Search

You may also like

Du mengs, du kéints gutt Lëtzebuergesch schreiwen? Da weis eis, wat s de kanns!
International Neiegkeeten Stories

Du mengs, du kéints gutt Lëtzebuergesch schreiwen? Da weis eis, wat s de kanns!

[onionbuzz quiz-id=173][/onionbuzz] Et kann een ni ze vill üben. Dowéinst

Giel Gileten Akt XVIII: Vandaliséiert Banken, ausgeraibert Geschäfter…
International Neiegkeeten Stories

Giel Gileten Akt XVIII: Vandaliséiert Banken, ausgeraibert Geschäfter…

D‘Champs-Elysées wäerten nom 18 Dag vum Mouvement „Giel Gileten“ ni

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut
International Neiegkeeten Stories

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut

Vergaangene Freideg hunn déi jonk gréng hir jäerlech Generalversammlung gehalen

No Attack an der Frankfurter Gar: d‘Sich nom Motiv

De Schock setzt déif - Politik a Sécherheetsautoritéiten opgefuerdert fir méi Sécherheet ze suergen

No Attack an der Frankfurter Gar: d‘Sich nom Motiv

Nom der déidlecher Attack op eng Mamm mat hirem Kand, an der Gar vu Frankfurt-am-Main, ass de Verdächtege gëschter dem Haftriichter virgefouert ginn. Zum Motiv vum Täter ka bis ewell keng Ausso gemaach ginn. An dësem Kontext huet sech den däitschen Inneminister gëschter géintiwwer de Medien ausgeschwat.

Zur Dot

Um Méindegmueren hat e Mann eng Fra, déi mat hirem 8 järege Bouf an der Gar zu Frankfurt um Quai op den Zuch gewaart huet, knapp virun der Afaart vun engem ICE (Inter-City-Express) an d‘Gleiser gestouss. D‘Fra konnt sech retten andeems si sech „weidergerullt“ huet. Den Täter huet och d‘Kand an d‘Gleis gestouss. De Bouf hat keng Chance an ass vum Zuch déidlech erfaasst ginn.

Laut den Erkenntnisser déi virleien, handelt et sech beim presuméierten Täter ëm e 40 järege Mann aus Eritrea, mat Wunnsëtz an der Schwäiz. Dat huet d‘Kantonspolizei vun Zürech och bestätegt. Eng „Néierloossungsbewëllegung“ gëtt Auslänner an der Schwäiz eréischt no engem Openthalt vu fënnef bis zéng Joer gewäert. Domadder erhalen d‘Leit dann och onbeschränkt Openthaltsrecht.

AttackSäitens der Schwäizer Police heescht et, datt de Familljepapp zu Wädenswil (Kanton Zürech) ganz onopfälleg gelieft hätt. Hie soll bis Januar regelméisseg schaffe gaange sinn, war awer zanterhier – offenbar wéinst psychesche Problemer – krankgeschriwwen. Detailer zur Krankegeschicht gëtt et nach keng. Et goufen awer Ënnerlage fonnt an et weess ee wou de Mann a Behandlung war.

Zur Persoun

De presuméierten Auteur vun der gräisslecher Attack war der Police bekannt. Hie war wéinst engem Verkéiersdelikt opfälleg ginn. Méi interessant awer, an éischter an Zesummenhang mat der Dot ze bréngen, e Gewaltausbroch dee d’lescht Woch Donneschdeg stattfonnt hat. Laut der Police huet de Mann seng Fra an déi dräi Kanner agespaart an eng Nopesch mat engem Messer bedreet. D‘Police hat agegraff…

AttackObwuel de Mann sech verfuusst hat, war keng Fahndung ageleet ginn. Dat wier – esou d‘Ausso vun der Zürecher Police – net ubruecht gewiescht an däraarteg Virfäll vun haislecher Gewalt géif et am Kanton eng Dosen all Dag. Hiweiser datt de Mann geféierlech wier hätt et keng ginn an och d‘Fluchtgefor hätt een als „geréng“ bewäert, firwat de Familljepapp nëmmen National gesicht gouf.

Radikaliséierung oder en terroristeschen Hannergrond schéngt et net ze ginn. De Mann wier Member vun der chrëschtlech-orthodoxer Reliounsgemeinschaft. Säit 2006 lieft hien an der Schwäiz, an huet 2011 seng „Néierloossungsbewëllegung“ (Typ C) erhalen an war als „gutt integréiert“ agestuuft ginn. Hien huet och wéi schonn erwähnt geschafft, dat bei de Verkéiersbetriber (VBZ).

