Search

You may also like

Expovin statt Springbreak
International Neiegkeeten

Expovin statt Springbreak

Wie bei sengem Besuch op der Springbreak (14-17. Mäerz) no

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?
International Neiegkeeten

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Dës Thees stellen op mannst d’Piraten an engem Communiqué op.

Erstaunlech Erkenntnis an Australien
International Neiegkeeten

Erstaunlech Erkenntnis an Australien

Et gëtt Saachen déi eiseree fir dat normaalst vun der

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben eng leschte Kéier iert d‘Renovéierungsaarbechten an Ugrëff geholl ginn. Aarbechten déi véier Joer sollen daueren, wat awer bei ville Leit a Politiker kee Versteesdemech fënnt.

Esou sinn dann och d‘Awunner vu London opgeruff ginn, a grousser Zuel de Big Ben lauschteren ze kommen. Déi weltbekannte Klack (an hiren Tuerm) aus dem Palais vu Westminster, Sëtz vum britesche Parlament, soll fir 29 Milliounen englesch Pond (31,7 Milliounen Euro) renovéiert ginn.

Dëse viktorianeschen Tuerm vu 96 Meter ass mat Ofstand dat am meeschte fotograféiert Monument vu Groussbritannien. Datt den Tuerm de Numm dréit vun der Klack, déi ëmmerhin 13,7 Tonne schwéier ass, huet sech am laf vun der Zäit esou etabléiert.

D‘Klack gëtt also „ofgeschalt“ a schléit net méi fir all Stonn, esou wéi si et elo bal 158 Joer ouni Ënnerbriechung gemaach huet. Si gouf an hirer „Aarbecht“ vun engem Klackespill begleet, dat d‘Véierelsstonne betount huet. D‘Auer awer leeft weider. Si gëtt iwwert eng „Ersatzmechanik“ bedriwwen an et soll och ëmmer op mannst eent vun de véier Zifferblieder siichtbar sinn.

Geet natierlech net ouni Kregéils

Op et just ass fir op sech opmierksam ze maachen ass net gewosst. Wat awer sécher ass, et gëtt Politiker, an dat bis an d‘Spëtzt vun der Regierung, déi natierlech hei eng gutt Geleeënheet fonnt hunn, fir ze kregéilen. Si sinn wéi et schéint „schockéiert“ Big Ben net méi dierfen ze héieren, an dat bis 2021. Déi faméis „Bongs“ déi „live“ verschidden Emissioune vun der BBC alauden.

Fir de Brexit-Minister David Davis ass dat ganzt eng verréckt Mesure. E geckege Schantje fir de konservative James Gray. An der Press huet de gläichfalls konservativen Nicolas Soames (Enkel vum Winston Churchill) sech opgefouert: „Sot den aarme Klengen se sollen en Helm undoen“, an Allusioun un d‘Aarbechter déi vun den 118 Db, déi Big Ben vun sech gëtt, méi wéi nëmmen de Kapp wéi kéinte kréien.

Natierlech muss och d‘Premierministesch Theresa May intervenéieren. „Et ass net vernënfteg, datt Big Ben fir véier Joer zum Silenz gezwonge gëtt“, esou d‘Regierungscheffin bei der politescher Rentrée leschte Mëttwoch. Si huet ganz am Eescht, vun de Verantwortleche vum „House of Commons“ verlaangt, sech dréngend de Kalenner vun den Aarbechten nach emol unzekucken.

De Firspriecher vum Brexit ass selbstverständlech dem Big Ben seng Klangpaus onerdréiglech. Dat d‘Klack net fir d‘Sortie aus der EU sollt kënnen erkléngen, „Shoking!“. De konservative Peter Bone ass „not amused“ a beklot sech am Daily Mail: „Et wier scho komesch wann um Mëtternuecht, deen Dag, Big Ben net géif schloen. Et ass d‘Häerz vun eiser Natioun“.

Jo wat dann elo?

Géinteniwwer all dëse Reaktiounen huet d‘Parlament an engem Communiqué matgedeelt, datt d‘Renovéierung kéint gestoppt ginn. Dat obschonns et 2015 d‘Aarbechte gestëmmt hat, an déi och scheinbar néideg sinn. Elo behaapte verschidden Deputéiert, datt si net iwwert d‘Dauer vun den Aarbechten informéiert gi wieren.

„Ugesicht der Opreegung déi vu verschidden Deputéierten ausgedréckt gëtt, wäert d‘“House of Commons“ eng nei Bewäertung vun der Dauer vun den Aarbechten, während deenen d‘Klack net schloen dierf, virhuelen“, esou d‘Parlament. Eng Entscheedung déi dann am September bei der parlamentarescher Rentrée getraff misst ginn. „D‘Schléi vum Big Ben sinn ontrennbar vum parlamentaresche Liewen, a mir versécheren, datt si hirem Rôle als Wiechter vun der Zäit an der Natioun, esou schnell wéi méiglech nees nokommen“, preziséiert d‘Parlament.

Zeréckgewise gouf allerdéngs de Virschlag, Big Ben während den Aarbechtspausen téinen ze loossen. Et brauch ëmmerhin en hallwen Dag fir d‘Klack un an aus ze maachen. Laut engem Sondage vum Institut „YouGov“ deen e Samschdeg vun „Press Association“ genannt ginn ass, sinn awer nach 44% vun de Briten averstanen, datt Big Ben während den Aarbechten „roueg“ ass. Fir besonnesch Geleeënheete kéint ee jo ugemaach ginn.

mam Martine Pauwels/AFP

Next post Previous post