Search

You may also like

Fir d’Geschlechtergläichheet: Stereotyppe schonn am jonken Alter bekämpfen
Neiegkeeten

Fir d’Geschlechtergläichheet: Stereotyppe schonn am jonken Alter bekämpfen

D’Educatioun zur Gläichheet tëscht Fraen a Männer bilt d’Basis fir

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien
Neiegkeeten

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien

Zanter dem 1. Juli mussen d‘Leit déi mam Fliger oder

Nationalfeierdag: De ganze Programm vun 2019!
Neiegkeeten

Nationalfeierdag: De ganze Programm vun 2019!

Et ass nees esou wäit – Nationalfeierdag steet virun der

Negligabel Niewewierkunge beim Covid19-Vaccin?

Negligabel Niewewierkunge beim Covid19-Vaccin?

Well déi investigativ Kolleege vu „Mediapart“ an aner Medieschaffend (international) vu graven Niewewierkungen, jo esouguer vun Doudesfäll no Vaccinatioune bericht hunn, huet de Marc Baum, Deputéierte vu déi lénk, ee puer Froen un d‘Gesondheetsministesch geriicht.

Laut dem Deputéierte wier et an Däitschland, Frankräich an Norwegen, no der Impfung zu Stierffäll bei eelere Patiente komm. Den Ament géif nach ënnersicht, wéi eng Relatioun dës Stierffäll mam Vaccin, respektiv wéi eng Comorbiditéite/Pathologien do eng Roll spillen. Näischt Genaues weess een den Ament net, an et wëll een hei awer schonn eppes Kloerheet. Ginn et also hei Geforen?

Vun der Ministesch jiddefalls wollt de Marc Baum wëssen, op hir déi uewe genannte Faite bekannt sinn, ob et schwéier bis déidlech Niewewierkunge bei Patienten zu Lëtzebuerg hat a falls jo wéi all d‘Affer waren an ob dozou eng Enquête gëtt? Wichteg och d‘Fro, ob d‘Fleegepersonal an den Alters- a Fleegeheemer mam Ëmgang mat eventuellen Niewewierkungen instruéiert ginn ass?

D‘Äntwert vun der Gesondheetsministesch ass däitlech: bis ewell ass hei am Land kee Stierffall an der Folleg vun Niewewierkunge mat engem Covid19-Impfstoff bekannt. Wat d‘Impfstoffer betrëfft, esou wieren déi vun der Europäescher Medikamentenagence (EMA) ëmfaassend gepréift ginn. Och no de säitens Norwegen zum Ausdrock bruechte Bedenken, konnt d‘EMA keng Mängel notéieren.

Richteg ass, datt am Januar an Norwegen, 33 Mënschen déi hir Impfung erhalen hate verstuerwe sinn. Laut der Agence kéinten dës Virfäll awer net a Relatioun mat de Vaccine gesat ginn. Weider heescht et an der Äntwert vun der Ministesch, datt d‘Meldungen zu Niewewierkungen hei am Land ganz akribesch analyséiert ginn. Et gëtt zudeem scho vill Daten, op déi kann zeréckgegraff ginn.

Aus de bis ewell gemaachten Analysen, ass esou ze enthuelen, datt d‘Niewewierkunge kenger bestëmmter Altersgrupp kënnen zougewise ginn, och de Gesondheetszoustand wier keen direkten Indicateur. Et dierf och nach emol drop higewise ginn, datt all Mënsch virun der Impfung vun engem Dokter gesi gëtt. Dëse beuerteelt a leschter Instanz op eng Persoun ka geimpft ginn.

Illustratioun: © Ante Samarzija / unsplash

Related topics Covid19-Vaccin, déi lénk, Gesondheetsministesch, Marc Baum, Parlamentaresch Fro 3518, Paulette Lenert
Next post Previous post