Search

You may also like

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…
Neiegkeeten

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…

Weltwäit gëtt d‘Applikatioun fir Smartphonen, déi sougenannten Tracing-App an iwwer

KLAXIT: Fir méi Covoiturage zu Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

KLAXIT: Fir méi Covoiturage zu Lëtzebuerg!

Ee Gefier effizient ze notzen, gënschteg a komfortabel vun A

Konscht an de Wolleken: D’Boeing 737 am Sumo-Design ass gestart!
Neiegkeeten

Konscht an de Wolleken: D’Boeing 737 am Sumo-Design ass gestart!

A ganz Lëtzebuerg sinn dem Artist Sumo seng Wierker, déi

Wéi eng Nimm fir d‘Tram-Arrêten?

Wéi eng Nimm fir d‘Tram-Arrêten?

Den Tram rullt elo schonn zanter Méint duerch d‘Stad an bal all Dag kommen nei Arrêten derbäi. A well et op der ganzer Welt esou gemaach gëtt, kréien och d‘Tram-Arrêten bei eis am Land ee Numm. Et wier wuel noleiend, dës Nimm an der Landessprooch ze verfaassen, mee et schéngt wéi wann sech d‘Lëtzebuerger nach ëmmer net drop verstännegt hätten, sech op eng Sprooch festzeleeën.

Mat dräi national-administrative Landessproochen, an nach just enger Minoritéit u Residenten déi de Lëtzebuerger „Dialekt“ am Alldag verwennen, gëtt bei der Benennung vun den Tram-Arrêten, da virzuchsweis déi franséisch Sprooch ugewannt. Verständlech, well esouguer d‘Chamber schéngt intellektuell mam lëtzebuergeschen iwwerfuerdert. Wat kann ee sech do vu Ministèren erwaarden?

Engem deen dat géint de Stréch geet, ass de Fred Keup vun der ADR. Hie wollt dann elo vum Mobilitéitsminister François Bausch wëssen, firwat et bei den Arrêten wuel e puer Lëtzebuerger Nimm huet, dat awer generell net virgesinn ass, an net sollt bei den neien/zousätzlechen Arrêten weider zur Uwennung kommen. An iwwerhaapt: misst een dann net déi 3 Amtssproochen notzen.

Nogefrot

A senger parlamentarescher Fro 3566, wollt de Fred Keup vun der ADR dorobber eng Äntwert. Hie wollt esouguer wëssen, wien d‘Nimm eraussicht a wien dat schlussendlech entscheet? Eng wuel berechtegt Fro, well „Kreativitéit“ ass jo keng ersiichtlech, och wann et verständlech ass, datt en Arrêt bei engem Lycée, sënnvollerweis och dësem säin Numm dréit. Mee dat ass en Detail.

Wesentlech méi prägnant ass déi drëtt Fro: „Firwat si verschidde Statioune just op franséisch an net op Lëtzebuergesch; z.Bsp. Gare centrale: kéint een jo op Lëtzebuergesch Zentralgar oder Haaptgar oder Stater Gar nennen?“. Den Deputéierte wëll zudeem wëssen, firwat eenzeg franséisch bei de Bezeechnung benotzt gëtt wou däitsch jo eigentlech Gläichberechtegt ass? Bequemlechkeet?

Eigentlech géif et sech gehéieren, all Statiounen an Arrêten ee lëtzebuergeschen Numm ze ginn, deem dann déi frankophon, respektiv germanesch Schreifweis kéint bäigeprafft ginn. Mee vläicht wier dat eppes ze originell, an et kéinte Bierger op de Gedanke kommen, datt Uertschaftsschëlter och misste Lëtzebuergesch gestallt ginn. A firwat net direkt d‘Stroossennimm op lëtzebuergesch?

Geäntwert

Dem Mobilitéitsminister seng Äntwert, ass mindestens esou verstéierend wéi de Politiker selwer. Esou heescht et do: „D’Nimm vun de Statioune sollen als éischt emol fir de Benotzer vum Tram liicht ze verhale sinn“. Bezeechnunge wéi „Hippodrome“ an/oder „Ban de Gasperich“ wieren den Ament Aarbechtstitel. Dat Ganzt géif dann och enger klorer geographescher Logik entspriechen.

Wichteg wier et zudeem, esou Nimm zeréckzebehalen déi eng Relatioun mat der Geschicht an der Kultur vum Land hunn. Et besteet nach ëmmer de Wëllen d‘Lëtzebuerger Sprooch ze valoriséieren. Laut dem Minister géif uecht gedoen, datt d‘Nimm vun de Statiounen an den offizielle Sprooche gutt verständlech sinn. Allerdéngs huet et bei topographeschen Nimm, och Exceptiounen.

Esou seet ee wuel „Paräisser Plaz“ net awer „Metzer Plaz“, hei gëtt allgemeng de franséischen Terme genotzt. „Gare Centrale“ wier dogéint esou gewielt ginn, datt d‘Residenten, d‘Frontalieren an d‘Touristen direkt wësse wou se sech befannen, oder hiwëllen. Nëmme Lëtzebuerger oder Franséisch Nimm ze verwennen, géif der Verständlechkeet net hëllefen. Däitsch ass net virgesinn…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu (Archiv)

Related topics adr, Arrêten, Bezeechnung, François Bausch, Fred Keup, LuxTram, Mobilitéitsminister, Parlamentaresch Fro 3566
Next post Previous post