Search

You may also like

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!
Kultur Neiegkeeten

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der

Twitter a Facebook trieden als Rivalen op
Kultur Neiegkeeten

Twitter a Facebook trieden als Rivalen op

Et ass en zimlech „hëtzegen“ Debat dee sech ronderëm déi

Bolivien: Haftbefehl géint den Evo Morales
Kultur Neiegkeeten

Bolivien: Haftbefehl géint den Evo Morales

Den éischten indigene President vun engem südamerikanesche Land, war am

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

Wann d‘Sonn ënnergeet an d‘Nuecht sech wéi en Duch iwwert d‘Land leet, erwächt eng nei Welt zum Liewen. Nuetsaktiv Planzen an Déiere reegen sech, Stäre fänken un an der Däischtert ze fonkelen an den Doft vun der Nuecht entfaalt seng Aromaen. Op genee dës faszinéierend Welt wëll den neie Festival vun de Parken Our an Uewersauer opmierksam maachen.

Vum 28. September bis Enn Mee 2020 lenkt NIGHT, Light & More d‘Opmierksamkeet op d‘Schéinheet vum Stärenhimmel an der nuechtlecher Landschaft, esou wéi op d‘Theme Luucht an Däischtert. Doriwwer eraus informéiert de Festival, wat genee all eenzele vun eis maache kann, fir de steigende Liichtemissiounen entgéintzewierken an den Erhalt vun der natierlecher Däischtert ze ënnerstëtzen.

Zum Ursprong

de Festival NIGHT, Light & More geet aus dem INTERREG Europe Projet „NIGHT LIGHT“ ervir. Dobäi hunn sech zanter Januar 2017 aacht Regiounen aus siwen europäesche Partnerlänner zesummegeschloss, fir gemeinsam d‘Wäertegkeet vum natierlechen däischteren Nuetshimmel ze steigeren an der Liichtverschmotzung aktiv entgéintzewierken. D‘Partnerregiounen aus Holland, Ungarn, Spuenien, Dänemark,Slowenien, Italien a Lëtzebuerg zeien dobäi un engem Strang an sti stänneg a Kontakt. Fir Lëtzebuerg engagéiert sech den Naturpark Our, dee säi Sëtz zu Housen huet. De Projet leeft nach bis Enn 2021.

Anescht wéi beim „NIGHT LIGHT“ Projet, bei deem eng technesch Virgoensweis un d‘Thematik am Virdergrond steet, ass beim Festival NIGHT, Light & More déi ëffentlech Bewosstsënnsbildung géintiwwer der Problematik vun der Liichtverschmotzung an de Virdergrond geréckelt ginn. Tëscht informativen an ureegende Programmpunkte gëtt et och eng Abberzuel u mageschen an mäerechershafte Momenter déi d‘Besicher begeeschteren.

Zum Programm

NIGHT, Light & More bëndelt eng Villzuel vu ganz ënnerschiddleche Veranstaltungsformen, wéi Ausstellungen, Concerten, Performancen, Konferenzen, Atelieren an Nuetswanderungen. Ingesamt ginn an de Partnergemenge vun den Naturparken Our an Uewersauer 25 Veranstaltungen ugebueden. Déi ënnerschiddlech Projete sinn drop beduecht, den Interessi vum Publikum un der Thematik ze fërderen. Duerch d‘Villfalt vun ëffentlechkeetswierksamen Aktivitéite soll e méiglechst breede Public fir d‘Ziler vum Projet „NIGHT LIGHT“ sensibiliséiert ginn.

Fotosconcours

De Festival NIGHT, Light & More invitéiert doriwwer eraus och derzou an kreativ ze ginn. Dir kënnt nach bis den 31. Dezember 2019 är schéinst Nuetsopnamen aschécken an hutt mat eppes Gléck d‘Chance attraktiv Präisser ze gewannen. Déi beandrockendst Fotoe ginn dann och an enger Ausstellung gewisen.

Kënschtlecht Liicht

85% vum gesamten EU-Gebitt ass während der Nuecht kënschtlech beliicht. Och zu Lëtzebuerg ass d‘Nuetsbeliichtung zum, feste Bestanddeel ginn a ëmmer méi sinn déi iwwerflësseg a schiedlech Liichtemissiounen, déi mir als Liichtverschmotzung wouerhuelen erkennbar.

Dobäi ass net all Form vu Liicht schlecht. Et gëllt vir unzefänken onnéidegt Liicht, do wou et net higehéiert ze vermeiden. Dann eréischt soll Luucht, do wou et erfuerderlech ass, mat Vernonft an no Bedarf agesat ginn. Déi richteg Mooss u Beliichtung ass fir ee récksiichtsvollt Zesummeliewen essentiell. Dat ze schützend Kulturgutt vum Nuetshimmel, d‘Gesondheet an d‘Wuelergoe vun eiser Déieren- a Planzewelt, mee och déi vun eis Mënschen, sollt et eis wäert sinn.

Auswierkungen op Mënsch an Déier

Sécherheet a Wuelbefannen – dës Begrëffer associéiert de Mënsch mat kënschtlecher Beliichtung. Dobäi ass awer hien op déi natierlech Däischtert ugewisen.

Eng ze intensiv Beliichtung huet net nëmmen Auswierkungen op de Schlofrhythmus, andeems et zu Schlofstéierungen an enger Verkierzung vun der Schlofzäit kënnt, mee kann doriwwer eraus och de Kreeslaf, de Stoffwiessel, d‘Wuelbefannen an d‘Leeschtungskraaft vum Mënsch negativ beaflossen. Esouguer d‘Gedächtnis an d‘Immunsystem kënnen ënnert kënschtlecher Luucht leiden.

