Search

You may also like

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5
Kultur Neiegkeeten Stories

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun

Potentiell Verschmotzung duerch Schwéiermetaller: déi Lénk weise sech veriergert
Kultur Neiegkeeten Stories

Potentiell Verschmotzung duerch Schwéiermetaller: déi Lénk weise sech veriergert

Um Terrain vun den Hausnummeren 131 an 133 vun der

Cargolux transportéiert 230 Tonne Konschtwierker op Baseler Konschtfoire
Kultur Neiegkeeten Stories

Cargolux transportéiert 230 Tonne Konschtwierker op Baseler Konschtfoire

D’Cargolux huet dëst Joer 230 Tonnen u Konschtwierker aus den

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement

Wëllkomm am eenzegaartege Kinnekräich

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement

Eréischt 2 Joer ass et hir, datt den New Horizons Festival seng Première gefeiert huet. Schonn deemools hat d’EDM Evenement (Electronic Dance Music) 55.000 Fans op den Nürburgring gezunn. Déi drëtt Editioun huet dës Kéier vum 22. bis de 24. August op enger vun de legendäerste Rennstrecke vun Däitschland stattfonnt. Dräi Deeg Dauerbeschallung, 7 Bühnen an zuelräich DJ’e stoungen um Programm.

Museks-technesch ass den Nürburgring virun allem fir de risege Rock am Ring Festival, deen all Joer am Juni stattfënnt, bekannt. E puer Editioune vun dësem Festival hat ech schonn hannert mir, woubäi mech perséinlech virun allem Richtunge, wéi Metalcore an energesche Rock interesséieren. Als klenge Metalhead war ech soumat éischter Headbangen a Moshpits gewinnt, wéi ganzer dräi Deeg elektronesch Musek. Mam New Horizons Festival wollt ech dës Kéier awer emol eppes Neies woen.

New Horizons Festival

© New Horizons Festival

E bëssi Hannergrond-Informatiounen

Den New Horizons Festival gëtt vun ALDA, enger hollännescher Entreprise fir Konzept-Entwécklung, Produktiounen a Promotioune vun internationalen DJ’en an Event-Konzepter organiséiert. Mat 11 Joer Bestoen hu si sech an der Zeen schonn een Numm gemaach an organiséiere mëttlerweil a 40 verschiddene Länner weltwäit onvergiesslech Showen. Mat Acts, wéi dem Armin Van Buuren, Martin Solveig, Marshmello, Afrojack a ville méi konnt den neie Festival um Ring vun Ufank un iwwerzeegen.

Fir d’Editioun 2019 wollt een nees een eenzegaartegt Kinnekräich – si heeschen hir Visiteuren häerzlech „Welcome to the New Kingdom“ – mat Superlative schafen: nach méi grouss, nach méi spektakulär an nach méi fulminant. Déi éischt Virverkafstickete konnten iwwerzeegt Party-Leit scho fir 139 € mat Camping kréien. Mat Freedefeier, Pyro-, Liicht-, Laser- a Videoeffekter wollt een ee Gefill vu purer Euphorie erauskiddelen.

New Horizons ass dobäi net nëmmen op wëllt Geduppers aus, mee erzielt direkt eng ganz Geschicht. De fiktive Gatekeeper dréit nämlech ee magesche Kompass – och am Logo vum Festival ze gesinn – bei sech a kann de Fans – hei och Travellers genannt – all Joer ee Mol Antrëtt an dat eenzegaartegt Kinnekgräich garantéieren, sou datt een nei Horizonter entdecke kann.

New Horizons Festival

© New Horizons Festival

D’Virfreed hat sech a Grenze gehalen

Nodeems eng Frëndin an ech Ufank Juni 3-Deeg Päss fir de Festival kaaft hunn, koum weder eng Bestätegung, nach eng Rechnung, Och no 10 Mol nofroe krute mir dës Dokumenter, déi ech gären als Sécherheet gehat hätt an eigentlech bei all Concert a Festival verschéckt ginn, net.

