Nohalteg Léisungen, déi iwwert d’Grenzen hinaus ginn

Fir bis 2030 dem Zil vum Nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) nozekommen an den Undeel vun erneierbaren Energien vun 11% op 25% ze steigeren, d’nohalteg Entwécklung generell ze fërderen an e Beitrag fir déi europäesch Klimaschutzziler ze leeschten, hëlt Lëtzebuerg elo un zwee grenziwwerschreidende Pilotprojeten deel.

An enger éischter Etapp hu sech den Energieminister Claude Turmes an de Wunnengsbauminister Henri Kox den Immobilieprojet „Elmen“ bei Capellen ugekuckt. Hei soll op 27 Hektar en neie Quartier mat 750 Wunnunitéiten entstoen, woubäi Innovatioun an Nohaltegkeet eng wichteg Roll spillen.

„D’Ökoduerf Elmen ass e Paradebeispill, wéi eng innovativ urban Planung nohalteg Liewensqualitéit fir d’Bewunner kreéiert – am Respekt vun Natur an Ëmwelt“, sou den Henri Kox. An dësem Kader huet de Minister Turmes dunn d’Opmierksamkeet op d’Interreg-Projete geleet.

Well et sech beim Ökoduerf ëm e Modell fir ressourcëschounend Wunnen a generatiounsiwwergräifend Zesummeliewen handelt, gëtt de Projet vu GReENEFF finanziell ënnerstëtzt. Wärend 375 Wunnengen op déi traditionell Aart a Weis gebaut ginn, bestinn déi 375 Eefamilljenhaiser komplett aus Holz.

Elmen
D’Ministeren Claude Turmes an Henri Kox waren op Besuch am Ökoduerf Elmen © MEA, DATer

Generell gouf de Projet esou geplangt, datt mat nohaltege Materialie gebaut gëtt, erneierbar Energien agesat an och déi douce Mobilitéit gefërdert gëtt. Hir Autoen dierfen d’Bewunner just op den zentrale Parkplazen ofstellen, sou datt genuch Plaz fir d’Zesummekomme bleift. All Wunnunitéiten entspriechen der Energieklass Near Zero Emission Buildin (NZEB). Nieft dem Wunnraum entstinn nach e Bürosgebai, e Supermarché, eng Crèche sou wéi eng Schoul, an e Kulturzenter.

Ganzer 17 Partner aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Däitschland lancéiere Projeten fir Öko-Quartieren a Sozialwunnengen a komme sou den Haaptziler vum Interreg-Projet GReENEFF no.

Virgestallt gouf awer nach e weidere Projet:Mat „PV Follows Function“ ginn integréiert Photovoltaiktechnologien op Gebaier a landwirtschaftleche Flächen an der Groussregioun agesat. Fir den Asaz vu Solaranlagen ze erhéijen, ginn dës Pannels op onkonventionelle Plazen installéiert, déi scho fir aner Funktioune genotzt ginn.

Souwuel am Bannen- a Bausseberäich sollen d’Solaranlagen agesat kënne ginn, beispillsweis horizontal oder vertikal u Fassaden an um Daach, u Gelänneren oder och op Wisen. Aktuell gëtt de Pilotprojet zu Beetebuerg um Terrain vun Neobuild SA getest. Nieft de fënnef Partner aus der Groussregioun, bedeelegt sech Lëtzebuerg iwwert säi Partner Maana Electric SA.

Dernières nouvelles