Search

You may also like

D’Kulturfabrik presentéiert seng nei Verwaltung
International Neiegkeeten

D’Kulturfabrik presentéiert seng nei Verwaltung

Um Donneschdeg, den 18. Juni huet d’Kulturfabrik seng traditionell Generalversammlung

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat
International Neiegkeeten

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

D‘Verfassung vu Kuba staamt aus 1976, an ass eppes verstëbst,

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava
International Neiegkeeten

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava

Nodeems si eng Haaptroll an der Néierlag vun Daesh gespillt

70 Joer nom Grenzstuerm vu St. Germanshof: Ni méi Grenzschléissungen!

70 Joer nom Grenzstuerm vu St. Germanshof: Ni méi Grenzschléissungen!

Um 6. August 1950 sinn zu St. Germanshof iwwer 300 Studenten, Professeren a Journalisten aus 9 Länner bei der Zollstatioun zesumme komm, fir d’Barrièren op däitscher a franséischer Säit néier ze räissen. Si hu sech fir e gemeinsamt Europa bekannt, a genee dorun well een och um 70. Joresdag erënneren.

D’Jungen Europäischen Föderalisten Saarland a Rheinland-Pfalz, d’Jeunes Européenes Strasbourg, d’Europa-Union Saar, d’Europa-Union Rheinland-Pfalz an d’Europa-Unioun Lëtzebuerg treffe sech dofir muer fir e symboleschen Akt op der historescher Plaz. Dat bedeitend Ereegnis huet zur Grënnung vun der Europäescher Beweegung, an doropshin och zur Grënnung vun de jonken europäesche Federaliste bäigedroen.

E vereent Europa ouni Bannegrenzen, mat den haitegen Erausfuerderungen

„Mir wëlle mat dëser Aktioun e weidert Zeeche setzen. D’Schléissung vun de Bannegrenzen, d’Aussetze vum Schengener Ofkommes an d’Aféierung vu Grenzkontrollen widdersprécht kloer dem Europäesche Gedanken. Ni méi dierf et an der EU zur Schléissung vun de Grenze kommen. Ni méi dierf den nationalen Interessi iwwert der europäescher Iddi stoen. An ni méi soll an der EU tëscht „eis“ an „den Aneren“ entscheet ginn“, sou déi JEF.

„An de leschte 70 Joer gouf et net een eenzege Moment, an deem transnational Problemer mat nationale Léisunge geléist konnte ginn. „Just eng Europäesch Federatioun kann eisem Kontinent Fräiheet, Sécherheet a Wuelstand garantéieren“, heescht et an der Erklärung vum 6. August 1950. Dorun huet sech och haut näischt geännert.“

Treffpunkt ass en Donneschdeg, de 6. August 2020 um 18:00 Auer beim ale Grenziwwergang zu St. Germanshof. Parke kann ee beim Landgasthaus, duerno muss e klengt Stéck zu Fouss, respektiv um Vëlo vu 5 bis 8 Minutten zeréckgeluecht ginn.

Grenzschléissungen

Opmaacherbild: © Oliver Cole / Unsplash

Related topics Bannegrenzen, Barrière, Europa-Unioun Lëtzebuerg, Grenzschléissung, Grenzstuerm, Jeunes Européens Strasbourg, Jungen Europäischen Föderalisten, Oppe Grenzen, Schengener Ofkommes, St Germanshof, symboleschen Akt, Zollstatioun
Next post Previous post