Déi politesch Reaktioun

Nom Virfall zu Frankfurt huet den däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU) seng Vakanz direkt ënnerbrach an d‘Dot ob dat schäerfst veruerteelt. Well et a jéngster Zäit méi dëser Dote ginn huet, huet hien sech gëschter zu Berlin mat de Cheffe vun de verschidde Sécherheetsbehörde beroden. Iwwer wat geschwat ginn ass, gouf uschléissend an eng Pressekonferenz ausféierlech erkläert.

Fir dee jonken – an eppes ëmstriddenen – CDU-Politiker Philipp Amthor, dee sech „berufflech“ mat Innepolitik beschäftegt, ass kloer datt et besser Sécherheetsmoossnamen an de Gare muss ginn. Hie gëtt vum SPD-Verkéiersexpert Martin Burkert ënnerstëtzt, dee beklot datt et net genuch Opsiicht op de Quaie gëtt an et an de Garen un Bundespoliziste feele géif. Et brauch also méi „Kontrollen“?

Dat ass esou net Kontextbezunn, well esou Dot léisst sech net zu 100% verhënneren. An de grousse Garen – wat op Frankfurt zoutrëfft – gëtt et vergläichsweis vill Opsiichtspersonal. Dozou mengt d‘Anke Rehlinger (SPD): „Eng Dot wéi déi vu Frankfurt kéint net duerch Sécherheetsmoossname verhënnert ginn. Esou eng Dot offenbaart keng Sécherheetslück, mee eng Mënschlechkeetslück“.

De Procureur huet d‘Wuert

Zur Enquête vum Virfall huet sech de Frankfurter Parquet geäussert: d‘Procureure Nadja Niesen huet drop higewisen, datt géint de presuméierten Täter wéinst Mord an duebelem Mordversuch ermëttelt gëtt. D‘Enquête géif an all Richtunge goen an et wier net virgesinn, dësen Dossier un de Generalbundesanwalt weiderzereechen. Dat wier jo en Hiwäis op en terroristeschen Hannergrond.

AttackNo dëser schrecklecher Dot hu sech eng 400 Mënsche gëschter an der Gar zu Frankfurt fir eng Andacht versammelt. Fir de Chef vun der ökumenescher Missioun, Carsten Baumann, ass dat alles eng sënnlos Katastroph. Eng Katastroph déi an de sozialen Netzwierker virugedriwwe géif ginn, an fir déi weider Spaltung vun der Gesellschaft mëssbraucht gëtt. Et géif nees Haass verbreet ginn…

Deem huet sech d‘Paschtouesch vun der evangelescher Hoffnungsgemeinde, Jutta Jekel ugeschloss. „Mir dierfen net zouloossen, datt elo den Haass d‘Iwwerhand kritt. Elo heescht et bei den Affer an hire Familljen a Frënn ze stoen. Et geet drëms Zesummenhalt ze demonstréieren, net Haass a Wut“, esou d‘Kirchefra gëschter um Parvis vun der Frankfurter Gar. Dat awer ass e fromme Wonsch.

Ass méi Sécherheet méiglech?

Nom Doud vun zwee Mënschen déi an d‘Gleiser gestouss goufen, ass natierlech eng Debatt zur Sécherheet an de Garen entbrannt. En éischt „Gejäiz“ no méi Police op de Quaien an natierlech d‘Fro no „wierkungsvollen Ëmbaumoossnamen“ sinn dobäi ganz normal. Koherent an ëmsetzbar Léisungsvirschléi hunn d‘Hater a soss komesch Gesellen am Netz awer leider net Opweises…

Attack

Wéi zu London esou och a Japan. Barrière verhënneren den Zougang zu de Gleiser. Problem, dat alles geet nëmme bei ëmmer dem selwechten Zuchtyp an dee muss och ëmmer genee op der selwechter Plaz hale bleiwen. © iml/fuk (Archiv)

Laut engem mat der Sécherheet op de Quaie beschäftegte CFL-Mataarbechter (dee net wëll genannt ginn) ginn et keng honnert Léisungen. Et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet: den Abau vun technesche Spären, déi den Zougang zum Quai eréischt dann zouloossen, wann den Zuch scho steet. Esou technesch Moossname gëtt et zu London a verschiddene Metro-Statiounen. Einfach ass et awer net.

De Problem, esou de Mann vun den CFL, ass datt esou eng technesch Moossnam viraussetzt, datt zum engen ëmmer dee selwechten Zuch op ëmmer der selwechter Plaz unhale muss. Dat wier op der Gar zu Lëtzebuerg (och nom Ëmbau) an eigentlech allen normale Garen an Europa, schlicht net technesch uwennbar. D‘Zich gi manuell gesteiert an hunn hir Dieren net am gläichen Ofstand.

mat indymedia/fra/zrh

Foto: Eng schrecklech Dot, Motiv onbekannt. Zu Frankfurt hunn se den Affer geduecht © Ingo Sauer

Related topics Attack, Eritrea, Frankfurt, GAR, Schwäiz
Next post Previous post