Search

You may also like

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?
International Neiegkeeten Stories

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?

Am Kader vun den Aarbechten un der Infrastruktur vum Tram

Um Wee zu enger neier transatlantescher Klimapartnerschaft
International Neiegkeeten Stories

Um Wee zu enger neier transatlantescher Klimapartnerschaft

Am Kader vum informellen Treffe vun den Ëmweltministeren, huet d’Lëtzebuerger

Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: 455 Schüler kruten en Diplom
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: 455 Schüler kruten en Diplom

Fir d’Schouljoer 2019/2020 kréie 455 Schüler vun de Lëtzebuerger Sproochen-

Nine-Eleven… och d‘Taliban hunn den 11. September zelebréiert

Nine-Eleven… och d‘Taliban hunn den 11. September zelebréiert

Wärend an den USA dem Attentat vum 11. September geduecht gouf, an alleguerten d‘Nimm vun den Affer eenzel genannt goufen, hunn de Jean Asselborn seng „Männer mat de laange Bäert“ an der Haaptstad vum Islameschen Emirat Afghanistan, nees hire Fändel iwwert dem Presidentepalais an de Wand gehaangen…

Virun 20 Joer hunn d‘Amerikaner den Afghanistan iwwerfall an dunn iwwert den Ëmwee vun engem UN-Mandat zesumme mat der NATO, also ausgewielten NATO-Partner (dorënner och Lëtzebuerg) d‘Land besat. Elo hu se festgestallt, datt alles vill Goss verbrannt huet, an et wuel éischter net méiglech ass, aus dem Afghanistan eng Demokratie no US / EU Virbild ze maachen.

Si hunn also dem Land de Réck zougewannt. Esou och all de Mënschen deenen si gleewe gedoen hunn, datt si elo „Fräiheeten“ hätten. Frae sollte selbstbestëmmt liewen dierfen, an d‘Schoul goen, ee Beruff ergräifen an esouguer selwer de Liewenspartner auswielen. Jo et gouf esouguer an Aussiicht gestallt, se politesch engagéieren ze dierfen an onverhüllt duerch d‘Liewen ze goen…

Elo sinn d‘Taliban nees un der Muecht, an kënne genësserlech mat ausgestreckte Mëttelfanger a Richtung Amerika an Europa weisen. Et ass jo net wëll d‘USA/NATO op der ganzer Linn versot hunn, datt dës géifen hir Defaite agestoen. Nee si gesinn sech als d‘Gewënner an hunn ee Kuerf voller Fuerderungen… D‘Taliban gesinn dat labber, et gëtt besser „Partner“ wéi d‘EU an d‘USA.

Wat deenen enge Recht ass, kann deenen anere bëlleg sinn

Wärend also d‘Amerikaner um Ground Zero zu New York, den Affer vum 11. September geduecht hunn – déi jo laut offizieller Geschichtsschreiwung, vum féiere CIA-Agent a „Fräiheetskämpfer“ Osama bin Laden ausgeschafft an ugewise goufen – war zu Kabul d‘Stëmmung éischter festlech, wann ee de Männer mat de laange Bäert, eppes Festleches sollt zoutrauen. Feieren ass net Hires…

Datt d‘Taliban eppes géint Musek, Fraerechter (eigentlech Mënscherechter generell) a reliéis Fräidenker hunn, soll awer net den Androck erwächen, si hätten eng mat der Dänn an/oder wiere strunz däämlech. Dat ass net de Fall, a si wëssen esou gutt wéi all aneren, d‘Kraaft vun de Biller ze schätzen an d‘Noutwennegkeet vun der Propaganda an der semipolitescher Provokatioun ze notzen.

Esou huet dann op dësem schonn denkwierdege Gedenkdag, dem Kommunikatiounsminister Xavier Bettel säin afghaneschen Homolog, den honorabele Minister fir Kultur an Informatioun, Zabihullah Mujahid (bis zur Regierungsbildung de Spriecher vun den Taliban) sech ee gëllege Spaass dorausser gemaach, dëse „Gedenkdag“ an de Kontext vun 20 Joer Besatzung, Mord an Doudschlag ze setzen.

Et hätt elo Fridden… woubäi mat der Definitioun klemmt et nach

Den Zabihullah Mujahid, huet erkläert datt elo de wäisse Fändel mat Koran-Sproch iwwert dem Presidentepalais zu Kabull hänkt. Et géif een allerdéngs och dem 11. September gedenken, firwat dëser wäiss Fändele méi opgehaange goufen, esou beispillsweis op der fréierer US-Ambassad. D‘USA haten d‘Taliban verantwortlech gemaach, hirem CIA-Agent ënnerschlupf gewäert ze hunn.

Nine-Eleven

Dësen hat sech jo vun dëse lassgesot an säin eegene kriminelle Veräin op d‘Bee gestallt: al-Quaida, eng Terrorbeweegung, déi sech an der tëscht a vill Versiounen deklinéiert. Daesh, ISIS an/oder och Boko Haram, sinn allerdéngs keng bëlleg Kopien, a global „ënnerwee“. D‘Amerikaner ware komm, fir d‘Land an d‘Steenzäit zeréck ze begleeden… Si hunn hiert d‘Zil allerdéngs net erreecht.

Problematesch ass et elo fir all déi Mënschen, déi sech vun den USA an hiren europäeschen NATO-Partner uschäisse gelooss hunn. D‘Situatioun ass elo net méi schlecht wéi ënnert der Besatzung, woubäi sech d‘Fraen nëmme bedéngt zum Protest motivéiere loossen. Interessant, et huet gëschter Pro-Taliban Demonstratioune vun afghanesche Frae ginn. Propaganda hu se wierklech verstanen…

mat indymedia/tlv

Foto: Laut dem ex-Taliban-Spriecher an haidege Minister fir Kultur an Informatioun, Zabihullah Mujahid, wäert déi international Gemeinschaft, den Islameschen Emirat Afghanistan unerkennen. Op ee geneeën Termäin huet sech den Taliban a senger Ried géinteniwwer dausenden Unhänger awer net festgekluecht. © Islamic Defence Force of Afghanistan

Related topics 11. September, Afghanistan, Fridden, Kabul, Nine-Eleven, Propaganda, Provokatioun, Taliban
Next post Previous post