D‘Folge vun de konstant steigende Liichtemissioune sinn fir d‘Natur imprevisibel: d‘Vulle bréien an Sangen éischter, Vullen op hirer Duerchrees gi vun hirem Wee ofgelenkt, Beem verléieren hir Blieder méi spéit a ginn esou éischter vu Fraschtschied heemgesicht. Ze vill kënschtlech Luucht werft deemno onbeléift Schieter an d‘Welt.

Besonnesch Insekten hunn ënner kënschtlechem Liicht ze leiden. Ugelackelt fléien si oft esoulaang ronderëm dëst Liicht, bis si schlussendlech un Erschëpfung stierwen. An Däitschland komme ronn 1 Milliard Insekte pro Nuecht duerch Konschtliicht ëm. Dëst massiivt Stierwen huet och Auswierkungen op aner Déieren, fir déi Insekten de wichtegste Bestanddeel vun der deeglecher Ernierung sinn. Och de Mënsch ass op dës Insekten ugewisen. Ouni si als Natierlech Bestäuber, géif en erhieflechen Deel vun eise Liewensmëttel verluer goen.

Aktiv ginn

Jidderee kann derzou bäidroen, d‘Liichtemissiounen ze verréngeren. Dat ganz einfach unhand vu véier Tipps ëmzesetzen:

1 Nëmme beliichte wann et noutwenneg ass

iert eng Beliichtung installéiert gëtt, sollt ee sech d‘Fro stellen op et tatsächlech sënnvoll ass. Doriwwer eraus kann iwwert d‘Dauer vun der Beliichtung nogeduecht ginn. Muss et wierklech eng permanent Beliichtung oder kënne Beweegungsmelder an Zäitschaltaueren zum Asaz kommen, fir dem kënschtleche Liicht Grenzen ze setzen?

2. Nëmmen dat Néidegt beliichten

bei der Installatioun vu kënschtlechem Liicht sollt een drop uecht doen, de Radius vun der Beliichtung esou geréng wéi méiglech ze halen, also net onnéideg wäit ze strahlen.

3. Opgepasst bei der Wiel vun de Luuchten

Bei der Wiel vun der Luuchte sollt op d‘Faarftemperatur uecht gedoe ginn. Dës sollt ënner 3000°K leien, fir datt den Undeel u bloem Liicht net ze héich ass an onnéideg vill Insekten uklackelt.

4. Nëmme vun uewen no ënne beliichten

Dës Beliichtungsrichtung sollt onbedéngt agehale ginn, fir d‘Bildung vu sougenannte Liicht-Klacken ze vermeiden.

D‘Éislek als Virreider

An Zesummenaarbecht vu béiden Naturparken Our an Uewersauer an dem regionalen Tourismus-Büro Éislek gëtt de Festival op regionalem Niveau ausgedroen. D‘Veranstaltunge ginn u méiglechst ville Standuerter an der Regioun, a Kooperatioun mat lokalen, regionalen a nationale Partner ugebueden.

Déi 25 Veranstaltunge verdeelen sech op all Membergemenge vun den Naturparken Our an Uewersauer. NIGHT, Light & More erstreckt sech bewosst iwwert déi däischter Joreszäit, zum engen ëm besonnesch a mystesch Atmosphären ze schafen, zum aneren an virun allem fir d‘Potential vun der Regioun Éislek opzeweisen, dem Besicher och an de Wanterméint innovativ an attraktiv Aktivitéiten ubidden ze kënnen.

De Festival NIGHT, Light & More soll zudeem zur Identifikatioun vun der Regioun Éislek als Virreider am ëmweltbewossten Ëmgang mat kënschtlecher Beliichtung bäidroen. D‘Regioun verfüügt a wäiten Deeler nach iwwert déi weltwäit ofhuelend Ressource vun der natierlecher Däischtert. An der Beméiung zukünfteg fir dären Erhalt anzetrieden, wëll d‘Regioun ausserdeem dëst Potential notzen, virun allem am naturnoen a nohaltegem Tourismus. D‘Éislek luet derzou an d‘Nuecht ze erliewen, hir Rou am Naturraum wouerzehuelen a bei klore Nuechten d‘Naturlandschaft ënnert engem otemberaubende Stärenhimmel ze observéieren.

NIGHT, Light & More gëtt organiséiert vu béiden Naturparken Our an Uewersauer an Zesummenaarbecht mam regionalen Tourismusbüro Éislek. Finanziell ënnerstëtzt gëtt de Festival vum Ministère fir Energie a territorialen Amenagement, dem Wirtschaftsministère, der Generaldirektioun vum Tourismus, esou wéi vun de private Sponsoren: S.E.O.; Soler, ParFi Group; Kaufmann & Biesen; Rucken Electricité & Eclairage; AEM Lightning a CREOS. Och Gemengen déi um Naturpark bedeelegt sinn, hunn hire Bäitrag geleescht.

Dee ganze Programm kënnt dir hei eroflueden – weider Informatiounen zum Festival fannt dir och ënner: www.nightlightandmore.lu // eng kleng flott Brochure fir auszedrécken gëtt et HEI

Matgedeelt vun de Naturparken Our an Uewersauer, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Naturpark Our, Naturpark Uewersauer, Night Light and More, Regioun Éislek
Next post Previous post