Search

You may also like

Präisiwwerreechung vum „Bénévole sportif 2018“
Neiegkeeten

Präisiwwerreechung vum „Bénévole sportif 2018“

Vergaangene Mëttwoch huet de Sportminister Dan Kersch, zesumme mam President

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!
Neiegkeeten

ClimateXchange – Kloer Fuerderungen, Iddien a Proposen vun der CNEL!

Nom Klimastreik vum 15. Mäerz, bei deem 15.000 Schüler op

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck
Neiegkeeten

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck

Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse

Keen Home-Schooling no der Fuesvakanz

Keen Home-Schooling no der Fuesvakanz

Wärend sech bei eisen däitsche wéi franséischen Nopere gehéiereg de Kapp doriwwer zerbrach gëtt, wéi een sech a Punkto Educatioun a Verbindung mat der Fuesvakanz soll entscheeden, si bei eis am Land d‘Wierfel gefall: No der Fuesvakanz heescht et nees an d‘Schoul goen… (…ausser se wier aus engem besonnesche Grond zou)

D‘Schoulvakanz iwwert d‘Fuesent leeft vum 13. bis den 21. Februar, mee déi aus dem Secondaire (ausgeholl d‘Premièresklassen) hu schonn de 5. Februar „Paus“. Dat ass dem Fait geschëlt, datt et déi sougenannt Sëtzunge vum Conseil de Classe brauch. Et heescht säitens dem Ministère, datt no der Entdeckung vun enger Infektiounskette massiv getest gouf. Hei gouf och e Fall opgedeckt, wou déi britesch Variant erwëscht hat. Alles an allem awer waren et nëmmen zwee Fäll, firwat keng weider Moossnamen noutwenneg sinn.

Wann et richteg ass, datt d‘Verwaltungen net vu verschäerfte Mesure schwätzen, esou stellen sech awer d‘Enseignanten ee Rei Froen. Esou beispillsweis, op no der Fuesvakanz an de Lycéeën nees den alternative Schoulbesuch (A & B Klassen) weidergefouert gëtt. Bis op d‘Ofschlossklasse gi jo all déi aner ofwiesselend an de Präsenzunterrecht. Well dat elo keng Urgence ass, soll déi aner Woch, no engem weideren „Treffen“ eng Entscheedung geholl ginn.

Bedauerlech hei alt nees, datt a kenger Hisiicht dee reklaméierten Dialog schéngt berécksiichtegt ze ginn. Et gouf awer „Besserung“ versprach. D‘Zäite sinn a bleiwe chaotesch komplizéiert, woubäi ee scho frou wier, wann d‘Kommunikatioun „Verständlech“ géif ginn…

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Enseignement, Fuesvakanz, Home-Schooling, Schoul
Next post Previous post