Search

You may also like

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men
International Meenung Neiegkeeten

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men

Netflix and chill – dëse Sproch ass wuel jidderengem bekannt.

Guardian bleift zu Lëtzebuerg
International Meenung Neiegkeeten

Guardian bleift zu Lëtzebuerg

Gutt Nouvellen huet et den Ament net am Iwwerfloss. Wéi

surprise
De John Oliver zerleet Impfgéigner
International Meenung Neiegkeeten

De John Oliver zerleet Impfgéigner

De John Oliver hëlt sech verschiddensten Themen an senger Last

No tierkescher Punktlandung (Kommentar)

Zu Ankara war d‘Ursula von der Leyen net op Zack, dat soll esou net méi virkommen

No tierkescher Punktlandung (Kommentar)

Nach ëmmer, ass de lamentabelen diplomatesche Feeltrëtt vun der europäescher Diplomatie beim Besuch an der Tierkei „Gespréich“ zu Bréissel. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel, wollten dem tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, déi lescht Woch nees eng verbessert Bezéiung mat der Unioun ubidden.

De Sultan, mindestens esou misogyn wéi latent islamesch radikaliséiert, ass allerdéngs der Usiicht, datt Fraen, Wiese vun enger dem Mann ënnerleeëner Spezies sinn. Als Déngschtmeedchen, Objet zur Frustbefriddegung an der biologescher Reproduktioun, sinn se vun himmlesche Kräfte geschafe ginn. Si hunn dem Mann ze déngen an net sech him gläich ze maachen. An da kënnt do d‘Uschi

Aus gutt informéierte Kreesser ass elo duerchgedrongen, datt sech déi siwefach Mamm a fréier däitsch Krichsministesch mam belschen Hobbit eng Aart „Debriefing“ gegënnt huet. D‘Ursula von der Leyen soll d‘Geleeënheet genotzt hunn, fir dem erkläerte Feminist a Fraeverstoer, Charles Michel verständlech gemaach ze hunn, datt si esou ee Beholl ni méi wäert zouloossen. Hei kuck…

Elo muss een dem EU-Rotspresident Charles Michel seng spréchwiertlech wéi wuel och biologesch bedéngte Kuerzsiichtegkeet net besonnesch betounen. Wou hätt hien als Mann dann och esou séier op eng sech verännerend politesch Situatioun astelle kënnen? Wéi ass et méiglech, datt et Mënschen huet, déi dovunner ausginn, datt et dem Charles Michel ginn ass ze mierken, wa Gefor dreet?

Dee war ëmmerhin emol Premierminister an engem Land datt erwisenermoosse besser ouni, wéi da mat enger Regierung eens geet. Do huet een dann och keng esou grouss Erfarung mam Protokoll vun diplomateschen Empfäng, besonnesch deen Deel wou d‘Ëffentlechkeetsaarbecht betrëfft a keng „Aussoe“ formuléiert ginn, déi vun de Medie mëssinterpretéiert kéinte ginn. War et en Accident?

Zimmlech sécher: „Nee!“. Wann et richteg ass, datt nëmmen ee Gescheiten sech domm stelle kann, esou huet den EU-Rotspresident dës Gläichung mat Bravour bestanen. Zudeem sollt kee mengen, datt sech EU-Rotspresident an EU-Kommissiounspresidentin mënschlech a politesch nostinn, nach geet ëm Politik, Muecht a perséinlech finanziell Interessen. An da gëtt nach eppes wéi Reegelen.

Gemengt ass domadder de „Protokoll“ oder déi „protokollaresch Reegelen“. An déi sinn nawell interessant, well doranner heescht et zimlech onbestreitbar; datt d‘EU-Kommissiounspresidentin entspriechend der europäescher „Ranglëscht“ ënnert dem EU-Rotspresident gefouert gëtt, an esou de Charles Michel och ëmmer dat éischt Wuert huet. Dat woussten d‘Tierke gescheit ze notzen.

Et huet natierlech gutt Grënn, firwat sech trotzdeem drop behaapt gëtt, datt de Sultan ee Macho an e selbstherrlecht Aarschlach ass. Trotzdeem geet dës blamabel bis diplomatesch desastréis Aktioun voll a ganz op de Konto vun der europäescher Polit-Elit. Et Streckt een engem Autokrat dee vum neien osmanesche Räich mat islamistescher Ausriichtung dreemt net d‘Hand aus. Ni, never ever…

mat indymedia/bru/tlv

Illustratioun: © Alvaro Serrano / unsplash

Related topics Charles Michel, Europäesch Unioun, protokollaresch Reegelen, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post