Search

You may also like

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet
Kultur Neiegkeeten

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet

Bolivien wennt sech vu Venezuela of
Kultur Neiegkeeten

Bolivien wennt sech vu Venezuela of

Nom „Récktrëtt“ vum Evo Morales – géint deen den 18.

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Papp vum Max a Moritz verléisst eis fir ëmmer

De Wilhelm Busch, däitsche Moler, Lyriker an Auteur ass och

Nohaltegen Tourismus: Méi ewei eng Alternativ?

Aluedung fir d’Table ronde an der Nationalbibliothéik

Nohaltegen Tourismus: Méi ewei eng Alternativ?

Am 21. Joerhonnert ass d’Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d’Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d’Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d’Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d’Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden.

Och vum Massentourismus probéiert sech deen, deen hautdesdaags reest, ze distanzéieren. Individuell, moossgeschneidert Reese sinn am Trend, dat ass eppes, wat een net ignoréiere kann. D’Leit hunn den Drang, eng Aventure ze erliewen, wëllen nei Saachen ausprobéieren an hu Loscht, Plazen ze entdecken, déi virdrun nëmme wéineg Opmierksamkeet kruten.

Sief et fëschen an Alaska oder mat enger tibetanescher Famill an hirem traditionellen Doheem wunnen. Ma wat bedeit all dëst fir den Tourismus vun der Zukunft? Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?

Doriwwer schwätzen de 4. Februar an der Nationalbibliothéik de Minister fir Tourismus, Lex Delles, de Jorge Valente (diariesof), d’Françoise Bonert (Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Projet LEADER) an de Sebastian Reddeker (Luxembourg for Tourism). D’Moderatioun gëtt iwwerholl vum Nathalie Bender.

Wou: Bibliothèque nationale du Luxembourg (37D, avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg)
Wéini: Donneschdes, den 4. Februar 2021 um 19 Auer
Umeldung: Obligatoresch bis den 1. Februar 2021 op reservation@bnl.etat.lu.

COVID-19: Wéinst der aktueller Situatioun duerch COVID-19 kéint dës Veranstaltung kuerzfristeg verréckelt oder ofgesot ginn.

Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL)

Related topics Alternativ, BnL, Diskussioun, Klimawandel, Nationalbibliothéik, Nohaltegen Tourismus, Pandemie, Table Ronde
Next post Previous post