuerg gebuer an och Museker, deen u verschiddene Museksprojete mam ESP Institute a Kalifornien, Hivern Discs a Barcelona an Kalahari Oyster Cult an Amsterdam matgeschafft huet.

De Vernissage vum Andrea Mancini senger Expo „New Age Landscape“ fënnt den 8. Juli vu 17 bis 20 Auer statt. Uschléissend ass d’Ausstellung fir d’Ëffentlechkeet vum 9. bis den 31. Juli zougänglech. Et ass bestëmmt interessant ze erliewen, wat déi richteg Inspiratioun bei esou engem talentéierte Kënschtler ausléist.

Weider Informatioune fannt Dir op www.casino-luxembourg.lu.

Related topics Andrea Mancini, Beim Engel, Casino Display, Expo, Kënschtlerresidenz, New Age Landscape
Next post Previous post