Search

You may also like

Am Schleidergang
Neiegkeeten

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

Den CR174 tëscht Héiseng an Déifferdeng ass nees op
Neiegkeeten

Den CR174 tëscht Héiseng an Déifferdeng ass nees op

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt d’Strooss CR174 tëscht Héiseng (Hussigny) an

Bam vum Joer 2020: Elo gëtt déi Falsch Akazie gefeiert, oder och net
Neiegkeeten

Bam vum Joer 2020: Elo gëtt déi Falsch Akazie gefeiert, oder och net

Déi Falsch Akazie, oder och Robinia pseudoacacia – se mécht

Nohalteg Finanzstrategie: Weder konkret Ziler a Moossnamen, nach Zäitvirgaben

Nohalteg Finanzstrategie: Weder konkret Ziler a Moossnamen, nach Zäitvirgaben

Gëschter huet d’Regierung seng Strategie zu den nohaltege Finanzen presentéiert. An dësem Kader huet Greenpeace Lëtzebuerg eis Politiker an d’Finanzacteuren dozou opgefuerdert, d’Investitioune vum nationale Finanzsecteur mat den Ziler vum Paräisser Klimaofkommes an Eeklang ze bréngen. Generell begréisst d’Organisatioun d’Konzept jo, an awer fäerte si, dass dës Strategie zum Scheitere veruerteelt ass, wann een dës net mam Klimaofkommes iwwerenee stëmmt.

Scho bei der ëffentlecher Consultatioun Enn 2020 hat Greenpeace d’Regierung drop higewisen, dass si sech bei hirem Entworf virun allem op nohalteg Finanzproduite konzentréiert hunn, obwuel dëst just e klengen Deel vun den zu Lëtzebuerg getätegten Aktivitéiten ausmécht. Dës weideren ass net genuch Konsequenz bewise ginn: Et gi weder kloer Ziler, nach konkret Moossnamen oder Zäitvirgaben opgelëscht.

Och wann d’Associatioun of the Luxembourg Fund Industry (ALFI) hei géigenargumentéiert huet, dass de Klimaschutzproblem nëmmen op globalem Niveau geléist ka ginn, an de Wee zu enger klimaneutraler a -resilienter Wirtschaft sech an d’Längt zitt, weist Greenpeace op d’Drénglechkeet hin: „Mir hu just nach ëm 10 Joer Zäit, fir ee katastrophale Klimawandel ze verhënneren. D’Lëtzebuerger Investmentfongindustrie, déi zweetgréisst vun der Welt, muss sech dëser Erausfuerderung stellen. Lëtzebuerg kéint esou ee globale Beitrag zum Klimaschutz leeschten“, erkläert d’Martina Holbach, Klima- a Finanzcampaignerin bei Greenpeace Lëtzebuerg.

E weidere Risiko besteet am prognostizéierte Wäertverloscht. D’Nofro vum Maart no kuelestoffintensiven Anlagen geet zeréck. Ignoréiere Finanzacteuren dësen Trend, erleide si an Zukunft finanziell Verloschter.

D’Ëmweltschutzorganisatioun erwaart sech vun der nationaler Strategie, dass dës Erausfuerderungen net einfach ignoréiert ginn. „Op global Léisungen ze waarden ass net just Zäitverschwendung am Kampf géint de Klimawandel. Et bedeit och, dass Lëtzebuerg d’Chance verpasse kéint, sech ee Konkurrenzvirdeel géigeniwwer anere Finanzmäert am Bezuch op klimagerecht Finanzléisungen ze verschafen“, erkläert d’Martine Holbach weider.

Opmaacherbild: © Callum Shaw / Unsplash

Related topics Association of the Luxembourg Fund Industry, Fongen, Greenpeace, Klimaschutz, Léisungen, National Finanzstrategie, Nohaltegkeet, Paräisser Klimaofkommes
Next post Previous post