Search

You may also like

Weltgesondheetssommet zu Genève (Kommentar)
International Neiegkeeten

Weltgesondheetssommet zu Genève (Kommentar)

Et ass wierklech deen zanter zwee Joerzéngte wichtegste Weltgesondheetssommet, well

Stellt Iech vir, Dir erfréiert, wëll Dir net genuch ze iesse kritt
International Neiegkeeten

Stellt Iech vir, Dir erfréiert, wëll Dir net genuch ze iesse kritt

D’Wanterfidderung vu Vullen ass net nëmmen fir eis d’Méiglechkeet, dës

En Amerikaner zu Jerusalem
International Neiegkeeten

En Amerikaner zu Jerusalem

No Saudi-Arabien ass den Trump um Méindeg zu Jerusalem op

Nom Attentat vu Kabul

Wien a wat stécht hannert dem IS-Khorasan a firwat versichen si den Taliban ee Stréch duerch d‘Rechnung ze maachen?

Nom Attentat vu Kabul

Déi regional Variant vum Islamesche Staat am Irak a Syrien (ISIS) am Afghanistan gëtt als den „IS-Khorasan“ presentéiert. Dësen net manner radikalislamesche Grupp – am Verglach mat den Taliban – huet sech bekanntlech zum Uschlag virun den Diere vum Fluchhafen zu Kabul bekannt, bei deem op d‘mannst 13 US-Zaldoten ëmkomm sinn. Washington huet Vergeltung versprach…

Nei ass de Grupp Islamesche Staat Khorasan net. Bestoen deet dësen IS-Chapter säit 2015. Déi allermeescht Membere vun dëser Terror-Miliz kommen aus de Reie vun den Taliban. Et heescht, datt dës Ofweechler, déi vun den Taliban verfollegt „Politik“ als vill ze moderat erkannt hätten, firwat si sech eng Mouvement ugeschloss hunn, dee wesentlech méi kloer Ziler verfollege géif.

Den haaptsächlechen Aktiounsradius vun dëser Terrorgrupp ass nordëstlech vu Kabul geleeën a gouf massiivst vun de Besatzungstruppe gejot. Dat wuel net mam erhoffte Resultat, well wat d‘Amerikaner mat hire NATO-Partner méi Bommen ofgeworf, méi Killer-Dronen agesat hunn, et ëmmer méi Zoulaf fir den IS-Khorasan ginn huet. Si kéinte bis zu 3.500 Kämpfer opstellen.

Zur afghanescher Grupp gehéieren och Terroristen, déi mat ISIS am Irak an/oder Syrien gekämpft hunn. Ënnert hinnen huet et dann och Verbindungsleit, déi de Lien tëscht dem Commandement vun ISIS an eben dem Chapter IS-Khorasan assuréieren. Uerder un d‘Afghanen huet et awer wuel keng, den IS-Khorasan kann seng Operatiounen autonom gestalten. Bannent ISIS geet et ëm Ideologie.

Den Dram vum Kalifat

Entgéint de radikalislameschen Taliban, déi aus dem Land jo den Islameschen Emirat Afghanistan maache wëllen, wëll den IS ee Kalifat erriichten. Klengt wéi Speck a Schwéngefleesch, ass awer schonn en Ënnerscheet, och wa béid Gruppen sech zur sunnitescher Versioun vum friddlechen Islam bekennen. Et gëtt net méi „Fräiheete“ bei deem enge wéi deem aneren, wat also ass d‘Differenz?

D‘Taliban wëlle streng geholl just ee reliéis-radikale Staat fir d‘Paschtunen a behaapte vu sech, keng expansionistesch Ambitiounen ze hunn. Et muss awer drop higewise ginn, datt d‘Paschtunen net nëmmen am Afghanistan vill Regioune bevëlkeren, mee och am Pakistan verwuerzelt sinn. Ee Land dat Bereetschaft gewisen huet, wirtschafts- a sécherheetspolitesch mat en Taliban ze schaffen.

