Night Sky, eng interessant Serie

Gëtt et nach anert Liewen? An der Serie « Night Sky », déi op Amazon gestreamt gëtt, kréie mir net nëmme gutt Science zerwéiert, ma och all Äntwert op dës Fro. Oder?

Am Ganzen treffen aacht, gutt gelonge Folgen op Mystery.

Et weess ee jo eigentlech ni, wat den Noper sengem Gaart mécht. Oder am Keller. Déi mannste géingen op eng geheimnisvoll Kummer tippen. Dës ass een aussergewéinlecht Portal zu enger anerer Welt. D’Koppel aus der Serie kann, wann si Loscht huet, einfach mol esou ee Bléck an den Weltall geheien. Phänomenal. Wien wéilt dat net?

D’Irene an de Franklin York sinn zanter Éiwegkeete matenee bestuet a genéissen hier lescht Joren zesummen. De Frank ass ee begeeschterte Bastler a këmmert sech ëm seng Fra. Hier Gesondheet ass net déi Bescht, allerdéngs hält hier Léift si frësch.

Ma dat kéint awer och un hirem Geheimnis leien – wa si duerch d’Portal trëppelen, ass den Alldag vergiess. Si philosophéiere vill – och iwwert ausserierdescht Liewen.

A bemol gëtt et turbulent, ee jonken, blesséierte Kärel taucht blesséiert an der Kummer op. Ma wou kënnt hien hier? Frënd oder Feind? D’Serie ass net nëmmen eng Geschicht iwwer Léift, et geet och ëm Spiritualitéit an de Glawen, datt « dobaussen » nach méi kéint sinn.

Dobäi ginn déi ënnerschiddlech Handlungen net matenee verbonnen, mee se kollidéieren awer mateneen. Ass dat Schicksal?

Dernières nouvelles