Eis gouf allerdéngs matgedeelt, datt d’Ticketen knapp ee Mount virum Festival bei eis ukomme missten. Nodeems genau zu dëser Zäit nach ëmmer näischt an der Bréifboîte louch, d’Panik lues awer sécher gewuess ass, koum du schliisslech ganz iwwerraschend eng E-Mail mam Ticket. Als Präis war, nieft der Nummer vum Billjee, ee Präis vun 0,00 € uginn. Ouni Rechnung oder Bestätegung, ass eis dat schonn e bëssi komesch virkomm, allerdéngs wollt jo keen vum Festival sech dozou äusseren.

Besuch am Kinnekräich

Datt de Festival wierklech stattfanne géif a mir ouni Problemer erakommen, hate mir ab deem Ament bezweifelt. No annerhallwer Stonn fueren si mir schliisslech um Site ukomm, an duerften zu eiser Iwwerraschung beim nooste Parking, direkt bei der Entrée, den Auto ofstellen. Wärend den dräi Deeg hu mir ouni Problemer hei eng Plaz fonnt an haten et soumat net wäit bis bei de Festival. Kuckt een elo de Rock am Ring, da muss een deelweis Kilometer wäit vu sengem Zelt an der Entrée ewech parken an huet soumat och besser, säi Gefier wärend dem Festival net ze verréckelen.

Dës weideren huet den New Horizons Festival, anescht wéi de Rock am Ring, op engem Deel vun der Südschleife stattfonnt. Nom schnelle Scanne vum Ticket gouf de Festival-Bännchen mam Chip, deen als Batch a Bezuel-Method gedéngt huet, ugeluecht. Et konnt also endlech lassgoen. D’Kläng vum Bass hu schonn hei fir Virfreed gesuergt an d’Suerge ware vergiess.

An der Entrée selwer huet d’Securité akribesch all Persoun ofgetaascht an d’Rucksäck duerchsicht. Jo, esou genau huet bei engem Festival nach ni een meng perséinlech Objeten duerch gekuckt, wat engem awer generell ee séchert Gefill ginn huet. Zur Security sollt een dann och nach soen, datt si, sou wéi och d’Police an d’Rettungsdéngschter sech schéin am Hannergrond gehalen a just am Noutfall duerchgegraff hunn. Nom abatchen konnt et dunn bei déi verschidde Bühne goen.

New Horizons Festival

© New Horizons Festival

Beandrockenden Opbau

Kuerz no der Entrée konnt ee schonn déi sougenannt Trap Town by Blacklist Bühn erblécken. Wéi den Numm et scho seet ass hei sougenannten Trap gelaf, deen jee no DJ mat ëmgänglecher Musek iwwerzeegt, oder awer och mat Téin, déi wéi futtis elektronesch Maschinne geklongen hunn, ofgeschreckt huet. Hei gëllt awer: Jiddwereen huet een anere Goût! Mat Gerëschter, Wellblech a Beliichtung konnten d’Organisateuren hei een urbane Look schafen.

New Horizons Festival

Mat der passender App um Handy hat een direkt alles am Bléck

E bëssi weider koum dunn den Urban Circus, woubäi d’DJ’en an engem Zirkuszelt mat dozou passendem Bühnebild opgetruede sinn. Hei hunn d’Kënschtler méi gängeg Musek opgeluecht, déi een aus dem Radio kennt an och emol heiansdo matsange konnt, natierlech ëmmer mam eegene Beat hannerluecht.

Laanscht eng Panoplie un Iess- a Gedrénksstänn – Drénkwaasser konnt ee sech gratis zapen -ass et weider erof bei d’Haaptbühn, de sougenannte Capital Park gaangen. Mat engem monstréisen Opbau vun enger Festung, inspiréiert un der Nürburg, huet de Festival sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Um Freideg a Samschdeg ass hei um spéiden Owend och déi sougenannt „From Dusk Till Dawn“ Zeremonie gehale ginn. Mat spannender Musek, enger opreegender Geschicht a risegem Freedefeier ass de Festival zelebréiert ginn. Ekologesch gesinn ass et natierlech eng komplett Katastroph gewiescht, an awer krut ee richteg Héngerhaut.

New Horizons Festival

© New Horizons Festival

Direkt lénks niewendrun stoung d’Factory49, déi sech vun der Musek hir net mat der gréisserer Bühn gebass huet. Et muss ee souwisou soen, datt den Toun an den Opbau genau esou gereegelt gi sinn, datt ee bei den eenzele Bühnen net och nach d’Musek vun enger anerer Säit spiert an héiert. D’Tountechniker hu vum Klangbild an de meeschte Fäll eng gutt Aarbecht geleescht an esou zu engem gudden artistesche Gefill bäigedroen.

