Search

You may also like

Wunnengsnout an Immigratioun…
International Neiegkeeten

Wunnengsnout an Immigratioun…

D‘Entreprise Halycon Glesener Sàrl ass zanter Dezember 2018 am Besëtz

INFO: Ännerunge vum Busverkéier an der Stad duerch Chantier
International Neiegkeeten

INFO: Ännerunge vum Busverkéier an der Stad duerch Chantier

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publik doriwwer, datt duerch de Chantier

Eppes méi zesummeschaffe wier wënschenswäert
International Neiegkeeten

Eppes méi zesummeschaffe wier wënschenswäert

D‘Gewerkschaft vun den Lëtzebuerger Educateuren (SLEG) a fënnef weider Gewerkschafte

Brexit… nach zéng Deeg da sollt et iwwerstane sinn

Brexit… nach zéng Deeg da sollt et iwwerstane sinn

D‘Verhandlungen tëscht der EU an der brittescher Regierung iwwer d‘Bezéiung nom 31. Dezember ginn op dësem Méindeg weidergefouert. Et gëtt weider fir d‘Galerie agéiert, jiddereen ass ëm säin Ego besuergt an eigentlech versicht nach just all Säit déi domm aus der Wäsch kucken ze loossen.

Alt nees ass eng Frist verstrach ouni datt sech wierklech eppes gedoen hätt, am Kontext vum Post-Brexit Deal. Vu London heescht et lapidar: „Et bleift weider schwiereg“ an „et huet nach erhieflech Onstëmmegkeeten“. D‘Britte sinn awer gewëllt all Méiglechkeeten op de Leescht ze huelen, déi et kënnen esou ausgesi loossen, datt d‘EU-Kommissioun den Deal zum platze bruecht huet.

Vu Bréissel kënnt méi oder wéineger déiselwecht Stellungnam, woubäi do war een, bezunn op déi haiteg Verhandlungsronn, eppes manner enthusiastesch. Dat ass dem Fait geschëlt, datt déi droleg Britten es sech net midd ginn, dat onméiglecht ze fuerderen. Esou sollt Bréissel dach elo en Effort maachen, London entgéintkommen am déi onvernënfteg Fuerderungen endlech zeréckzéien.

Datt de Gesondheetsminister Matt Hancock, dee wuel gutt berode wier sech ëm seng Féiss, pardon säi mutéierte Covid19-Virus (VUI2020/12/01) ze këmmeren, allen Eeschtes op Sky News versicht ze erklären, datt et déi Europäesch Unioun d‘Resultat vum „Referendum!“ net géif respektéieren, kann een als Trappewitz vun der Geschicht klasséieren. Net D‘EU huet d‘Britte sengerzäit belunn.

Et gëtt héich Zäit

Schonn ee Samschdeg hat et aus der Downing Street geheescht, datt d‘Fuerderunge vun der EU net mat der Onofhängegkeet vun der Insel ze vereenbare sinn. Dat mécht jo awer schonn däitlech, datt den Austrëtt en „Haarde“ gëtt. De Boris Johnson an déi ganz „Leave EU“ Mafia haten ni wëlles dat Ganzt gesittet oflafen ze loossen, wëllen awer dat et „wéi en Accident!“ soll ausgesinn.

An emol ganz schlicht dovunner ofgesinn, datt Britten den Deal net wëllen, zäitlech kann et sech esou net méi opgoen. Woubäi een zu London an zu Bréissel vläicht unhëlt, datt d‘Memberlänner e méiglechen „Deal“ net duerch hir parlamentaresch Instanze joen, an alles wat hinnen zur Ënnerschrëft virgeluecht gëtt, blannemännches ënnerschreiwen. Hei zu Lëtzebuerg geet esou eppes.

Mee wéi ass dat mam EU-Parlament? Ma iergendwéi d‘selwecht wéi mat eiser Chamber. Et gëtt do eng Majoritéit déi decidéiert a souwisou géif keen d‘Zäit hunn, sech dee ganzen Text esou op d‘Long ze zéien, datt hie mat guddem Gewësse kéint behaapten „en connaissance de cause“ iwwert dësen „Deal“ ofgestëmmt ze hunn. Jo dat wäert de Jean Asselborn net gären héieren, ass awer esou.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © John Cameron / unsplash

Related topics Brexit, EU-Kommissioun, Groussbritannien, Leave EU, Matt Hancock, No Deal
Next post Previous post