Search

You may also like

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)

Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et

Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!
International Neiegkeeten

Operatioun Moukewanderung: Sitt virsiichteg op de Stroossen!

Naasst Wierder an Temperaturen, déi klammen ginn de Mouken den

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport

Lëtzebuerg wot éischt Schrëtt zeréck an d’Normalitéit. Ab e Méindeg,

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA

Déi mächtegst Lobby an den USA, d‘National Rifle Association, soll opgeléist ginn

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA

D‘Generalstaatsanwältin vum US-Bundesstaat New York huet géint déi allmächteg National Rifle Association (NRA) Klo agereecht, an dat zum Zweck vun der Opléisung vun dëser Vereenegung. Et geet ëm Bedruch a Mëssbrauch… an de leschten dräi Joer soll ee Schued vu 64 Milliounen US-Dollar entstane sinn.

NewGeet et der Procureure Letitia James no, da gëtt et héich Zäit dësem „Self Service“ en Enn ze bereeden. Si werft der NRA vir, Milliounen US-Dollar ëmgeleet ze hunn. „Den Afloss vun der NRA war esou staark, datt d‘Organisatioun iwwert Joerzéngten ewech net kontrolléiert ginn ass, an de Virstand sech d‘Milliounen an déi eegen Täsch gestach hunn. D‘NRA war zur Heemecht vun der Gier, dem Mëssbrauch an dem schänterleche Gesetzesbroch verkomm“, esou déi däitlech Wierder.

An d‘Letitia James ass net eleng. Esou huet och de Regierungsbezierk vu Columbia eng Klo mat ähnlechem „Inhalt“ ugekënnegt. D‘Klo vun der New Yorker Staatsanwaltschaft riicht sech géint d‘Organisatioun als Ganzes, wéi och méi geziilt, géint véier Héichrangeg Administrateuren. Si hätten iwwert Jore bei Verträg Familljememberen oder eppes méi enk Frënn bevirdeelegt.

NewIwwert dës „Avantagen“ eraus, hätt et mat Mataarbechter Geschäftsofschlëss ginn, déi eigentlech eenzeg an eleng zum Zweck haten, dëse Leit hir Loyalitéit an hiert Schweigen ze finanzéieren. Duerch Verstéiss géint déi eege Satzung, wéi och géint d‘Gesetzer, sinn esou bannent dräi Joer 64 Milliounen US-Dollar verschwonnen. En zolitte Batz Geld a méiglecherweis de Grond dofir, datt d‘NRA 2018 an „temporär“ Finanzschwieregkeete gerode war. Dat gëllt et awer ze beweisen…

Alles eng Hexejuegd

Säitens der National Rifle Association ginn dës Virwërf natierlech heftegst zeréckgewisen. Un dëse Beschëllegunge wier absolutt näischt drun an hei géif et der Procureure eenzeg an eleng drëms de Waffebesëtzer hie vun der Verfassung garantéiert Rechter ofzeschwätzen. An ee gewësse politesche Volet kann een dësem „Dossier“ dann och zougestoen. D‘Letitia James ass Demokratin, an d‘NRA steet traditionell zu de Republikaner an ënnerstëtzt majoritär d‘Kandidatur vum Donald Trump.

D‘Procureure weist natierlech och d‘Virwërf zréck, datt hir Aktioun politesch motivéiert ass, mee ugesiichts der aktueller Situatioun, ass dat diskutabel. An et ass och alles nees net esou einfach wéi et sech op den éischte Bléck presentéiert. Déi 1871 gegrënnten Organisatioun fält zwar ënner New Yorker Recht, wëll si hei registréiert ass an och do déi meeschte finanziell Geschäfter mécht.

NewAnersäits ass d‘Zentral, oder den Haaptsëtz vun der NRA géigewäerteg am Bundesstaat Virginia geleeën. Den US-President, dee sech mat alle senger Muecht a gréisstem Engagement fir d‘NRA asetzt, huet an enger éischter Stellungnam festgehalen, datt de Bundesstaat Texas eng gutt Adress fir d‘National Rifle Association wier. Dat mécht Sënn, zumindest am Kontext vun „White Supremacy“ an dem Fait datt Afroamerikaner an der NRA éischter d‘Ausnam wéi d‘Reegel sinn.

Bleift nach festzehalen, datt d‘NRA esou liicht net kann ausgeschalt ginn. Si ass mat Ofstand am zivilgesellschaftlechem Kontext déi stäerksten an aflossräichst Lobbygrupp an den USA. Si steet wéi keng aner Organisatioun hannert der Verfassung, héich Vertrieder sëtzen op de „richtege“ Plaze fir Drock ze maachen an eigentlech kann een ouni d‘NRA net President vun den USA ginn…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: Ëmmer méi Mënschen an Organisatioune werfen der National Rifle Association vir, duerch hir Aarbecht mat verantwortlech fir déi dausende Schosswaffenaffer an den USA ze sinn. © Heather Mount / unsplash

Related topics Donald Trump, Letitia James, New York, NRA, Procureur, US-Wahlkampf 2020, USA
Next post Previous post