Stockcar: Tornado Hamm Meeschter, Sascha Wiesen Champion
Um Sonndeg ass um flotten Hellenger Circuit de finale Meeschterschaftslaf
Um Sonndeg ass um flotten Hellenger Circuit de finale Meeschterschaftslaf
Um 1. September wäert et un der Spëtzt vum Jugendherbergenverband
Wann déi mental Gesondheet leit, ass d’Ënnerstëtzung duerch eng Psychotherapie
Fir de Begrëff „Sozialismus“ gëtt streng geholl eng kloer Definitioun, woubäi et wuel fir kaum en anere Begrëff esouvill Interpretatiounen an Ausriichtungen huet. Kierzlech huet de STATEC nees d‘Zuelen zum Lëtzebuerger Immobiliëmaart virgeluecht, an bannent der LSAP dierft ee frou sinn, scho Proprietaire vun den eegene Maueren ze sinn.
Elo ass d‘LSAP schonn a ville Regierunge gewiescht, an och an dëser spillt si mat, mee et muss een unhuelen dierfen, datt d‘Sozialisten ni an der Verantwortung waren an och wierklech déi politesch Méiglechkeeten haten oder ergräife kënnen, sech guttwëlleg de reelle gesellschaftleche Problemer unhuelen ze kënnen. Et sinn dann och net d‘LSAP-Politiker déi sech an Aussoe wäerte verléieren.
Nee si eng Stëftung an dat ass d‘Fondatioun Robert Krieps, déi 2011 gegrënnt gouf. D‘Stëftung soll – zumindest gëtt dat esou behaapt – den Debat kultivéieren. De Generalsekretär vun der Stëftung, Max Leners, deen idealerweis och en eegene Blog ënnerhält, huet sech Enn Mäerz mam „Paradox vu Kox“ beschäftegt, fir dann elo Ufank Abrëll iwwert d‘Relance vun der Präisser hierzefalen…
De jonke Mann ass natierlech Affekot an zënter 2019 an enger klenger Kanzlei derbäi sech d‘Haren ofzestoussen. Hien ass datt wat een als „Beruffspolitiker mat besonneschen Ambitiounen“ muss bezeechnen an wann dësen elo feststellt, datt „seng Generatioun sech keng Wunneng méi leeschte kann“, ass dat wierklech nëmmen eng politesch Floskel, well gemengt sinn hei d‘Hongerleider.
An der LSAP sinn dës „Hongerleider“ schwéier auszemaachen, mee et gouf eis verséchert, datt et am Land LSAP-Sektiounen hätt, wou et Membere mat net esou décke Paie géif ginn, an déi sech elo näischt méi am Land leeschte kéinten. Déi wou „siichtbar“ sinn hunn deraart Problemer keng, konnten och ni wierklech eppes fir de Logement maachen, well se ni an der Verantwortung waren.
Esou duergestallt kann een dem Kaviar-Sozialismus natierlech kee Virworf maachen, an dat LSAP Affekote virzuchsweis an der Wirtschaft a fir d‘Wirtschaft ënnerwee sinn, an ëmmer nëmmen den Aarbechter hir Interesse géintiwwer der Finanz an dem Groussgrondbesëtz verdeedegen ass kloer. Si stinn dann och ëmmer an der éischter Rei, fir den abordabele Logement demonstréiert gëtt.
Virun allem de Max Leners, setzt sech net nëmmen an der Robert Krieps Stëftung massiv fir den abordabele Logement an, och bannent der Partei mécht hie maximal Drock. Effizient an effektiv gestäipt, gëtt de jonke Messias vum Lëtzebuerger Barreau, elo keng Rou méi bis d‘Regierung de Problem erkennt, Aarbechtsgruppe schaaft an a Kommissiounen de Problem op de Leescht hëlt.
Dank sengem onermiddlechen Asaz, an der Gewëssheet, datt d‘LSAP – wéinst hirem Engagement wärend der Pandemie, der Wäitsiicht vun hire Ministeren an Deputéierten, der Verbonnenheet mat den Lounofhängegen a Prekären, asw… – bei de Walen 2023 déi absolut Majoritéit wäert erréngen, sollt d‘Logementskris 6 méint méi spéit geléist sinn, a jiddereen en Daach iwwert dem kapp hunn.