Experten – also „Think-Tank Orakel“ aus de Länner déi grad Afghanistan fluchtaarteg verloossen – stellen sech elo dohinner a behaapten, datt entgéint den Taliban, den IS-Khorasan eng wesentlech gréisser Bedreeung fir de Westen ass. Den Ament schéngt ISIS awer, déi eenzeg vun der Gottheet „Allah“ auserwielten Autoritéit fir Relioun, Legislatioun, Bildung a Wirtschaft ze sinn. Soen se…

No 20 Joer: näischt verstanen

Den Opstand vum IS-Khorasan, och wann deen doranner resultéiert huet, datt ee puer Dosen US-Zaldote a Matleedschaft gezu goufen, kënnt de flüchtende Besatzungsmuechte politesch geleeën. Dat wëll beispillsweis de Jean Asselborn zesumme mat den aneren Ausseminister, nach bis virum Attentat befiercht hunn, datt d‘Taliban ganz Afghanistan ënnert hir Kontroll brénge kéinten.

Asselborn a Konsorte wëlle jo partout d‘Victoire (och déi politesch) vun de Männer mat de laange Bäert net unerkennen, an den Islameschen Emirat Afghanistan vum Rescht vun der Welt isoléieren – also just der westlecher Welt, well China an d‘Noperen hunn aner Absichten – firwat et dësen elo geleeë kënnt, datt den IS-Khorasan nach méi Instabilitéit, wéi de West-Chaos an d‘Land bréngt.

Den Islamesche Staat, den eigentleche Géigner vun der Krichs-Allianz, déi sech ronderëm d‘USA versammelt hunn, ass fir déi schlecht Verléierer ob emol eng gelleg Opportunitéit, dat eegent versoen ze beschéinegen. Et sinn elo net méi Besatzungsmuechten, déi Verantwortung fir de Chaos am Land iwwerhuele mussen. D‘Sécherheet vun Afghanistan ass jo elo den Taliban hir Saach…

Wäerter nei definéieren

An tatsächlech kéinten d‘Taliban, sollten si net séier zu engen Accord mam IS-Khorasan kommen – och wann den Ament ausgeschloss schéngt, déi un enger Regierung ze bedeelegen – ee Problem mat anere „Gruppe“ kréien, déi och territorial Uspréch wéilte geltend maachen. De Chaos schéngt schonn deel vum Réckzuchsplang gewiescht ze sinn, och wann een dat net esou fréi erwaart hat.

Elo missten awer, bezunn op de stännegen Hiweis op d‘Wäertergemeinschaft, grad déi fréier Besatzungsmuechten esou eppes wéi Interessi un engem „politesch stabillen“ Afghanistan hunn, och wann de Präis d‘Fräiheet vun der afghanescher Bevëlkerung ass. Streng geholl missten elo d‘Krichskoalitiounspartner den Taliban ënnert d‘Äerm gräifen… mee gutt dat geet aus Grënn net.

Guer näischt maache kann dann awer nees derzou féieren, datt sech méi allgemeng den Islamesche Staat nees am Afghanistan nei opstelle kann. Och aner „Organisatioune“ wéi al-Quaida oder Daech profitéiere vun der aktueller Situatioun. Eng „Regierung“ fir Afghanistan ass esou net zäitno ze erwaarden, a wat sech dat méi verschleeft, wat nach méi Mënschen aus dem Land flüchte wäerten.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Schonn 2018 hat d‘Féierung vum Islamesche Staat am Irak a Syrien (ISIS) erkläert, datt Afghanistan/Khorasan soll zum Zentrum vum islamesche Staat gemaach ginn. Ob dat méiglech ass a wat d‘Taliban maache kënne fir dat ze verhënneren? D‘Zukunft wäert Äntwerte liwweren.

Related topics Afghanistan, Attentat, Chaos, IS-Khorasan, Kabul, Muechtwiessel, Taliban
Next post Previous post