Search

You may also like

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert
Neiegkeeten

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert

Um Samschdeg huet de Groussherzog Henri un der feierlecher Erënnerungszeremonie

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!
Neiegkeeten

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!

Um Samschdeg Owend hunn d’Beaufort Knights bewisen, datt d’Gléck zeréck

Artikel 13: D’Tilly Metz an déi fräi Meenungsäusserung am Internet
Neiegkeeten

Artikel 13: D’Tilly Metz an déi fräi Meenungsäusserung am Internet

D’Majoritéit vun den Deputéierten huet sech géint de fräien Internet

Nohalteg liewen – All klenge Schrëtt ass wichteg

E puer Tipps

Nohalteg liewen – All klenge Schrëtt ass wichteg

Wéi kann een eigentlech nohalteg liewen? Ma mir hunn et selwer an der Hand – an dat andeems mir ufänken eisen Alldag an alle Beräicher méi ëmweltfrëndlech ze gestalten. Dobäi geet et net dorëm direkt perfekt ze handelen, all kleng Etapp ass wichteg. E Schratt nom aneren ass hei de richtege Wee.

Den Akaf

Näischt mécht méi Knascht wéi akafen ze goen. Et keeft e méi wéi e brauch a villes gëtt nees ewech gehäit, dorënner och iwwerflësseg Plastiksverpackungen. Sech geziilt Gedanken iwwert den Akaf ze maachen an eng Lëscht ze erstellen, wat an de Käddi soll, ass e gudden Ufank. Benotzt déi praktesch Uebst- a Geméisnetzer fir lasse Wueren anzepaken – Si kann een ëmmer erëm asetzen.

Mëllech a Jughurt am Glas, dréche Wuere fir selwer ofzefëllen an Artikelen déi just am Kartong agepaakt sinn, reduzéiere weidere Plastik. Do kann eng Visitt um Maart e richteg flott Erliefnis ginn. Liewensmëttel aus der Regioun ze kafen, mécht e klengen awer feinen Ënnerscheed.

Am Buedzëmmer

Vu festem Shampoo an Duschgel, iwwert de Raséierhobel, hin zu stoffen Ofschminkpads gëtt d’Offer ëmmer méi grouss. Hëlzen Zänn- an Hoerbiischte kann een zum Groussdeel kompostéieren, eng Menstruatiounstaass ëm 10 Joer benotzen a Rezepter fir den eegenen Deo am Glas ze kreéieren, ginn et mëttlerweil wéi Sand um Mier. Ma, denkt hei och drun, d’Waasser just da lafen ze loossen, wann et wierklech néideg ass.

An der Kichen

Manner, respektiv keng Kaffi-Kapsele ze benotzen, bedeit säin Deel dozou bäizedroen déi ronn 8.000 Tonnen Offall all Joer ze reduzéieren. Filterkaffi ass genee sou lecker, an souguer do ginn et mëttlerweil Filteren aus Metall, déi een einfach spulle kann, aplaz ëmmer erëm en Neien aus Pabeier ze benotzen. Eng weider Méiglechkeet ass et ganz Bounen ze kafen.

De praktesche Kichepabeier, Zerwéiten an Nuesschnappecher kënnen duerch Stoffdicher ersat ginn. Fir ze spulle ginn et hëlze Spullbiischten, bei deenen een de Kapp austausche kann oder och e Schwamm aus Kokosfaseren. Si bestinn aus kompostéierbaren an/oder recycléierbare Materialien.

Eng super flott Alternativ fir Äre Cocktail oder Café Glacé si gliesen oder metalle Schallimoen, déi et an alle Faarwen an Déckte gëtt. Dëppercher mat Deckel a Beiewuessdicher eegne sech perfekt, fir d’Plastikfolie anzespueren.

E weideren Tipp: Krunnewaasser drénken! Vergläicht et gäre mat Waasser aus de Plastiksfläschen, wat net nëmme vill méi deier ass, mee och fir grousst Leed op der Welt suergt. Eenzegaarteg, faarweg a flott designt Isoléierfläschen, Bidonen an aner Behälter, déi een ëmmer erëm opfëlle kann, versuergen Iech mat Waasser a gesinn och nach super aus.

Dobannen a ronderëm

Wäschmaschinnen a Spullmaschinne verbrauche vill Waasser. Eng gutt Iddi ass et also se wierklech eréischt lafen ze loossen, wann se voll sinn. Vun ekologesche Tabs bis zu Wäschmëttel ouni Mikroplastik, an dat am Kartong, lount et sech d’Verpakung emol méi genee duerchzeliesen, oder sech an Onverpakt-Butteker beroden ze loossen.

Wonnermëttel wéi Esseg an Natron si richteg Allzweckwaffen. An der Kombinatioun hëllefe si beispillsweis bei verstoppte Réier. Léisst een Zitrouneschuelen fir eng Zäit am Esseg zéien, ass dëst Mëttel perfekt fir ze botzen an ze desinfizéieren.

Hei nach en Tipp fir de Gaart: Eng frësch geméite Wiss gesäit schéin aus, mä andeems se net all Woch geméit gëtt, gëtt d’Villfalt vun der Natur gefërdert. Do wou méi Insekte sinn, sinn och méi Villercher. Iwwert Blummen am Gaart oder um Balcon freeë sech net nëmme Beien a Päiperleken, mee och dir selwer.

Mobil ënnerwee

Lëtzebuerg ass eng Auto-Natioun. Ma, mat den ëffentlechen Transportmëttele kënnt een och vun A op B. Et dauert heiansdo e bësse méi laang, erspuert engem awer de Stress eng Parkplaz ze sichen. Fir kuerz Strecke kann een ob de Vëlo zeréckgräifen. An de Virdeel? Et ass gesond.

Dëst si just e puer vu ville Beispiller, mee se maachen en Ënnerscheed.

Opmaacherbild: Freepik

Related topics Akaf, Beiewuessdicher, Biodiversitéit, Blummewiss, Buedzëmmer, Ëffentlechen Transport, feste Shampoo, Kichen, Krunnewaasser, Menstruatiounstaass, Nohalteg Liewen, Tipps, Vëlo, Zero Waste
Next post Previous post