Search

You may also like

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!
Kultur Neiegkeeten

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!

Eigentlech hätt ee sech en eppes méi entspaanten OGBL-President erwaart,

Nei bei Éditions Phi: „Enfance, instanés“ a „L’année du Rat“
Kultur Neiegkeeten

Nei bei Éditions Phi: „Enfance, instanés“ a „L’année du Rat“

Dir benéidegt nei Summer-Lecture? Éditions Phi presentéiert Iech seng zwee

Pipo Peng: Kee Bock
Kultur Neiegkeeten

Pipo Peng: Kee Bock

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Night, Light & More: Koffergrouf by Night

Night, Light & More: Koffergrouf by Night

Um kommende Freideg steet eng Visitt vun der besonnescher Aart un: Mat dem Evenement Koffergrouf by Night erlieft dir d’Stolzebuerger Kofferminn an enger ganz neier Atmosphär. No enger klenger Wanderung geet et, equipéiert mat Helm a Stiwwelen an déi ënnerierdesch Galerië vun der Minn.

Night, Light & More invitéiert op säi spektakuläert Erliefnis Koffergrouf by Night. Treffpunkt ass um 19:00 Auer beim Musée Koffergrouf. No enger Wanderung vun 2 km bis bei d’Kofferminn, kréien d’Visiteuren dat noutwennegt Sécherheetsequipement zur Verfügung gestallt. Scho kuerz drop geet et op d’Rees an d’Galerien, an deene verschidden Theater-Performancë virgefouert ginn, déi eis an der Zäit zeréck versetzen.

No dësem opreegenden Deel wäert sou lues och de Mo grommelen. Zum Ofschloss vum Owend gëtt dofir de Grill ugemaach an am Uschloss eppes Guddes giess. Wëll een deelhuelen, da soll ee sech am viraus ënnert nightlightandmore@naturpark.lu oder iwwert d’Telefonsnummer 90 81 88-1 umellen.

Wéi, wat, wou?

De 4. Oktober 2019 fënnt d’Evenement Koffergrouf by Night statt. Den Treffpunkt ass um 19:00 Auer beim Musée Koffergrouf (5, rue principale L-9463 Stolzebuerg). Organiséiert gëtt dat Ganzt vum Naturpark Our an Oëwersauer.

Fir deelzehuele muss ee sech am viraus ënnert nightlightandmore@naturpark.lu oder iwwert d’Telefonsnummer 90 81 88-1 umellen. D’Participatioun kascht 7,50 € fir Erwuessener an 3,50 € fir Kanner tëscht 6 an 13 Joer.

Night, Light & More

De Festival Night, Light & More

Vum 28. September bis Enn Mee 2020 lenkt de Festival Night, Light & More d’Opmierksamkeet op d’Schéinheet vum Stärenhimmel an d’Landschaften an der Nuecht. Donieft ginn och Theme wéi d’Luucht an d’Donkelheet an de Virdergrond gesat. All Visiteur gëtt doriwwer informéiert, wéi een de steigende Liichtemissiounen entgéint wierke kann an esou zum Erhalt vun der natierlecher Donkelheet bäidréit.

Méi Informatioune ginn et ënnert www.nightlightandmore.lu.

Opmaacherfoto: © Raymond Clement

Related topics Donkelheet, Koffergoruf by Night, Kofferminn, Liichtverschmotzung, Night Light and More, Stärenhimmel, Stolzebuerg
Next post Previous post