Search

You may also like

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn
International Meenung Neiegkeeten Stories

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn

Dräi wichteg Punkte fir den SC Beetebuerg an eng moralesch

Telefonie: Mat der 5G an d‘Zukunft?
International Meenung Neiegkeeten Stories

Telefonie: Mat der 5G an d‘Zukunft?

D‘Entwécklung vun de Kommunikatiounstechnologie mécht säi Wee. Nodeems sech am

Feier zu Iechternach – Schlëmmeres konnt verhënnert ginn!
International Meenung Neiegkeeten Stories

Feier zu Iechternach – Schlëmmeres konnt verhënnert ginn!

Um 17:08 Auer gëschter Owend huet den 112 d’Noriicht vun

Nogekuckt: Net fir ze laachen och wann et lächerlech ass

Nogekuckt: Net fir ze laachen och wann et lächerlech ass

De Locataire vum Wäissen Haus ass e Rassist mat ausgepräägte misogynnen Zich, en onbeléierbaren Idiot a saugeféierlech. Gutt datt ass wuel nees net politesch „korrekt“ ausgedréckt, entsprécht awer den Tatsaachen. A wëll och keen anere wéi den Donald Trump selwer, eis Berichterstattung mat vill Nodrock bestätegt, hei nach emol 15 Zitater vun engem Dabo dee sech selwer als Messias gesäit…

Eigentlech, an ugesiichts ville „Géigestréimungen“, déi eisen Artikelen iwwer dem Donald Trump säi Beholl wéi och seng Politik entgéintgestallt ginn, sollt ee mengen, mir hätten et op de Mann ofgesinn. Séier gëtt eis eng sougenannt „lénksversiften“ Siicht ënnerstallt, An zuweilen och drop higewisen, datt d‘Medien an den USA, e weesentlech méi nuancéierten Toun géifen uschloen.

Aus dësem Grond erschéngt et eis Noutwenneg, sech 15 Zitater vum US-President eppes méi no unzekucken, an d‘Hoffnung ze schmidden, datt et eise Lieser eppes méi verständlech gëtt, firwat mir der Usiicht sinn, datt den Donald Trump zur leifhafteger Bedreeung fir dat eegent Vollek gëtt:

Zu Davos, beim Weltwirtschaftsforum (WEF) huet den Donald Trump am Interview mat CNBC behaapt: „Mir hunn et vëlleg ënner Kontroll. Et ass eng Persoun déi aus China kënnt a mir hunn et ënner Kontroll, Et wäert alles gutt ginn“. (22. Januar) D‘Fakten déi säitens de Geheimdéngschter virgeleeën hunn, waren allerdéngs éischter alarmant a vu Kontroll an dem Ament näischt ze gesinn.

Den 30. Januar huet d‘WHO d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 zur „gesondheetlecher Noutlag vun internationalem Ausmooss“ erkläert. De Milliardär huet de selwechten Dag bei enger Wahlkampfveranstaltung am Michigan gemengt: „Mir hunn an dësem Land den Ament ee ganz klenge Problem – fënnef. An all dës Mënschen erhuelen sech erfollegräich“. Wonnerbar…

Idiot

Ee vernënftege Message, opgegraff beim Trump sengem Besuch bei der Queen. © M.B.M / unsplash

Den 10. Februar dann, de Milliardär war op Besuch beim Haussender Fox-News, an huet hei am Interview kloer Ënnerstrach: „Dir wësst, datt et am Abrëll angeblech mam waarme Wieder stierft. An dat ass ee wonnerbaren Datum, op deen ee sech freeë kann“. A wann de President esou eppes seet, besteet jo eigentlech kee Grond, dat dann nach kritesch ze begleeden.

Um 26. Februar, Trump Pressebriefing zur Zuel vun den Infektiounsfäll an den Impfstoffer géint de Covid19: „Bei eis geet et erhieflech no ënnen, net no uewen“. A weider: „Et ass esou wei déi normal Gripp, géint déi mir Impfstoffer hunn. An am Prinzip wäerte mir dofir zimmlech séier eng Grippeimpfung kréien“. Dat war de Leit Sand an d‘Ae gestreet, ee Vaccin brauch Zäit.

Wéineg drop, de 6. Mäerz, huet hie sech als Virolog ervirgedoe, wéi hie sech zu Atlanta iwwert d‘Aarbecht vun den US-Gesondheetsinstitutiounen informéiert huet: „Ech léiwen dës Saachen. Ech verstinn et wierklech. D‘Leit sinn iwwerrascht, datt ech et verstinn. All d‘Dokteren hu gesot: ‚Wouhier wësst dir esouvill doriwwer?‘ Vläicht sinn ech een Naturtalent. Vläicht hätt ech dat maache sollen, anstatt als President ze kandidéieren“. Jo iwwert dës Ausso ass vill gelaacht ginn…

Dräi Deeg drop, den 9. Mäerz, dann op Twitter huet hien ënnert anerem och eis ugeschwat: „Déi Fake-News Medien an hir Partner, déi demokratesch Partei, maachen alles an hirer halbweegs beträchtlecher Muecht (fréier war se méi grouss), fir d‘Corona-Lag méi staark unzeheizen, wéi d‘Fakten et hierginn“. Eng noutwenneg Desinformatioun am Kontext vum US-Wahlkampf?

