Search

You may also like

Kréie mir déi Nordstad vun där ëmmer rieds ass?
Business Neiegkeeten

Kréie mir déi Nordstad vun där ëmmer rieds ass?

De 14. Februar hat d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Schäfferéit vun

De kuerze Sommet vu Stockholm
Business Neiegkeeten

De kuerze Sommet vu Stockholm

Um Sommet vu Stockholm, sollten sech Nordkorea an d‘USA no

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
Business Neiegkeeten

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

D’Raiffeisebank bitt nohalteg Visaskaart un

D’Raiffeisebank bitt nohalteg Visaskaart un

Am Kampf géint déi negativ Auswierkunge vun der globaler Erwiermung bitt d’Raiffeisebank nohalteg Visaskaarten un. Domat sinn si net nëmme fir Bankgeschäfter do, si wëllen och der Ëmwelt hëllefen. An dësem Kader ginn elo exklusiv Visaskaarten ugebueden, mat Dären Notzung Beem geplanzt kënne ginn.

D’Bank gesäit hier Aufgab net nëmmen doran hire Clienten héichwäerteg Finanzdéngschtleeschtungen ze bidden, si wëllen och d’Erwaardungen zum Klima- an Ëmweltschutz erfëllen. Dofir proposéiert d’Bank eng ganz Palett vu Produkter an Déngscht Leeschtungen, déi den ESG-Kriterien (Environment, Social & Governance) entspriechen. An esou ginn déi geplangten Zieler vun de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt.

Zënter dem Mäerz 2021 beweist eng Initiative, wéi d’Nohaltegkeet an hier Produkter ervirgehuewe ginn. Et ass riets vun den, schonn uewe genannten, nohaltege Visaskaarten. Domat kënne Cliente laangfristeg hire Beitrag zum Ëmweltschutz leeschten.

Wéi gëtt dat ëmgesat?

Fir all 200. Transaktioun déi vum Client mat senger Visa duerchgefouert gëtt, verpflicht d’Bank sech – an Zesummenaarbecht mat der Stëftung Hëllef fir d’Natur von natur&ëmwelt sou wéi der NGO Friendship Luxembourg, e Bam ze planzen.

D’Ziel ass op mannst 15.000 Beem pro Joer sollen a Lëtzebuerg a Bangladesch geplanzt ginn. Esou kann d’Raiffeisebank hiren ökologesche Beitrag leeschten, ouni déi global Problematik ze vernoléissegen Duerch dës Moossnam ginn och ökologesche Schiet eliminéiert, deen duerch Borkenkäfer verursaacht gëtt. D’Insekt ass fir vill Beemstierwe verantwortlech. A Bangladesch wäerte Mangroven geplanzt ginn. Dat huet Prioritéit.

Haaptsächlech soll duerch dësen nohaltege Projet, CO2 reduzéiert ginn an esou den negativen Auswierkunge vum Klimawandel weltwäit entgéint ze wierken.

Wosst Dir schonn datt …

Véier geplanzte Beem kompenséieren 80 kg CO2, dat entsprécht der Produktioun vun engem Smartphone. Woubäi 14 Beem schonn 340 kg CO2 entspriechen, dat entsprécht sou vill wéi e Joer Internetnotzung.

Déi nei Visaskaarte weisen een neit Design op, wat op d’Biodiversitéit uspillt – eng Blumm, eng Papageienfieder, eng Agave, oder e Päiperlekflillek.

Illustratioun: © Nathan Dumlao / unsplash

Related topics Beem planzen, Klimaschutz, Kreditkaarten, Nohaltegkeet, Raiffeisebank, Visa
Next post Previous post