De Site, dee wéi ee laang gezunnent Oval opgebaut war, huet een viru geleet laanscht d’Warsteiner Bühn, déi op engem Camion installéiert war, sou wéi och laanscht d’Silent-Disco, bei der all Visiteur ee Kopfhörer krut a fir sech d’Musek héieren huet, natierlech dozou passend gedanzt huet. Bal um Enn vun der Schläif konnt een d’Dark District by Musical Madness fannen. Wéi den Numm et scho seet huet ee misse liicht verréckt a mëll sinn, fir ee ganzen Optrëtt vun engem Hardstyle DJ ze verfollegen. Och hei ginn et bestëmmt nees masseg Fans, deenen de Stil gefält.

Gëtt et Kritik?

Am Verglach zu anere Festivaller huet och den New Horizons Festival seng Vir- an Nodeeler. Natierlech hätt d’Majoritéit vun de Kënschtler gären, datt de Publikum och emol matsange kann an notzt dofir bekannte Lidder. Den éischten Dag ass dat jo nach flott, mee wann een um Freideg fir 10. Kéier de selwechte Song mat engem anere Beat an Iwwergang héiert gëtt et och ustrengend.

Den Nürburgring ass, duerch seng Lag an der Eifel, bekannt fir een Op an Of vu geographeschen Héichten. Um Wee iwwert de Festival krut ee soumat richteg stramm Wueden an tëschenduerch emol een Zéien an de Seenen. Bei de meeschte Bühne stoung een nämlech ëmmer iergendwéi schif, wat no e puer Stonnen danzen a sprangen immens spierbar ginn ass. Dës weideren huet de Festival-Donneschdeg net wierklech vill Visiteuren ugezunn, woubäi sech d’Unzuel u Leit vun Dag zu Dag gesteigert huet. Esou hat een zwar Loft fir ze otmen, fir d’Organisateure war et awer wuel de “schlechtesten” Dag vum ganzen Evenement.

Eng super Iddi war et, datt d’Bezuelung um ganzen Terrain iwwert den Chip um Bändche gaangen ass. Esou sinn laang Schlaange bei den zuelräiche Stänn vermeit ginn an et krut een ee genaue Betrag ofgebucht. Esou ee Virgoe kéint ee sech och op aneren Evenementer wënschen! Dës weidere waren och d’Präisser – nees am Verglach – selwecht oder souguer méi niddreg, wéi bei anere Festivaller. Mat 3 bis 4 € krut een eng riseg Portioun Fritten oder eppes Kales ze drénken. Och d’Offer un de Stänn hate mir eis net esou riseg v virgestallt.

New Horizons Festival

© New Horizons Festival

Fazit

Dofir, datt EDM eigentlech net mäi Museksstil ass, hunn ech den New Horizons Festival genoss. Ech war iwwerrascht iwwert déi verschidde Richtungen, déi elektronesch Musek bidde kann. Mat passender Zeenographie, Beliichtung, Laseren a Pyro ass d’Evenement zu engem fantasteschen Erliefnis ginn. No 3 Deeg Geduppers war awer och ech frou, d’Stëll doheem nees genéissen ze kënnen. Esou opreegend mäin éischten EDM-Festival och war, esou ustrengend war et, vu Mëttes bis an d’Nuecht eran dauerhaft beschallt ze ginn.

Oppen ze si fir Neies ass ëmmer eng gutt Iddi. Ech perséinlech hu mech riseg gefreet, de Martin Garrix an Timmy Trumpet live gesinn ze hunn. Och bei Moksi a Quintino wäert ech an Zukunft bestëmmt nach emol era lauschteren.

No 3 Joer Bestoen gëtt et sécherlech nach Loft no uewen, woubäi een awer zougi muss, datt ALDA ee super Start higeluecht huet a mir op déi weider Entwécklung gespaant sinn!

Related topics David Friedman, EDM, Martin Garrix, New Horizons Festival, Nürburgring, Rock am Ring, Timmy Trumpet, Travellers, Welcome to the New Kingdom
Next post Previous post