Am Pressebriefing vum 15 Mäerz dann déi folgend Ausso: „Et ass een héichustiechende Virus. Ongleeflech. Mee mir hunn eng ongeheier Kontroll driwwer“. Vun Noutstand oder soss Mesure war zu dësem Ament nach näischt ze héieren. An Europa huet d‘Pandemie an der tëscht en Ausmooss ugeholl, dat een am Wäissen Haus bewosst ignoréiert huet. Dat war dann awer e Feeler.

Zwee, Deeg drop, de 17 Mäerz, eng ganz nei presidentiell Erkenntnis: „Ech hunn ëmmer gewosst, datt dat eng Pandemie ass. Ech hat d‘Gefill, datt et eng Pandemie ass, laang iert et als Pandemie bezeechent ginn ass“. An de sozialen Netzwierker gëtt eis zuweilen nach ëmmer ënnerstallt, mir géifen eis Berichterstattung virgeschriwwe kréien. Kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaf!

Idiot

Mat engem Mësstrauensvott war den Donald Trump net bäizekommen an et léisst sech och net behaapten, datt et elo besser géif ausgesinn. Woubäi méi schlecht, wier et wuel och net komm. © Kyle Ryan /unsplash

Enn Mäerz dann nees ee presidentiellen Tweet, elo ass de krich ausgebrach: „Mir wäerten dëse Krich gewannen. Wa mir de Sig erréngen, wäert mir méi staark a méi vereent si wéi jeemools“. (28. Mäerz) Zu dësem Ament huet sech d‘Lag schonn eppes zougespëtzt, Kritik huet sech och an anere Beräicher breet gemaach. De President mécht sech op d‘Sich no Feindbiller…

Am Pressebriefing vum 29. Mäerz dann eng als „sarkastesch“ ze bewäerten Ausso: „Wa mir et esou andämme kënnen (…), datt mir tëscht 100.000 an 200.000 Affer hunn, dann hu mir all zesummen ee gudde Job gemaach“. Dat kléngt no Massegriewer, net no Léisung. An awer erfreet sech den Donald Trump laut Sondagen, nach ëmmer iwwert den Zousproch vun de Massen.

Den éischten 1. Abrëll, dem Krichspresident seng Minn beim Pressebriefing war eescht, um Virdag goufen eng 190.000 Infektiounsfäll registréiert: „Dëse widderlechen, widderleche Virus. Dir gesitt, wéi schrecklech et ass, virun allem wann déi iech d‘Zuele vu gëschter ukuckt“. Heppela, dat huet net méi ganz esou zouversiichtlech geklongen, mee Moossname brauchen hir Zäit.

Um 3. Abrëll gouf de Rot un d‘Bevëlkerung, Stoffmasken – och wann se kaum Sécherheet bidden – erausginn. Datt een dësem gutt gemengte Rot net allzevill Bedeitung sollt umoossen, huet den US-President op en Neits am Pressebriefing ënnerstrach: „Dat ass fräiwëlleg (…) Ech muss mech derzou entscheet, et net ze maachen“. Wéi war dat nach emol, dat mam „gudde Beispill virgoen“?

De 7. Abrëll huet de Milliardär, nodeems et schonn zolidd Virwërf a Richtung China an Europa ginn huet, sengem Vollek en neie „Schëllege“ presentéiert. „D‘WHO huet et wierklech vermasselt“, esou den Donald Trump, dee sech drop behaapt, datt d‘Weltgesondheetsorganisatioun de verlängerten aarm vun der chinesescher Regierung ass, an elo keng Contributioun méi vun den USA kréie soll.

Dat lescht Zitat bezitt sech nees op den Interview am Haussender Fox-News, wou de Moderator den Donald Trump zu méigleche Lackerunge vun de Moossname gefrot huet. Dozou de Krichspresident mat enger däitlecher Äntwert: „Ech géif am léifste mat engem grousse Knall opmaachen, ee schéint Land an einfach opmaachen“. Am gläichen Ament goufen zu New York déi éischt Massegriewer ugeluecht, well kee méi weess wouhinner mat de Läichen…

Esouvill un d‘Adress vun alle deenen déi der Usiicht sinn, datt mir, also d‘Medien et sinn, déi nees d‘Fakte verdréinen, absichtlech falsch dem US-President seng Aussoe géifen interpretéieren. Gutt, och mat der Duerstellung vun den Aussoen, déi den Donald Trump gemaach huet an nach wäert maachen, kann ee seng Fans kaum iwwerzeegen, mee d‘Fakten an de President bestätegen eis…

mam Laure Schlesser (Recherche)

Bildmontage: © Visuals / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Krichspresident, Wuhan-Virus, Zitater
Next post Previous post