Search

You may also like

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen
Neiegkeeten

Blummewise fir den urbane Raum: Projet zur ekologescher Opwäertung vu Gréngflächen

De Weltbiodiversitéitsrot huet a sengem Bericht vum Mee 2019 festgehalen,

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS
Neiegkeeten

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS

Um haitegen internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet hu mir

Wat ee Fest!
Neiegkeeten

Wat ee Fest!

Vun der Relève vun der Gard virum Palais, iwwert de

Nom Feier zu Dikrech stellen sech Froen

An der Nuecht vun ee Samschdeg op ee Sonndeg, ass déi al Brauerei zu Dikrech de Flamen zum Affer gefall

Nom Feier zu Dikrech stellen sech Froen

Wéi et derzou konnt kommen, datt déi al Brauerei an der Sauerstad ofgebrannt ass, dat kann zur Stonn nach net erkläert ginn. D‘Gebai stoung eidel, wier zimlech konsequent verbarrikadéiert ginn – nodeems ëmmer nees onerwënscht Gäscht do Halt gemaach hunn – a gouf vun enger privater Sécherheetsfirma bewaacht. Trotzdeem kann eng kriminell Handlung net ausgeschloss ginn.

Wat war geschitt? Ëm Mëtternuecht war de CGDIS alertéiert ginn, datt déi al Brauerei zu Dikrech géif a Brand stoen. Wéi d‘Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, huet déi ganz Struktur a Flame gestanen. Flamen déi héich an den Himmel gereecht hunn, a gedreet haten sech horizontal op aner Gebauer auszedeenen. Op zwou Fronten hunn d‘Pompjeeën de Brand mat héijem Asaz bekämpft.

Gutt 60 Pompjeeë waren op der Plaz. Deels si sougenannt Binome mat Otemschutz am Gebai selwer agesat ginn. Aacht „Lanzen“ hunn d‘Feier vu bausse bekämpft. Am Asaz ware fënnef CIS, den Operatiounszenter (CGO) an d‘Dronen-Ekipp vum techneschen Ënnerstëtzungsgrupp (GATO). Géint 2.30 Auer war d‘Feier ënner Kontroll. Et goufen Ekippen zur Brandwaach agedeelt.

Entsaten Awunner

Wann de Schued och immens ass, besonnesch aus historescher Siicht, esou muss begréisst ginn, datt kee Mënsch zu Schued komm ass. Trotzdeem hu sech um Sonndegmuere vill Awunner vun der Sauerstad mat eegenen Aen, d‘Ausmooss vum Schued ugekuckt. Ëmmerhi war dëst Gebai esou eppes wéi ee Worzeeche vun der Stad, déi dëst Joer 150 „Dikrecher Brauerei“ zelebréiert.

Op der Plaz nach ëmmer eng helle Wull u Pompjeeën, Schläich esou wäit d‘Ae kucke kënnen an ee vill beschäftegte CGDIS-Coordinateur. Et heescht elo op d‘Brandnäschter uecht ze doen, erkläert eis de Ben Baus vum CGDIS, d‘Missioun vun de Pompjeeën, déi dat ganzt Areal ofséchere mussen. Duerch d‘Feier kéint d‘Statik beréiert gi sinn, firwat mat äusserster Virsiicht muss geschafft ginn.

Vun den Dikrecher Leit déi an onmëttelbarer Noperschaft zur aler Brauerei wunnen, gëtt et Aussoen zu méiglechen Ursaachen. D‘Gebai steet wéi gesot zanter längerem Eidel, an et hätt „dobanne“ vill Dreck ginn. Zudeem hätten ëmmer nees Kanner do gespillt an zuweile sollen sech och Mënschen zäitweis hei opgehalen hunn. Dat géif erkläre firwat verbarrikadéiert ginn ass, net awer d‘Feier.

Accident oder Verbriechen?

Och fir de Buergermeeschter Claude Hagen (LSAP), deen nach an der Nuecht bei de Pompjeeë war, ass et eng Tragedie. An dat a villen Hisiichten: zum enge war dëst Gebai, datt och „Zockerfabrick“ genannt gouf „klasséiert“ a folgerichteg ee Stéck nationale Patrimoine. Zum anere sollten op dësem Standuert Lotissementer gebaut ginn. Den 150. Jubiläum vun der Brauerei net ze vergiessen.

Wärend sech Awunner a Medie Spekulatiounen zu de méiglechen Ursaache gënnen, mussen sech d‘Enquêteure un d‘Fakten halen. Also fir unzefänke mussen déi emol fonnt ginn, an dat rëselt een sech elo och net aus dem Äermel. Natierlech kann ee Verbriechen net ausgeschloss ginn, et wier awer vill ze fréi, nëmmen dës Pist ze privilegiéieren. An dat ass och d‘Missioun vun der Police.

Ouni ënnerstellen ze wëllen, datt d‘Feier ee kriminellen Ursprong huet, bitt d‘Police méiglech Zeien, déi „eppes Verdächteges“ um Site oder sengen Alentoure festgestallt hunn, sech um Kommissariat vun der Sauerstad, entweder per Email un police.diekichvianden@police.lu oder iwwer Telefon 244-801-000 ze mellen.

Foto: © CGDIS/gato

Related topics al Brauerei, CGDIS, Claude Hagen, Dikrech, Feier, Sauerstad, Zockerfabrick
Next post Previous post