Search

You may also like

De Kannerfriddenspräis fir d‘Greta Thunberg
Neiegkeeten

De Kannerfriddenspräis fir d‘Greta Thunberg

Zesumme mam Divina Maloum aus dem Kamerun huet déi 16

dislike
Editorial: De Populismus huet de Bundestag am Grëff
Neiegkeeten

Editorial: De Populismus huet de Bundestag am Grëff

Si gesinn sech als „d‘Alternativ fir Däitschland“ a sinn dach

Ännerungsvirschléi beim Baulandvertrag: De Banneministère suergt fir Kloerheet
Neiegkeeten

Ännerungsvirschléi beim Baulandvertrag: De Banneministère suergt fir Kloerheet

Am vergaangene Joer koum et zu e puer Ännerungen beim

No aacht Joer ass et Zäit fir nei Erausfuerderungen

Den Etienne Schneider hat et ugekënnegt a mécht och genee esou wéi hien dat virgesinn huet

No aacht Joer ass et Zäit fir nei Erausfuerderungen

De sozialistesche Wirtschaftsminister steet weder ënner Drock nach ass hie frustréiert. Den Etienne Schneider hat ëmmer drop higewisen, datt méi wéi 10 Joer als Minister net a Fro kommen an elo, no 8 Joer „Minister“ geet et duer. Béis Zonge behaapten et hätt eppes mat der Wahlnéierlag vun der LSAP 2018 ze dinn, anere verweisen drop, datt et am Liewen nach aneres wéi Politik gëtt.

Bei der Entrevue mat de Medien e Méindeg, war awer erauszehéieren, datt de Wirtschaftsminister seng Decisioun schonn direkt nom Wahlowend schéngt geholl ze hunn. Hie hätt, wann et néideg gewiescht wier, als Spëtzekandidat d‘Verantwortung fir de Verloscht vun dräi Mandater op seng Kap geholl. Hie soll och senger Partei ugeroden hunn sech net op eng nei Koalitioun anzeloossen.

Mee si hunn den Etienne „breet geschloe“ kritt firwat hien dann agewëllegt huet. Elo awer fir dat alles um rullen an den Ament ass gënschteg sech zréckzezéien. Esou hannerléisst ee kee Lach an et géif genuch Kompetent Leit, fir seng Mandater ze iwwerhuelen. Et soll zudeem och derzou féieren, datt d‘LSAP sech wierklech erneiert, an neie Generatioune méi Verantwortung zougemutt gëtt.

Dem Groussherzog Henri wëll hie seng Demissioun de 4. Februar iwwerreechen. Wat duerno kënnt ass nach net entscheet. Geséchert ass bis ewell just, datt hie kee politescht Mandat méi ustrieft. Net an der Chamber an och net an der Partei. En Job als Beamte gëtt och ausgeschloss. Et wier elo un der Zäit d‘Saachen eppes méi gemälleg unzegoen an sech Gedanken iwwert d‘Zukunft ze maachen.

Wann de Verwaltungsrot däin Numm rifft

Nodeems de Gast Gibéryen bei der Chamberdebatt zum Budget eng kleng Attack géint de Franz Fayot (LSAP) geridden hat, an drop higewisen huet datt déi lescht LSAP-Wirtschaftsminister an flotte wéi dubiéise Verwaltungsréit hiert Onwiesen dreiwen, hat hien och ugedeit, datt den Etienne Schneider hei keng Ausnam wier, an säi politesche „Réckzuch“ finanziell motivéiert wier.

Rieds geet vun engem kinneklech remuneréierte Posten am ArcelorMittal Virstand, deen awer zur Stonn nach vum fréiere LSAP-Wirtschaftsminister Jeannot Krecké besat gëtt. Fir un dee Stull ze kommen, misst de Jeannot Krecké säin Hutt huelen an op dat elo esou eng einfach Operatioun gëtt, wéi sech dat vill Beruffskollegen ausgemoolt hunn, dierf bezweiwelt ginn. Et presséiert jo och net.

Den Etienne Schneider sengersäits ass formell a stellt kloer: „Wann ech vun der Regierung gefrot géif, op ech de Jeannot Krecké am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal wëll ofléisen, da géif ech natierlech driwwer nodenken“. Dat géif viraussetzen, datt d‘Ethikkommissioun dozou gréng Luucht gëtt. Jo et ass haut net méi esou einfach vun der Politik zréck an de Privatsecteur ze wiesselen.

Ëm d’Ierfschaft muss net gestridde ginn

Fir de Wirtschaftsministère steet de Franz Fayot op der Lëscht, de Gesondheetsministère soll vum Paulette Lenert iwwerholl ginn, déi zur Stonn Konsumenteschutzministesch ass. Ob béid Ministère vun hir geleet solle ginn, war net gewuer ze ginn. Gewosst ass, datt d‘LSAP Gesondheetsministère a Sozialversécherungsministère nees mat enaner verknäppe wëllen. Do ass also nach eppes Loft.

De Fall gesat et bleift bei dëser Konstellatioun, da wier d‘Paulette Lenert awer nëmmen delegéiert Ministesch vir s‘Sozialversécherung, Minister bleift de Romain Schneider. Interessant och, datt den Aarbechtsminister Dan Kersch virgeschloe gëtt d‘Mandat vum Vizepremier ze iwwerhuelen. Dat muss awer nach vun der Parteispëtzt ofgeseent ginn. Déi kënnt den 8 Januar zesummen…

Illustratioun: Mat der Rakéit op de Mars oder awer just mam Lift an d‘Chefetage vun ArcelorMittal? (Gerhard Gellinger / Pixabay)

Related topics Demissioun, Etienne Schneider, Fränz Fayot, LSAP, Paulette Lenert, Vizepremier, Wirtschaftsminister
Next post Previous post