Search

You may also like

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
International Neiegkeeten Stories

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

0 € fir d’Lëtzebuerger Filmindustrie – 228 Milliounen € fir een US-Militärdepot
International Neiegkeeten Stories

0 € fir d’Lëtzebuerger Filmindustrie – 228 Milliounen € fir een US-Militärdepot

Wärend de Xavier Bettel engem Projet zur Usiidlung vun der

The Original USA Gospel Singers & Band zu Besuch am Trifolion
International Neiegkeeten Stories

The Original USA Gospel Singers & Band zu Besuch am Trifolion

Iwwer 20 Joer Tournee-Erfarung a méi wéi eng Millioun Fans

Prisongsstrof fir en Onschëllegen

Prisongsstrof fir en Onschëllegen

D‘Urteel am Prozess géint de fréiere President vun der „Grande Nation“ Nicolas Sarkozy, ass gefall a gëllt als historesch: 3 Joer Haft, awer nëmmen zwee dovunner op Sursis! An dat just well et als erwise gëllt, datt hie sech der Bestiechung an Aflossnam schëlleg gemaach huet. De Politiker, dee sech natierlech näischt virzewerfen huet, gëtt selbstverständlech an Appell.

Et ass keen alldeeglecht Urteel, dat gëschter am Frankräich géint dräi Krimineller: den Nicolas Sarkozy, Gilbert Azibert (Jurist) an Thierry Herzog (Affekot), gesprach gouf. Eigentlech ondenkbar, mee elo huet och déi zanter 1958 bestoend „5ème République“, hire klenge Schanfleck. De Prozess huet fir entspriechend Opmierksamkeet gesuergt, well esou ee Beholl jo éischter normal ass.

Datt den Nicolas Sarkozy soll 2014 versicht hunn, iwwert säin Affekot vum Jurist „Geheimnisser“ aus Ermëttlungen an enger „anerer Affär“ ze kréien, wier net nëmmen onanstänneg mee droleger Weis och nach gesetzlech verbueden. D‘Justiz werft dem fréiere President esouguer vir, dat säi Verhalen d‘Onofhängegkeet vun der Justiz géif a Fro stellen. Et wiere schwéier Vergoen…

Nicolas

De 66 järegen – dee sech wéi d‘Membere vum HRS-Verwaltungsrot och bei der Impfung géint de Covid19 virgedrängelt huet an generell der Meenung, ass datt wie mat 50 Joer keng Rolex huet, säi Liewe verpasst hätt – ass sech natierlech kenger Schold bewosst. Als „Herrscher“ dierf een eben alles, an an dësem Fall – änlech wéi beim Nawalny – huet d‘Gericht ee politescht Urteel gefält.

Woubäi dem Carla Bruni säin Hengscht net den éischte franséische Staatschef ass, deen den Dicks gebéit krut. Esou war dem Sarkozy säi Virgänger, de Jacques Chirac (och esou ee Beispill, dat soll ënnersträichen, wéi vill kriminell Energie et brauch fir politesch aktiv ze sinn) wéinst Verontreiung a Vertrauensbroch wärend sengem Mandat als Buergermeeschter vu Paräis veruerteelt ginn.

Alles just eng Hexejuegd

An déi franséisch Justiz huet sech géint de quirlegen Oldie verschwuer. Esou soll et a 14 Deeg zu engem weidere Prozess, géint dëse grousse Staatsmann – hien ass gäre mam Bonaparte verglach ginn – kommen. An dësem Dossier, gëtt dem Ugekloten zu Virworf gemaach, bei sengen Ausgabe fir déi lescht Walcampagne eppes „large“ mat den Angaben zu den Ausgaben ëmgaangen ze sinn.

Domatter net genuch, huet sech déi franséisch Justiz zanter Joren an d‘Opklärung vu Geldtransfert aus Libyen verbass. Et heescht dem Nicolas Sarkozy säi Frënd a Vertrauten, Muammar al-Gaddafi, hätt 2007 eppes Geld an dem Beschëllegte säi Walkampf investéiert. Dat wéi gewosst ass, zimlech erfollegräich. Erfolleg ass de franséischer Justiz awer Suspekt, firwat entspriechend ermëttelt gëtt.

Nicolas

Seng politesch Famill, déi generell der Meenung ass, dat just den anere Parteien hir Aktivitéiten illegal – also kriminell – sinn, ass schockéiert a rosen. Esouguer seng Liewenspartnerin huet hei däitlech erkannt, datt d‘Urteel „politesch“ gewollt an erbäigefouert ginn ass. Esouguer bei de leschten Demokraten am Land, dem Rassemblement National (RN), huet een dës Erkenntnis.

Dobäi hat de Sarkozy am Mäerz 2018 jo awer am „libesche Kontext“ senge Landsleit erkläert, datt hien a seng Ekipp maximal virsiichteg agéiert haten: et géif elo keen Dokument, keng Foto, kee Konto an och soss kee materielle Beweis méi déi sech géif opdreiwe loossen. Si misste jo wësse wat se verschwanne gedoen hunn, an d‘Fransouse kéinten him och doranner weider ganz vertrauen.

Bei allem Respekt

Gutt, datt de Fan vun italienescher Popkultur a seng zwee Kampfgefäerte missten – och wann se géifen an 2. Instanz verléieren, wat natierlech net wäert geschéien – an de Prisong, dat kann een mat grousser Gewëssheet ausschléissen. „Hausarrest mat elektronescher Iwwerwaachung“, wier jo och schonn, bezunn op de Numm an de Rang vun de Personnagen esou eppes wéi eng „Héchststrof“.

Et ass schonn en Affront, datt sech d‘Justiz erausgeholl huet, d‘Telefonsgespréicher tëscht dem Nicolas Sarkozy a sengem Affekot ofzelauschteren. „Si goufe behandelt wéi en Drogekartell“, heescht et aus de Reie vum ex-President senger politescher Famill. Si behaapten, datt et an dësem Kontext eng „Revanche“ vun der Justiz wier, an déi hir Onofhängegkeet selwer a Fro stelle géif.

Nicolas

Ganz béis Zonge behaapten esouguer, datt sech de franséische Justizapparat géint de Sarkozy géif wennen, fir weider politesch Aktivitéiten, jo ee weidert politescht Mandat onméiglech ze maachen. Sollt et tatsächlech en Zil gewiescht sinn, esou wier dat jiddefalls mat dësem Urteel – egal wéi d‘Revisioun ausgeet – schonn emol erreecht ginn. Aus der „éischter Rei“ ass hien elo ausgeschloss.

Fir d‘Republikaner – déi eenzeg éierlech an nëmmen de Bierger, dem Land an der Gerechtegkeet verflichte politesch Famill a Frankräich – ass et natierlech ee schwéiere Schlag. Si haten esouvill Hoffnung an hiren an dem Carla säin Hengscht gestach. An tatsächlech de „Les Républicains“ feelt ee sougenannt politescht Zuchpäerd. Zur Stonn feelt et der Partei awer net un Opmierksamkeet.

mat indymedia/par

Related topics Frankräich, Gilbert Azibert, Justiz, Nicolas Sarkozy, Thierry Herzog
Next post Previous post